D’Gemeng ass iwwert verschidden diffaméierend Graffitien um Gemengenterritoire informéiert. Dank de ville Meldunge vun eise Bierger∙innen, konnten déi betraffe Plaze séier ausgemaach ginn. Déi zoustänneg Servicer wäerten d’Graffitien esou séier wéi méiglech ewechmaachen, gläichzäiteg gëtt eng Plainte gemaach.
D’Gemeng Suessem condamnéiert all Akt vu Vandalismus a positionéiert sech kloer géint Haassried an Hetzt.
Posts By: sarah
Vandalismus op Gemengenterrain
Restriktioune beim Drénkwaasser
Wéinst der Hausse vun den Temperaturen ass de Waasserverbrauch an de leschte Wochen däitlech geklommen. Den Schwellewäert vun der « Phase orange », dee fir de Syndicat des eaux du Sud (SES) bei engem Gesamtdrénkwaasserverbrauch vun 63.000 m³ pro Dag festgeluecht ass, gouf en Dënschdeg, de 7. Juli, iwwerschratt.
Wéinst der aktueller Situatioun trieden direkt restriktiv Mesurë fir d’Notzung vum Drénkwaasser a Kraaft.
Besonnesch verbuede sinn:
– d’Wäsche vu Gefierer (ausser a professionelle Wäschanlagen);
– d’Botze vun Trottoiren, Garagen, Haff a Fassaden;
– d’Fëlle vu Waasser vu private Schwämmen, Opstellschwämmen a private Waasseranlagen;
– d’Notzung vun Héichdrockreiniger;
– d’Bedreiwe vu Sprangbueren, ausser wann dës an engem zouene Kreeslaf funktionéieren;
– d’Killen vu Liewensmëttel oder Gedrénks ënner lafendem Waasser;
– d’Bewässerung vu Wisen, Parkanlagen, Kierfechter, ausser beim neien Uplanzen.
Dës Mesurë gëllen net fir spezialiséiert Betriber, déi eng vun de betraffenen Aktivitéiten ausüben.
D’Net-Anhale vun dëse Bestëmmunge ka mat enger Geldstrof vu 25 bis 250 Euro bestrooft ginn.
Am Kader vun de Restriktioune bei der Waasserconsommatioun huet d’Gemeng hir Bewässerungspraktiken ugepasst. De Waasserwon gëtt ausschliisslech mat recycléiertem Schwämmewaasser gefëllt, an d’Notzung vun den Hydrante gëtt op dat strikt Noutwennegt limitéiert. Dës Moossnam erlaabt et, jonk Uplanzungen an déi wichtegst Gréngflächen ze erhalen an dobäi de Verbrauch vun Drénkwaasser esou niddreg wéi méiglech ze halen.
Vëlosummer an eiser Gemeng
De Vëlosummer geet an eng weider Ronn. Vum 18. Juli bis 16. August 2026 ginn d’Vëlosfuerer·innen nees agelueden, Lëtzebuerg mat senger touristescher Offer um Vëlo ze entdecken. Fir dës Editioun ginn et 14 Strecken ze entdecken, déi de Vëlosfuerer·inne virbehale sinn.
Mam Service „Move we carry“ kënne Vëlostourist·innen hiert Gepäck vun A op B transportéiere loossen. Weider Offere sinn d’Zertifizéierung „bed+bike” (dës Iwwernuechtungsméiglechkeeten offréieren e gratis zougespaarte Vëlosraum) an de Reseau „Rent a bike”, iwwert dee Vëlo gelount kënne ginn.
Interessant an eiser Gemeng ass den Tour „Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall“. Dësen Tour ass net op bestëmmten Deeg limitéiert, mee ass all Dag vum Vëlosummer accessibel.
Dëst Joer gëtt et am Kader vun der Vëlosummer Challenge an der VisitLuxembourgApp eppes ze gewannen. Jiddereen·t, deen·dat déi 14 Tier vum Vëlosummer packt, kann ee giele Vëlosummer-Trikot gewannen.
Hei kënnt dir d’Kaarte vun den Tier consultéieren.
Hëtztwell: Gratis Service fir déi vulnerabelst Persounen ze schützen
Well et och dëse Summer ëmmer nees zu staarken Hëtztwelle komme kann, gouf zu Lëtzebuerg e Betreiungssystem ageriicht, fir déi vulnerabelst Persounen ze ënnerstëtzen. Dëse Service gëtt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Direction de la santé an der COPAS ugebueden. E riicht sech u Persounen ab 75 Joer, déi eleng wunnen, nëmme begrenzt autonom sinn a keng Hëllef iwwer d’Fleegeversécherung kréien. D’Aschreiwung ass komplett gratis.
No der Aschreiwung mécht en Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem eng éischt Evaluatiounsvisitt. Am Fall vun enger Hëtztwarnung ginn zousätzlech Visitten organiséiert, fir no de Beneficiairen ze kucken an drop opzepassen, datt si genuch drénken an et hinne gutt geet. Persounen, déi fréier op dëse Suivi verzicht haten – zum Beispill well si reegelméisseg vun engem Familljemember besicht goufen – kënnen sech nees umellen, wann hir Situatioun sech geännert huet. Och Persounen, déi de Krittären entspriechen an nach net ageschriwwe sinn, sinn agelueden, sech unzemellen.
D’Aschreiwung geschitt beim Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwer d’Telefonsnummer 2755, vu méindes bis freides (ausser Feierdeeg) vun 8.00 bis 17.00 Auer, oder per E-Mail op canicule@croix-rouge.lu.
Méi Informatioune ginn et hei.
Aarbechten an der Escher Strooss zu Bieles
Virbereedungsaarbechte vun der Kräizung an der Escher Strooss zu Bieles am Kader vun der Verleeung vun enger Waasserleitung vum Chemin Rouge bis an de Quartier Belval-Nord.
Start vun den Aarbechten: En Donneschdeg, de 16. Juli 2026 um 8.00 Auer
Dauer vun den Aarbechten: Enn Juli 2026
Wärend der éischter Bauphas gëtt de Verkéier mat Hëllef vu roude Luuchte gereegelt. De Chemin Rouge ass fir de Verkéier aus Richtung Escher Strooss gespaart.
Wärend der zweeter Bauphas ass och d’Rue Robert Krieps op der Héicht vun der Escher Strooss fir de Verkéier gespaart. D’Ausfaart aus dem Quartier Belval-Nord an eng zweet Zoufaart bleiwen iwwer d’Rue Pir Kremer garantéiert.
Fir weider Informatioune kënnt dir iech un de Service Technique wenden, ënnert der Telefonsnummer 59 30 75 – 477 oder per E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu.


Sportskueren: GO Summer, GO Suessem
D’Gemeng Suessem lancéiert nei Sportskueren, un deenen dir wärend der ganzer Summervakanz deelhuele kënnt. An dat ass net alles: All d’Kuere vum 15. Juli bis 15. September si gratis an dir braucht iech net am Virfeld unzemellen – kommt einfach laanscht a maacht mat.
Participatioun:
Aus Sécherheetsgrënn kann d·e Moniteur·rice d’Participatioun limitéieren, wann déi maximal Zuel u Participanten erreecht ass.
Schlecht Wieder:
Bei schlechtem Wieder ginn d’Aktivitéiten, wa méiglech, dobannen organiséiert. Ass dat net méiglech, fale se aus.
Mannerjäreg:
Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer brauchen eng schrëftlech Autorisatioun vun engem Elterendeel oder Tuteur·rice. De Formulaire kann op suessem.lu erofgelueden ginn oder op der Plaz ënnerschriwwen.
Froen?
De Sportskoordinator steet iech gären zur Verfügung dan.gantrel@suessem.lu

Hei geet et bei d’Sportskueren: Go Summer, Go Summer
Hei geet et bei d’Autorisation parentale: Formulaire GSGS
Schüler∙innen op Besuch bei der Buergermeeschtesch
E Méindeg, den 29. Juni 2029 war d’Grondschoulklass Cycle 4.2 vum Scheierhaff an eiser Gemeng op Besuch, fir der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz Froen ze stellen. D’Klass vum Claudia Rosa hat eng Partie Froe preparéiert: Brauch een e Bachelor fir Buergermeeschtesch ze ginn? Wéi gesäit een typeschen Dag aus? Wéini geet et an d’Pensioun? A wat huet d’Buergermeeschtesch nach fir Ziler fir d’Zukunft? Dat a méi gouf am Schäff∙innerotssall diskutéiert. Donieft sinn de Schüler∙inne déi verschidde Servicer vun der Gemeng an de Gemengerotssall gewise ginn, fir dass si e breeden Abléck kréien, wéi esou eng Gemeng funktionéiert.
Fir d’Klass steet och nach ee Besuch an der Chambre de Deputés an am Palais un. Mir soen alle Schüler∙innen an hirer Enseignante ee grousse Merci fir hire Besuch an hiren Interessi.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli




















Am Déngscht vun der Gemeng
Den 12. Juni 2026 hat de Schäff∙innerot op déi traditionell Gëllen Auer invitéiert. An deem Kader ginn all déi Mataarbechterinne geéiert, déi schonn 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng stinn. D’Éierung gouf am Restaurant Il Ritrovo an der Gadderscheier ofgehalen. Follgend Leit konnten hir Gëllen Auer entgéint huelen:
– Bamberg Patrice
– Barros Esther
– Biot Nadine
– Block Marie-Rose
– Da Cunha Breda
– Hansen Carole
– Hilger Elisabeth
– Klein Cindy
– Kremer Alexandra
– Leyder Eric
– Morang Joël
Donieft goufen och déi Leit geéiert, déi an hir wuelverdéngte Pensioun ginn:
– Antunes Avelino
– Bernardy Maisy
– Blum Fernand
– Bruno Frangois
– Dicken Jos
– Domp Pascale
– Horsmans Roby
Mir soe jidderengem villmools Merci fir déi jorelaang gutt Aarbecht, op eng weider excellent Zesummenaarbecht an eng schéi Pensioun!
Foto: Gemeng Suessem / Cliff Schmit

Échange scolaire Chauffailles
Wärend der Woch vum 15. Juni 2026 gouf eng Klass vun der Pierre-Faure-Schoul vu Chauffailles an eis Gemeng am Kader vum Jumelage tëscht béide Gemenge begréisst. Dësen Echange huet de Schüler∙innen eng wonnerbar Geleeënheet gebueden, Lëtzebuerg duerch e variéierte Programm aus Visitten, Aktivitéiten a sozialer Interaktioun ze entdecken.
Si hunn am Home Luss Collini zu Suessem iwwernuecht. Um Programm stoungen ee Besuch vun den Héichuewen um Belval, eng Visitt vum Déierepark zu Esch, e Spadséiergang iwwert de Gaalgebierg a laanscht déi lëtzebuergesch-franséisch Grenz an een Ausfluch bis an d’Haaptstadt an och bei eis Noperen op Esch, fir méi iwwert béid Stied gewuer ze ginn. Déi Jonk goufe vun der Buergermeeschtesch vu Chauffailles, Stéphanie Dumoulin, dem Gemengerot a President vum Jumelage-Kommitee Jean-Cyrille Guyot a vum Member vum Kommitee Roland Labrosse begleet. Een Highlight an eiser Gemeng war d’Visitt vun der Schoul Bieles-Post en Donneschdeg. Dëse Rendez-vous huet dozou bäigedroen, de Lien tëscht béide Gemengen ze stäerken an de Schüler∙inne wéi Gemengevertrieder∙innen nei Perspektiven ze bidden.
D’Gemeng Suessem seet de Schäffe Steve Gierenz a Mike Lorang Merci fir d’Organisatioun vum Echange.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli















Fotoen: Mike Lorang








Lëtzebuerger Vëloskalenner: velo.lu
ProVelo an d’FSCL lancéiere velo.lu, ee gemeinsamen Online-Kalenner, an deem alles ze fannen ass, wat d’Vëloszeen zu Lëtzebuerg esou lieweg mécht. Vu Coursen, Vëlofueren als Hobby, bis hin zu Reparatur-Workshops, Filmvirféierungen a Vëlosmäert, bréngt d’Plattform all sportlech, kulturell a sozial Evenementer ronderëm de Vëlo op enger Plaz zesummen. D’Zil? Organisateuren an der Allgemengheet méi kloer a méi zougänglech Informatiounen ze bidden.
velo.lu erlaabt och Associatiounen, lokal Autoritéiten an Industriepartner, hir Evenementer direkt ze publizéieren. All Aktivitéit ka kategoriséiert ginn, a spéider kënnen d’Benotzer no hiren Interesse filtere (Mountainbike, Gravel, Fräizäitfaarten, asw.). E kollaboratiivt Instrument fir d’Vëloscommunautéit zu Lëtzebuerg besser ze vernetzen — an eng Invitatioun, matzemaachen an är eegen Evenementer derbäizesetzen.
Méi Informatioune ginn et hei.
Babysitterformatioun
D’Gemeng Suessem bitt dir eng praxis-orientéiert Formatioun, déi dir hëlleft mat denger Responsabilitéit als Babysitter ëmzegoen.
Wien?
Du bass tëscht 15 a 25 Joer al.
Du schwätz a verstees Lëtzebuergesch an Däitsch.
Wéini?
1. Formatioun 1: 14/07/2026 – 17/07/2026
2. Formatioun 2: 20/07/2026 – 23/07/2026
Wou?
Festsall an der Gemeng
60, Rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Participatioun: 50 EUR
Umeldung bis de 7. Juli 2026: Service à l’Égalité des chances et Diversité beim Annick Spellini: 59 30 75 – 654 oder service.secd@suessem.lu
Detailer zu den Horairen gëtt et hei: Horaire 2026
Concours Pimp my Bushaischen
D‘Gemeng Suessem organiséiert op en Neits de Concours Pimp my Bushaischen, eng Aktioun, déi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2016 lancéiert gouf. Wéi den Numm et scho seet, geet et drëms, de Bushaisercher e besonneschen Touch ze ginn. An dofir brauche mir iech an är Kreativitéit. D’Haisercher sollen nämlech vu Leit aus der Gemeng nei gestalt ginn.
Umelle kënnt dir äre Projet iwwert de Formulaire, deen hei verlinkt ass: Fiche d’inscription PMB. Dëse soll u follgend E-Mail-Adresse geschéckt ginn: mobilitéit@suessem.lu
Dir braucht Inspiratioun? Hei geet et bei d’Projete vum leschte Joer.
D’Projete kënne bis den 11. September 2026 agereecht ginn. D’Gewënner·inne gi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2026 ausgezeechent. Déi betraffe Leit kréien am Virfeld eng Invitatioun. D’Thema vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2026 ass „La mobilité pour tous“. An de Konschtwierker soll also beschtefalls dëse Sujet erëmerkenne sinn. Kuckt iech hei d’Fotoe vum Gewënnerowend vum leschte Joer un:






Engagement fir d’LGBTIQ+ Communautéit
De Pride Month geet vum 1. bis 30. Juni, an an deem Kader wëllt d’Gemeng Suessem un hiert Engagement fir Gläichheet, Respekt an Diversitéit erënneren. An deem Sënn gouf rezent eng weider Bänk an de Reeboufaarwen ugestrach, direkt nieft der Gemeng zu Bieles, als siichtbaart Zeeche vun Ënnerstëtzung an Toleranz géintiwwer der LGBTIQ+ Communautéit. Och wann et vläicht „just“ eng Bänk ass, wëlle mir domat weisen, dass jiddereen∙t d’Recht huet, esou ze sinn, ewéi een ass – a Fräiheet a virun allem a Sécherheet.
Zënter e puer Joer verfollegt d’Gemeng Suessem aktiv en inklusiven an engagéierten Usaz. Andeems mir eis 2021 als LGBTIQ+ Freedom Zone deklaréiert hunn, leene mir all Form vun Diskriminatioun opgrond vun der sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit oder dem Geschlechtsausdrock of. Dës Positioun gëtt vu konkrete Moossnamen ënnerstëtzt, déi d’Zil hunn, d’Bewosstsinn ze erhéijen, Informatiounen ze vermëttelen an eng méi gerecht a respektvoll Gesellschaft ze fërderen.
Den 29. Juni 2024 gouf d‘Matgesfeld zu Bieles als Safe Space fir jiddereen∙t ausgeruff. An zënter e puer Joer sinn zwee Foussgängeriwwergäng an der Rue Jean Anen an de Faarwe vum Reebou agefierft.
Wisou mer de Pride Month brauchen? Well et nach ëmmer net evident ass, dass jiddereen∙t esou ka sinn (a liewen), wéi ee wëll. Obwuel et um Pabeier esou ass, huet am Alldag net jiddereen∙t déi nämmlecht Rechter oder Unerkennung. An eiser Gemeng wëlle mer dozou bäidroen, dass sech dat ännert. Mir wëlle Visibilitéit an Dialog schafen, oppen a solidaresch mat deenen ze sinn, déi eis Ënnerstëtzung brauchen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli


Ausstellung vum Plantu bis den 21. Juni
Den 1. Juni huet d’Gemeng Suessem zesumme mat der Kulturkomissioun op de Vernissage vun der Rees-Expo vum franséische Karikaturist Plantu am Festsall op der Gemeng zu Bieles invitéiert. Den Owend vum Vernissage huet de Visiteuren d’Méiglechkeet ginn, eng Auswiel vu Wierker ze entdecken, déi de charakteristesche Stil vum Konschtler reflektéieren: engagéiert, schaarf a dacks mat Humor duerchzunn. Als Kritiker vun de aktuellen Evenementer bekannt, benotzt de Plantu d’Konscht als Instrument fir Reflexioun a Dialog a geet duerch eng visuell Sprooch, déi jidderengem zougänglech ass, op wichteg sozial Themen an.
D’Ausstellung bitt en Abléck a säi grafescht Universum souwéi säi laangjäregt Engagement fir sozial a politesch Themen. Säi Wierk, souwuel aktuell wéi och zougänglech, invitéiert zur Reflexioun, wärend et eng déifgräifend mënschlech Dimensioun behält. Ausgeléint vum Institut Pierre Werner bleiwen d’Wierker bis den 21. Juni am Festsall zu Bieles ausgestallt. Awunner·innen a Visiteurinnen, déi net um Vernissage konnten deelhuelen, si häerzlech invitéiert, dës Ausstellung an de kommende Wochen am Juni ze entdecken, dat zu den Ëffnungszäite vun der Gemeng.
Ouverture vu méindes bis freides:
08.00–11.30 an 13.30–16.30 Auer
Exceptionell Ouverture:
Dënschdes vu 07.15 Auer un
Mëttwochs bis 18.00 Auer
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit







Schottergäert: eng schlecht Iddi fir eist Klima
Schottergäert, Stenggäert oder sougenannt „Zen-Gäert“ hunn all eppes gemeinsam: Et ass ee Virgäertche mat wéineg oder guer kenger Vegetatioun. Wat op den éischte Bléck praktesch ausgesäit, huet awer negativ Konsequenze fir d’Ëmwelt an d’Liewensqualitéit, besonnesch am Summer. Fir e gesond Mikroklima ronderëm d’Haus si Planzen a gréng Flächen immens wichteg. Steng a Schotter späicheren d’Hëtzt vum Dag a ginn dës och nuets nees of. Doduerch bleift d’Ëmgéigend méi waarm, wat zur Iwwerhëtzung vun der Noperschaft bäidréit. Dat mécht et och méi schwéier, Haiser nuets ofzekillen. Dobäi kënnt, datt Schottergäert kaum Liewensraum fir Insekten oder aner Déiere bidden an d’Versickerung vum Reewaasser verschlechteren.
Wat kënnt Dir maachen?
De Schottergaart ersetzen ass ganz einfach a mir hëllefen iech dobäi. Dir fëllt e Big-Bag mat de Steng, mir komme se ofhuelen a ersetzen d’Material duerch gudde Buedem vum Minettkompost. Zousätzlech berode mir iech bei der Gestaltung vun ärem neie Virgäertchen. An dat Bescht: E Virgäertche mat Planze muss net vill Aarbecht maachen. Mat de richtege Planzen entsteet eng natierlech, schéin an nohalteg Léisung, déi d’Klima an d’Ëmgéigend verbessert.
De Projet leeft vu Mee 2026 un, interesséierter kënne sech beim Service Écologique via 59 30 75 – 508 oder per Mail service.ecologique@suessem.lu mellen.
Nopeschfest
D’Nopeschfest den 22. Mee 2026 ass eng schéi Geleeënheet, wou d’Leit aus dem ganze Land zesummekommen, fir d’Noperschaft, d’Zesummeliewen an déi gutt Stëmmung ze feieren. Et ass e Moment voller Freed, Austausch a schéine Renconteren, déi d’Bezéiungen tëscht den Awunner·innen an eiser Gemeng stäerkt.
All Mënsch ka beim Nopeschfest matmaachen. Et ass deen ideale Moment, är Noperschaft ze motivéieren, nei Leit kennen ze léieren a Verbindungen an ärer Communautéit opzebauen.
Wéi kënnt dir äert Nopeschfest organiséieren?
Sicht iech als éischt eng Plaz aus, wou dir iech kënnt zesummesetzen, a luet är Noperschaft op ee flotten Owend an. Fir iech dobäi ze ënnerstëtzen, gëtt iech am Kader vum Nopeschfest Kommunikatiounsmaterial zur Verfügung gestallt.
Wéi eng Plaz ass déi richteg?
Eng Plaz am Fräien ass ideal, zum Beispill e Gaart, eng gemeinsam Plaz an engem Haff oder e breeden Trottoir. D’Sécherheet vun alle Participant·innen steet am Mëttelpunkt, also bleift wannechgelift wäit ewech vum Stroosseverkéier. Wann dir en ëffentleche Raum benotze wëllt, denkt dru virdrun eng Geneemegung bei der Gemeng unzefroen.
Wéi eng Aktivitéite si passend?
Setzt op Ofwiesslung: Gesellschaftsspiller, Musek, Animatioun fir Kanner – suergt dofir, dass all Mënsch Spaass huet, onofhängeg vum Alter.
Fir all Froen oder zousätzlech Informatioune kënnt dir iech un de Service Sociétés wenden.
Fairtrade-Sensibiliséierungsaktiounen
Am Kader vun de Fairtrade-Woche vum 4. bis de 17. Mee 2026 setzt de Service écologique vun der Gemeng Suessem aktiv eng Campagne fir e méi gerechten, balancéierten an nohaltegen Handel ëm. Duerch eng Rëtsch Sensibiliséierungsaktiounen, déi op verschidde Plazen an der Gemeng organiséiert ginn, ginn d’Awunner∙inne invitéiert, de positiven Impakt vu Fairtrade-Produite souwuel fir d’Produzent∙inne wéi och fir d’Ëmwelt, ze entdecken. Dës Evenementer si frëndlech, informativ a fir jiddereen∙t zougänglech.
De Programm gesäit verschidde kleng Evenementer vir:
– De 6. Mee vun 8.30 bis 10.30 Auer, virun der Gemeng zu Bieles: Et gëtt eng Fairtrade-Kaffispaus ugebueden, mat fairem Kaffi a Croissanten.
– De 6. Mee vun 12.00 Auer bis 14.00 Auer, um Belval (nieft dem Fitnessstudio): e Sensibiliséierungsevent, wou gratis Fairtrade-Banannen ausgedeelt ginn.
– De 6. Mee vu 16.00 bis 17.00 Auer, op der Place de l’Indépendance zu Zolwer: Verdeelung vu Fairtrade-Schockela am Kader vun enger Informatiounscampagne.
– De 7. Mee 2026 vu 16.00 bis 17.00 Auer, virun der Schoul zu Éilereng: Sensibiliséierungsaktioun a Verdeelung vu Fairtrade-Schockela a Banannen.
– Den 13. Mee vu 16.00 bis 17.00 Auer, virum Centre polyvalent zu Suessem: Sensibiliséierung mat Verdeelung vu Fairtrade-Schockela a Banannen.
Dës Initiativen zielen drop of, de verantwortungsbewosste Konsum ze fërderen an d’Engagement fir fairen Handel ze stäerken. Andeems Fairtrade-Produkter ausgewielt ginn, ka jiddereen∙t dozou bäidroen, d’Liewensbedingunge vun de Produzenten ze verbesseren an nohalteg Landwirtschaftspraktiken z’ënnerstëtzen.
Neie lëtzebuergesche Pass
Am Kader vun den technesche Virbereedunge fir d’Aféierung vum neie lëtzebuergesche Pass gi kuerzzäiteg Ännerungen, wann dir op d’Gemeng en neie Pass wëllt maache kommen. Tëscht dem 8. an 10. Mee 2026 inclus ass dës Prozedur net méiglech. Falls dir schonn ee RDV op deenen Deeg hutt, muss dësen annuléiert a verréckelt ginn.
Déi éischt Demandë fir den neie Pass kënnen ab e Méindeg, den 11. Mee gemaach ginn.
Wat ännert sech mam neie Pass?
Gültegkeet no Alter:
– 2 Joer fir Kanner ënner 4 Joer
– 5 Joer fir Kanner vu 4 bis 18 Joer
– 10 Joer bei Erwuessener
D’Prozeduren an d’Käschte fir ee Pass bleiwen déi nämmlecht.
Campagne „Méi net am Mee”
Hëlleft de Beien, dass hire Liewensraum erhale bleift. Wie méi laang net méit, gëtt de Beien an anere Bestëbser eng Chance, d’Blummen ze bestëbsen, déi eis Ekosystemer um Liewen halen. Dat ass eng einfach Méiglechkeet, souwuel d’Beien wéi och d’Natur ze schützen. Wärend dëser Zäit befanne sech vill Wëllblummen a voller Bléi an dengen als wichteg Narungsquell fir d’Bestëbser.
E Buedem, dee geméit ass, bitt quasi keng Iessméiglechkeete fir Insekten. D’Méien zu dësem Zäitpunkt kann hire Liewensraum zerstéieren a sou hir Energiequell drastesch reduzéieren. Bonus: Domat schütze mir och eis villfälteg Flora a Fauna, déi vun der Déierewelt ofhängeg sinn.
An deem Sënn ruffen d’Naturschutzsyndikater SICONA a SIAS d’Leit dozou op, bei hirer Campagne „Méi net am Mee” matzemaachen. D’Spillreegele si ganz einfach: Am Mee gëtt net geméit. Dir kënnt natierlech och just en Deel vun ärem Wuess stoe loossen – Haaptsaach d’Bestëbser hunn eng Plaz, wou se hir Aarbecht maache kënnen.
Wie matmécht kann entweder Fotoe vum eegene Gaart maachen an dës op moien@sias.lu schécken oder d’Fotoen op de soziale Medie mam Hashtag #BlummefirBestëbser deelen, fir un engem Gewënnspill deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et hei: Internetsite fir d’Campagne „Méi net am Mee” oder hei : PDF-Poster mat weideren Infoen

Route barrée an der Rue Prince Jean zu Zolwer
Wéinst Aarbechte mat engem mobille Kran gëtt d’Rue Prince Jean zu Zolwer fir de Verkéier gespaart, dat op der Héicht vun der Schoul Zolwer-Zenter.
Start vun den Aarbechten: e Samschdeg, den 2. Mee 2026 um 07.00 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- 9 Stonnen (Ofschloss géint 16.00 Auer)
D’Zirkulatioun gëtt op der Héicht vun der Schoul Zolwer-Zenter ënnerbrach. D’Busse wäerten net iwwert d’Rue de Limpach – Rue de la Fontaine – Rue Prince Jean zu Zolwer fueren. Fir zousätzlech Informatiounen zum Reseau RGTR/TICE, kënnt dir de Site www.mobiliteit.lu consultéieren.
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.

Beschiedegt Holzbrécken op der Waassertrap
Heimat informéiert d’Gemeng Suessem, dass sech den Zoustand vun den dräi Holzbrécken, déi zu der Promenad op der Waassertrap féieren, staark verschlechtert huet.
D’Gemeng ass fir d’Sécherheet vun den Notzer·inne responsabel an huet dowéinst decidéiert, d’Brécken ze spären. Fir d’Remise en état an d’Sécherheet vun de Brécken ass de Proprietaire AGORA responsabel. D’Gemeng schafft aktuell mat AGORA zesummen, fir eng passend Léisung ze fannen.
Déi noutwenneg Prozedure sinn am Gaangen. Et kann aktuell awer leider net gesot ginn, wéini dës ulafe wäerten.
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
„Elements of AI Luxembourg“ – kënschtlech Intelligenz verstoen
D’Lëtzebuerger Regierung lancéiert „Elements of AI Luxembourg“, een nationale Programm, fir d’Allgemengheet iwwert d’Auswierkunge vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) op eisen Alldag an eis Beruffer ze informéieren. Dëse Projet ass Deel vun der nationaler KI-Strategie a gëtt vum Departement fir Medien, Connectivitéit a Digitalpolitik (SMC) an Zesummenaarbecht mam Digital Learning Hub koordinéiert (DLH). De Programm gëtt och vum IFEN, den Ausbildungsinstitut fir d’Léierpersonal a vum INAP ënnerstëtzt.
De Programm ass gratis a jiddereen∙t kann ouni gréisser Virkenntnesser deelhuelen. All Persoun, déi déi kënschtlech Intelligenz besser ze verstoen a léiere wëll, wéi se eis Gesellschaft transforméiert, ass wëllkomm. De Programm leeft vum 2. Mäerz bis den 22. Mee 2026. Ënner dem Slogan „Catch the TrAIn“ invitéiert d’Kommunikatiounscampagne jiddereen∙t dozou, um Projet deelzehuelen.
De Programm besteet aus dräi komplementare Komponenten:
– Basis-Training (op Englesch, zertifizéiert), eng Aféierung a sechs Kapitelen an d’Grondlage vun der kënschtlecher Intelligenz.
– Online-Coaching-Sessiounen (op Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch), interaktiv Sessioune fir d’Wëssen ze verdéiwen, Froen ze stellen a mat Expert∙innen ze diskutéieren.
– Talk Time, Mini-Konferenzen um Belval, déi sech op konkret Beispiller vun AI-Uwendungen a verschiddene professionelle Beräicher konzentréieren.
All praktesch Informatiounen an de Link fir sech unzemelle sinn op der Websäit vum Digital Learning Hub verfügbar. D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt all Awunner∙innen, dës Geleeënheet ze notzen, fir d’Welt vun der kënschtlecher Intelligenz ze entdecken, ee wichtege Beräich fir d’Fäegkeeten an d’Aarbechtsplaze vun der Zukunft.
GoGo Vëlo – mam Vëlo op de Mound
D’Editioun 2026 vu GoGo Vëlo ass den 13. Abrëll an eng nei Ronn gestart. Bis de 24. Mee kënnt dir deelhuelen an dozou bäidroen, dass Lëtzebuerg et um Vëlo zesumme bis op de Mound packt. Wéi kënnt dir matmaachen?
1) App Radbonus II eroflueden
2) Kilometer um Vëlo sammelen, egal ob dir domat op d’Aarbecht, an d’Schoul oder an de Sport fuert – all Kilometer zielt
3) Flott Präisser gewannen
Fir Schüler∙innen, Proffen, Ancienen oder Eltere vu Schüler∙inne gëtt et eng Challenge speziell fir all d’Lycéeën am Land D’Schoul op Plaz 1 gewënnt ee spezielle Präis.
Méi Infoen zu der Campagne a wéi dir matmaache kënnt, fannt dir hei.

Campagne „OfWaasser“ – Wat leeft ?
Lingetten an d’Toilett geheien? Dat maache vill Leit an et erschéngt op den éischte Bléck och net sou verkéiert. Lingette sammele sech awer an de Leitungen, verstoppen d’Pompelene a stéieren de Fonctionnement vun de Kläranlagen.
Dag fir Dag geheie mir Saachen an den Oflaf, déi näischt do ze sichen hunn. Eng Kéier ewechgeheit, denke mer dacks net méi drun, wat spéider domat geschitt. Dës Offäll kommen an d’Kanalisatioun, weider an eis Kläranlagen a kënne souguer bis an eis Drénkwaasser kommen. Wann een dee Wee driwwer nodenkt, gëtt engem réicht richteg bewosst, dass duerchaus wichteg ass, wate een an den Offall geheit. Mat der Campagne „Wat leeft?“ wëll d’ALUSEAU ASBL zesumme mat hire Partner weisen, wéi wichteg eng adequat Gestioun vum Ofwaasser ass, net nëmme fir eis Gesondheet, mee och fir eis Ëmwelt.
Méi zum Projet: Den 2. Mäerz 2026 gëtt déi national Informatiouns- a Sensibiliséierungskampagne „OfWaasser“ lancéiert. Dëst ass eng Campagne vun der ALUSEAU (Association luxembourgeoise des services d’eau), d’Associatioun déi d’ëffentlech Acteuren am Waassersecteur zu Lëtzebuerg, besonnesch d’Gemengen an d’Gemengesyndikater, zesummebréngt. Mat der Ënnerstëtzung vun den ëffentlechen Autoritéiten, an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, ass d’Zil vun der Campagne d’Ëffentlechkeet iwwer déi wichteg Roll vum Thema Ofwaasser beim Schutz vun der Ëmwelt an de Waasserressourcen ze informéieren an ze sensibiliséieren. D’Campagne gëtt vun de Membere vun der ALUSEAU (Beräich vun der Ofwaasserbehandlung) an dem Ëmweltministère (Fonds pour la protection de l’environnement) finanzéiert.
Mat der Campagne „Wat leeft“ invitéieren d’ALUSEAU an hir Partner d’ Bevëlkerung, sech ze informéieren, d’eege Gewunnechten ze hannerfroen an duerch gezillte Gesten am Alldag d’Ofwaasserinfrastruktur an d’Ëmwelt ze schützen.
Méi Informatiounen zu der Campagne ginn et hei.
Berodung zur asiatescher Runn
Déi asiatesch Runn ass zu Lëtzebuerg an domat och an eiser Gemeng present. An deem Kader wëlle mir iech doriwwer informéieren, dass mir all Awunner∙innen Ënnerstëtzung ubidden a bei Interessi berode kënne. Wann dir also bei iech een Nascht entdeckt oder soss Froen hutt, kënnt dir iech bei eisem Ëmweltbüro mellen.
Via Email: service.ecologique@suessem.lu
Via Telefon: 59 30 75 – 508
Méi Informatioune ginn et hei.
Stroossenaarbechten zu Zolwer
Den Tronçon tëscht den Haiser 174 bis 146 an der Rue de Differdange zu Zolwer gëtt frësch gemaach.
Dag vun den Aarbechten: en Dënschdeg, den 31. Mäerz 2026
Dauer vun den Aarbechten: tëscht 7.00 a 17.00 Auer, ofhängeg vun de Wiederkonditiounen
Den Accès zu de Wunnhaiser kann net assuréiert ginn. Falls néideg, sinn déi concernéiert Leit gebieden, hiren Auto viru 7.00 Auer baussent dem Chantier ofzestellen.
Laanscht de Chantier gëllt wären der gesamter Dauer vun den Aarbechten absolut Parkverbuet. D’Poubelle gi wéi gewinnt viru 7.00 Auer ofgeholl. D’Busse wäerten net méi duerch de Chantiersberäich fueren, eng speziell Deviatioun fir Bussen ass virgesinn. Detailer ginn op www.mobilitéit.lu.
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.

Nächst Etapp vun den Aarbechten zu Bieles
Am Kader vun den Aarbechten un engem Deel vun der Rue de la Poste an der Rue de l’Usine zu Bieles an der Kreatioun vun enger 30er-Zon virun der Schoul Bieles Post, steet déi nächst Etapp vum Chantier op der Kräizung Rue de France – Rue de la Poste zu Bieles un.
Start vun den Aarbechten: e Méindeg, den 30. Mäerz 2026 um 8.00 Auer
Ofschloss vun den Aarbechten: +/- e Samschdeg, de 4. Abrëll 2026
D’Kräizung Rue de France – Rue de la Poste gëtt fir de gesamte Verkéier gespaart.
Den eenzegen Accès mam Auto fir d’Awunnerinne vu Bieles, déi nordwestlech vun der Eisebunnslinn wunnen, geet iwwer d’Rue d’Oberkorn, d’Rue de la Gare an d’Rue Grande-Duchesse Charlotte.
Mir erënneren drun, dass d’Parken ausserhalb vun de markéierte Plaze verbueden ass, fir dass aner Gefierer ouni Probleem laanscht fuere kënnen.
Opgrond vum Layout vun der Rue Grande-Duchesse Charlotte an der Rue de la Gare an dem deeglechen Duerchgangsverkéier aus Frankräich, gëtt d’Rue de France op Héicht vun der Grenz (Hausnummer 164) fir de gesamte Verkéier gespaart. D’Rue du Stade ass a béid Richtungen op.
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.

Bourse fir Student∙innen a Frankräich
Les Amitiés françaises de la Commune de Sanem (AFCS) goufen 1965 gegrënnt a setze sech fir déi frëndschaftlech Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, deemools virun allem nom Zweete Weltkrich tëscht den Awunner∙innen vun der Gemeng Suessem an eiser Partnergemeng Chauffailles.
Nodeems déi däitsch Arméi den 10. Mee 1940 a Lëtzebuerg agefall ass, sinn d’Awunner∙innen vu Bieles a Richtung Frankräich geflücht. Si goufe mat oppenen Äerm zu Chauffailles begréisst a kruten een Daach iwwert dem Kapp offréiert.
Si ënnerstëtzen d’Studentinnen aus eiser Gemeng, déi a Frankräich studéieren. D’Bourse kann iwwert dëse Formulaire ugefrot ginn: Bourse
Méi zu les Amitiés françaises de la Commune de Sanem gëtt et hei: AFCS

Foto: Robert Ferres
Botzaktioun Baachen: 47 m3 gesammelten Offall
Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne vum Ëmweltministère, zesumme mat de Flosspartnerschafte vun der Uelzecht an der Kor goufe vum 23. Februar bis 9. Mäerz 2026 d’Ufere vun dësen zwee Flëss souwéi hir Nieweflëss gebotzt. Insgesamt waren 13 Gemenge mat dobäi, dorënner och d’Gemeng Suessem.
De Bilan vum Offall aus de Baache kann a puer Zuelen zesummegefaasst ginn:
– Gesammelten Offall: 47 m3
– Plastiksfläschen: 2.500
– Glasfläschen: 1.200
– Metallbechsen: 1.900
– Total: 5.600
Den opgeraaften Offall (47 m3) beleeft sech op 6.000 Kilogramm. Zesummefaassend heescht dat, dass op 78 Kilomeeter all 14 Meter entweder eng Fläsch oder eng Béchs fonnt ginn ass. Haaptsächlech si vill Plastik (inklusiv Lingetten), Kleeder, Schong, Textilien, Metall, Schrott, Holz, Miwweldeeler, Spillsaachen an Akafskierf (gefëllt mat Offall).
Méi Informatioune ginn et hei.
Vereinfacht äre Solar-Projet
De Principe vum Prefinanzement erlaabt et iech, är Solar-Installatioun ouni äre komplette Budget integral ze investéieren. Eng Partie vun der ëffentlecher Subventioun gëtt direkt vun der Facture ofgezunn, sou datt d’Zomm, déi zumSchluss vun den Aarbechten nach beglach muss ginn, manner wäert sinn.
Déi handwierklech Aarbecht gëtt duerch de Ministère de l’Économie rembourséiert. Dëse Mechanismus entlaascht souwuel déi initial Käschte wéi och d’Formalitéiten, well d’Installateurfirma sech ëm all administrativ Demande fir d’Finanzéierungshëllef këmmeren.
Fir wien ass dëst geduecht?
Dës Ënnerstëtzung ass fir Proprietären, déi op hirem Wunnhaus eng Photovoltaik installéiere wëllen. Dëst gëllt fir Installatioune mat oder ouni Heemspäicher, mat Ausnam vu renge Batteriespäicheren.
Just agreéiert Firmen aus dem offizielle Register vun de Prefinanzement-Installateure kënnen dëse Service ubidden. Beim Kontrakt ënnerschreift dir ee Mandat, sou datt den Handwierker de Prefinanzement an ärem Numm maache kann. Méi Infoe ginn et um Site vu Klima-Agence.
Formulaire fir de Subside Klimaschutz 2030.
Aarbechten an der Rue du Chemin de Fer zu Bieles
An der Rue du Chemin de Fer zu Bieles gi Beem ëmgehaen.
Start vun den Aarbechten: Mëttwoch, den 18. Februar 2026 um 08.30 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- 4 Stonnen
D’Rue du Chemin de Fer zu Bieles gëtt am Beräich vum Chantier a Richtung Bieles Zentrum fir de Verkéier gespaart. Eng Deviatioun geet iwwert d’Rue Jean Anen. D’Fuerbunn a Richtung Uewerkuer bleift wärend den Aarbechten op.
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
Ëmweltsensibilisatioun an der Schoul Roude Wee
Zesumme mat hiren Enseignanten, de Responsabele vum Service Écologique an der energieagence gouf den Engagement vu Schüler·innen aus de Klasse vum Cycle 4 vun der Schoul Roude Wee de 9. Februar 2026 geéiert. Si kruten am Kader vum Projet „Nachhaltigkeit macht Schule“ Diplomer iwwerreecht, well si d’Ziler vun der Ëmweltsensibiliséierung erfollegräich ëmgesat hunn.
Duerch Experimenter, Excursiounen, Quizzen a Rollespiller hunn d’Kanner verstanen, wat et heescht, ëmweltbewosst ze sinn. Si kruten Denkustéiss, fir hir eegent Handelen ze iwwerdenken a sinn opgekläert ginn, wéi si dat Wëssen, wat si sech ugëeegent hunn, a Realitéit ëmsetze kënnen. Insgesamt hu si 6 Modullen opgeschafft:
– Nohaltegkeetssensibiliséierung/Zäregaseffekt
– Energiequellen
– Richteg hëtzen/lëften
– Stroum spueren
– Ressource Waasser
– Pabeier
No der Theorie hu si dat Geléiert an der Praxis missten ëmsetzen: D’Schüler·innen hu selwer konnten testen, wéi si mat Miessapparater wéi Thermometer oder CO2-Apparater ëmginn a kruten déi jeeweileg Gadgete mat, fir an hire Klassesäll ze benotzen.
D’Initiativ ass een essenzielle Pilier am Klimaschutz op Gemengenniveau a gëtt bei der Bewäertung vum Klimapakt berécksiichtegt.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri










Rechnungen op MyGuichet
Zënter dem 6.Februar hunn d’Awunner∙innen aus der Gemeng Suessem d’Méiglechkeet, hir Gemengerechnungen direkt an hirem perséinleche MyGuichet-Espace ze kréien.
Fonctionnement
– Schnell Aktivéierung: Et geet duer, déi entspriechend Optioun an ärem MyGuichet ze aktivéieren an är Zoustëmmung ze ginn.
– Automatescht digitaalt Verschécken: Nom Validéiere ginn all zukünfteg Rechnungen am MyGuichet ofgeluecht, mat engem Dossier, deen iwwer fënnef Joer consultéieren ass.
– Zréck wiesselen ass ëmmer méiglech: Wa gewënscht, kann dës Astellung nees réckgängeg gemaach an d‘Rechnunge via Post verschéckt ginn.
Wat nach wichteg ass
– D’Matricule verbënnt de MyGuichet-Kont mam Dossier an der Gemeng; si muss also korrekt ausgefëllt ginn, fir de Service kënnen ze notzen.
– Dës Konfiguratioun gëllt fir all Gemengerechnungen vun der betraffener Persoun.
Detailer ginn et hei.
Eng Suessemer Delegatioun zu Nanzeg
Den Dënschdeg, 27. Januar 2026, war eng Delegatioun vun der Gemeng Suessem op Nanzeg ënnerwee, fir eng inspiréierend Entdeckungsrees ronderëm Kultur, Innovatioun an nohalteg Zesummenaarbecht tëscht de Stied ze maachen. D’Visitt huet um Site vum L’Octroi ugefaangen – engem fréiere Schluechthaus, dat haut als moderne Pol ganz am Zeeche vu Kreativitéit an Austausch steet. Ënner der Leedung vun der Directrice Angélique Gauvain krut d’Delegatioun en Abléck an d’Geschicht an d’Neigestaltung vum Site. Haut schaffen hei Kënschtler∙innen, Entrepreneuren a Veräiner Hand an Hand, fir nei Iddien an e kulturellt Liewen an d’Stad eranzebréngen.
Vun do aus goung et weider an den L’Autre Canal, en alternative Concertssall fir aktuell Musek zu Nanzeg, deen direkt nieft dem L’Octroi läit. Dës Plaz ass e wichtege kulturelle Melting Pot an der Regioun a weist, wéi Kultur, Kreatioun a Stadentwécklung erfollegräich zesummewierke kënnen. D’Ekipp vum Haus huet d’Gebailechkeeten, d’Proufraim an d’Programmatioun virgestallt.
Nom Mëttegiessen huet d’Delegatioun La Grande Épicerie Générale besicht, wou si vum Steven Royer, Koordinator vum Projet, empfaang gouf. Dëse kooperativen a partizipative Supermarché gëtt vu Bierger·inne selwer bedriwwen a setzt op nohalteg, regional a verantwortlech Consomatioun.
Dës Visitt, tëscht kultureller Inspiratioun a prakteschen Iddien aus dem Alldag, huet bei de Suessemer Vertrieder vill Denkustéiss hannerlooss a wäert sécher an de weidere Reflexioune fir zukünfteg Gemengeprojeten eng Roll spillen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit













Nächst Editioun vun der Trophée d’Alzette Belval
GECT Alzette Belval engagéiert sich och 2026 fir déi grenziwwerschreidend Communautéit um Niveau den Associatiounen a relancéiert an deem Sënn d’Trophée d’Alzette Belval. Déi éischt Editioun gouf iwwert de Summer 2025 organiséiert an deen éischte Projet gouf erausgesicht. Dir hutt eng Iddi a wëllt matmaachen? Dann hu mer gutt Noriichten, well vum 2. Februar 2026 ass den Appel à candidatures nees op.
Zil ass et, Projeten ze ënnerstëtzen, déi a Kollaboratioun vu franséischen a lëtzebuergeschen Associatiounen um Terrain Alzette Belval ëmgesat ginn. Insgesamt ginn dräi Projeten erausgepickt, déi jeeweils eng Dotatioun vun 1.000 Euro kréien, dat fir d’Zesummenaarbechten, den Austausch an d’Kreativitéit iwwert d’Grenzen eraus ze stäerken. D’Associatioune kënnen hir Kandidatur tëscht dem 2. Februar an 31. Mäerz 2026 stellen, d’Laureat·inne ginn am Summer publizéiert.
D’Gemeng Suessem rifft all aktiv Acteur·innen aus dem Associatiounsberäich häerzlech dozou op, sech un dësem Appel à projets ze bedeelegen an hir innovativ Iddien anzereechen, fir d’Verbindungen tëscht eise Gemengen a Regiounen ze stäerken. D’Participatiounsbedéngungen a wéi dir iech aschreiwe kënnt, fannt dir hei: Règlement et modalités de candidature
Liichtmëssdag
E Méindeg, den 2. Februar ass Liichtmëssdag zu Lëtzebuerg. An deem Kader gi vill Kanner mat hire Lampionen duerch eis Gemeng. Mir bieden d’Automobilist∙innen, wa si ënnerwee sinn, besonnesch opzepassen a sech un d’Vitesslimitatiounen ze halen. Den Eltere rode mir, d’Kanner hell a faarweg an hinnen, wa méiglech, eng Sécherheetswest unzedoen.
Méi Informatioune fannt dir um Site vun der Police Lëtzebuerg.
Roude Wee – Presentatioun vum neie Schoul- a Sportkomplex
De Freideg, 16. Januar 2026, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem d’Press op eng offiziell Presentatioun vum geplangte Bauprojet vum neie Schoul- a Sportskomplex um Chemin Rouge zu Bieles invitéiert. Bei dëser Geleeënheet waren och d’Architekten, déi fir de Projet zoustänneg sinn, d’Vertrieder·inne vun de Gemengeservicer an de Gemengerot selwer dobäi.
De geplangte Campus stellt e weidere wichtege Schrëtt am Masterplan Bildung 2035, esou wéi an der Entwécklung vum Quartier duer a reagéiert op de wuessende Besoin un edukativen a sportlechen Infrastrukturen. Wärend déi aktuell Schoul ronn 340 Schüler·innen zielt, wäert déi nei Ariichtung Plaz fir zousätzlech ongeféier 260 Kanner bidden, verdeelt op zéng modern, flexibel an hell Klassesäll. Den neie Komplex wäert och eng Sportshal, eng Schwämm fir de Schoulgebrauch an ee Sportsterrain am Fräien ëmfaassen, fir en optimale Kader fir Léieren a kierperlech Aktivitéiten ze schafen.




Copyright: STDM architectes urbanistes
Besonnesche Wäert gouf op eng harmonesch Integratioun an de bestoende Quartier geluecht. Déi meescht vun de Gebaier wäerte just zwee Stäck hunn, fir sech natierlech an d’Ëmgéigend anzepassen. Zousätzlech gëtt d’nohalteg Mobilitéit grouss geschriwwen : d’Zon an a ronderëm deen neie Campus soll haaptsächlech fir Foussgänger·innen a Vëlosfuerer gestalt ginn, an de motoriséierten Trafick gëtt duerch en „Shared Space“-Konzept staark reduzéiert.
Den Ufank vun de Bauaarbechten ass fir d’Joer 2027 virgesinn, an d’Fäerdegstellung gëtt tëscht 2029 an 2030 erwaart.










Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri
De Stammdësch
De leschte Stammdësch war vum Dënschdeg, 25. November bis e Samschdeg, 29. November 2025 am Café Theaterstiffchen beim Mimmchen. Déi ausgewielten Autor∙innen waren d’Aude-Laurence Biver, de Paul Mathieu an de Fábio Godinho.
Autor∙inne loosse sech a verschidde Gemengen néier fir d’Awunner∙innen bei engem gemittleche Stammdësch ze treffen. Bei engem Gedrénks an an engem méi labberen Echange deelt all Mënsch seng Erfarungen: Erënnerungen aus der Kandheet, Geschichten aus dem Beruffsliewen, Momenter aus dem Alldag oder kleng Anekdoten. Aus dëse Gespréicher schreiwen d’Autor∙innen kuerz dramatesch Texter, déi d’Essenz vun dëser Plaz an de Leit, déi do liewen, afänken. Dës Texter ginn duerno un eng∙ee Regisseur∙in weiderginn, fir eng Versioun mat Liesung fir Schauspiller∙inne virzebereeden. D’Presentatioun fënnt genau do statt, wou alles ugefaangen huet.
Le Gueuloir, e Kollektiv vu franséisch-lëtzebuergesch-belschen Autor∙innen, realiséiert dës Residenzen a lokale Caféen – liewege Raim, wou Geschichte sech bal vum Selwen erzielen an den Theater erëm dohinner zeréckfënnt, wou en hierkomm ass: bei d’Leit selwer.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri










Neijoerschpatt fir d’Gemengepersonal
Fir d’Joer 2026 am Zeeche vun Zesummenhalt a Wuelbefannen op der Aarbecht unzefänken, gouf e klengen Neijoerschpatt fir d’Personal vun der Gemeng organiséiert. An deem Kader hat de Schäff·innerot d’Personal an den Artikuss op Zolwer invitéiert.
De Schäff·innerot hat vun dëser Geleeënheet profitéiert, fir jidderengem fir den Asaz am Laf vum vergaangene Joer Merci ze soen an sech géigesäiteg vill Erfolleg fir dat neit Joer ze wënschen.
Ee gudde Moment, fir den Zesummenhalt an Teamgeescht ze stäerken an d’Joer 2026 an enger waarmer a positiver Ambiance unzefänken.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri






Asammlung vun de Chrëschtbeemercher
Am Januar steet déi traditionell Asammlung vun de Chrëschtbeemercher an de véier Uertschafte vun der Gemeng Suessem un.
Suessem: e Mëttwoch, de 7. Januar
Bieles: en Donneschdeg, den 8. Januar
Éilereng/Belval: e Freideg, den 9. Januar
Zolwer: e Méindeg, den 12. Januar
Leet äre Beemchen ouni Dekoratioun den Owend virdrun op den Trottoir. Nëmmen déi ouni Deko gi matgeholl.
Nächst Phas vu Chantier bei Schoul Bieles-Post
Wéinst dem Progrès vum Reamenagement op engem Deel vun der Rue de la Poste an der Rue de l’Usine zu Bieles am Kader vun der Ariichtung vun enger Tempo-30-Zone virun der Schoul Bieles-Post, geet de Chantier an déi nächst Phas.
Suite vun den Aarbechten: e Méindeg, den 12. Januar 2026 ab 09.00 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- Abrëll 2026
Tëscht der Rue des Alliés an der Maison sociale (Nr. 14, Rue de la Poste) gëtt eng Fuerspuer gespaart an dësen Tronçon als Sens-unique gereegelt. De Busarrêt Postschoul a Richtung Déifferdeng gëtt ausschliisslech vun der RGTR-Linn 642 souwéi dem Schoultransport ugefuer; ee provisoreschen Arrêt fir déi aner RGTR- an TICE-Linnen ass an der Rue du Stade virgesinn.
Den Accès zu de Commercen, Kierfechter a Parkplaze bleift garantéiert.
Bei Froe ka sech un de Service technique ënnert der Telefonsnummer 593075 – 477 oder via Mail u secretariat.technique@suessem.lu gewent ginn.

Entretiensaarbechten an der Rue de l’Usine
Vun e Méindeg, den 22. Dezember 2025 u mécht AirLiquide Entretiensaarbechten an eiser Gemeng. D’Aarbechte ginn an der Rue de l’Usine zu Bieles duerchgefouert. Well d’Leitung um Poste vun AirLiquide eidel gemaach gëtt, kann et zu engem Päife kommen, well dës Leitungen ënner Drock stinn. Obwuel d’Aarbechte just op dës Strooss begrenzt ginn, kann de Kaméidi am ganzen Duerf ze héiere sinn.
Ëmweltkalenner 2026
All Joer entwéckelt d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat talentéierten Illustrator·inne vu Lëtzebuerg en eenzegaartege Kalenner, dee Kreativitéit a Sensibiliséierung fir d’Ëmwelt matenee verbënnt. Fir 2026 dauche mir an en neit, essentiellt Thema an: d’Waasser – eis wäertvollst Ressource. Ënnert dem Titel H₂O Yeah setzt dës Editioun Waasser an all senge Facetten an de Virdergrond.
All Mount fokusséiert sech op een aneren Aspekt vun dësem Thema: de Schutz vum Drénkwaasser, d’Biodiversitéit, eng nohalteg Gestioun vum Reewaasser, manner Waasser verschwenden oder och de Schutz vun de Flëss an dem Grondwaasser. D‘Illustrator·inne hunn dës Themen an inspiréierend visuell Wierker verwandelt, déi jiddereen∙t dozou alueden, iwwer d’Wichtegkeet vum Waasser an eisem Alldag nozedenken – an doriwwer, wéi mir et kënne schützen, Drëps fir Drëps.
- Cover Art Work : Jeff Poitiers
- Januar: Lisa Junius
- Februar: Gilles Kutten
- Mäerz: Daphne Fu
- Abrëll: Jiyun Jeong
- Mee: Loïc Lusnia
- Juni: Patrick Hallé
- Juli: Sarah Mafféïs
- August: Lisa Goebel
- September: Lucile Matter
- Oktober: Charl Vinz
- November: Dirk Kesseler
- Dezember: Mik Muhlen
Hei geet et bei de Kalenner fir dat neit Joer: Ëmweltkalenner 2026







Klappjuegd den 2. Januar
E Samschdeg den 3. Januar 2026 ass eng Klappjuegd um Lous 591 (Bieles – Déifferdeng – Gaalgebierg) vun 10.00 bis 14.00 Auer.
Mir bieden iech, wärend deem Zäitraum net an de Bësch spadséieren ze goen. Op de genannte Plaze sinn entspriechend Schëlder opgestallt ginn, déi op d’Klappjuegd hiweisen.
Wann ee mam Auto ënnerwee ass, soll een an deene Géigenden, wou Juegten annoncéiert goufen, d’Vitess upassen an de Bord vun der Strooss am Bléck behalen, besonnesch do, wou entspriechend Panneauen op Wëldwiessel hiweisen. Kënnt et zu engem Zesummestouss mat engem Déier, soll een et net selwer upaken oder réckelen, mee direkt d’Police ruffen.
D’Klappjuegte ginn nach bis den 31. Januar 2026.
Weider Detailer ginn et um Site vum Geoportail.
Aschreiwung fir Éischt-Hëllef-Cours
Dir wëllt an der Lag si medezinesch Noutfäll richteg z’erkennen, liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen an Noutfallpatient·inne richteg ze tässelen? De Service Sociétés organiséiert nees fir d’Rentrée 2025 een Éischt-Hëllef-Cours, dës Kéier op Englesch. D’Formatioun gëtt am Festsall vun der Gemeng ofgehalen. Dir kënnt iech gratis fir d’Formatioun, déi op 4 Samschdeger vun 8.00 bis 12.00 Auer opgedeelt ass, umellen. Opgepasst: Et muss een un deene 4 Deeg deelhuelen, fir d’Formatioun erfollegräich ofzeschléissen.
• 28. Februar
• 7. Mäerz
• 14. Mäerz
• 21. Mäerz
D’Umeldung geet iwwert den Internetsite vum CGDIS: Gratis Aschreiwung
Inhalter vum Cours:
• Éischt Mesuren op Accidenter
• D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
• Verbrennungen
• Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
• Basic Life Support mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
• Reanimatioun vu Kanner
• Engem accidentéierte Motard patientegerecht den Helm ausdoen
Changement beim Schoultransport
Vum 5. Januar 2026 änneren d’Linne vum Schoultransport an der Südregioun. Da gëllt: nei Nummeren, awer deen nämmlechten Trajet.
Follgend Schoule si vun der Ännerung betraff:
Esch-Uelzecht & Belval
- Lycée de Garçons
- Lycée Hubert Clement
- Lycée Guillaume Kroll
- Lycée technique Lallange
- École privée Marie-Consolatrice
- Lycée Bel-Val
Bascharage: Lycée technique pour professions de santé
Péiteng/Lamadelaine: Lycée Mathias Adam
Déifferdeng: École internationale EIDE, Lycée Mathias Adam – Annexe Jenker
Diddeleng: Lycée Nic Biever, Lycée Nic Biever – Annexe Alliance
Hei den Iwwerbléck zu de Linnen:
- Linn 600 -> Linn J01 (Bascharage, Suessem, Éilereng, Esch-Gare)
- Linn 601 -> Linn J17 (Péiteng, Lénger, Bascharage, Suessem, Éilereng, Esch)
- Linn 610 -> Linn J02 (Déifferdeng via Zolwer, Esch)
- Linn 611 -> Linn J16 (Déifferdeng via Bieles, Esch)
- Linn 612 -> Linn J03 (Déifferdeng, Bieles, Esch)
- Linn 613 -> Linn Q01 (Déifferdeng, Bieles, L.G.K)
- Linn 620 -> Linn T01 (Esch, L.T.M.A)
- Linn 621 -> Linn T02 (Esch-Gare, L.T.M.A)
- Linn 624 -> Linn T03 (Esch-Uelzecht, Déifferdeng, LMA)
- Linn 630 -> Linn Q02 (Nidderkuer, Déifferdeng, Zolwer, L.G.K)
- Linn 640 -> Linn J04 (Péiteng, Déifferdeng, Bieles, Esch-Uelzecht)
- Linn 643 -> Linn J05 (Féngeg, Esch-Uelzecht)
Changement bei TICE an RGTR
Am Kader vun der kontinuéierlecher Verbesserung vum RGTR-Busnetz ginn ab e Sonndeg, de 14. Dezember 2025, Upassunge bei den Horairen an den Trajete vu ronn 70 Linnen ëmgesat. Fir eis Gemeng betreffen déi wichtegst Ännerungen d’Linnen RGTR 643 a 650 souwéi d’Linnen TICE 1, 2, 3, 5, 7, 14 an 15 vum 4. Januar un.
Neie Reseausplang
Ännerungen ab dem 14. Dezember 2025
RGTR Linn 643: (fréier TICE Linn 17: Esch – Éilereng – Monnerech– Péiteng/Steebrécken)
-
Nei Nummeréierung vun der fréierer Linn 17
-
Neien Terminus zu Steebrécken, Rue d’Europe
RGTR Linn 650: Bieles – Belval – Rëmeleng – Beetebuerg
-
Neien Trajet iwwer Rëmeleng op der N33
RGTR Linn 651 (transfrontalier)
-
Nei Offer mat engem Bus all 15 Minutten
-
Trajet: Volmerange-les-Mines – Oberkorn iwwer Diddeleng, Käl, Déifferdeng, Esch-Uelzecht
Citybus TICE (Linnen 8, 9, 10 a 12)
Dës Linnen ginn ab dem 14. Dezember 2025 vun de Gemengen iwwerholl, ouni Ännerung vun den Trajete oder den Horairen.
Méi Detailer zu den Ännerunge vum RGTR fannt dir hei.
Ännerungen ab dem 4. Januar 2026
TICE Linn 1: Esch – Bieles – Déifferdeng – Péiteng – Lamadelaine – Rodange
-
Verlängerung vun der Linn bis Rodange-Schwämm
-
Neien Trajet zu Esch iwwer d’Rue Sidney Thomas an d’Rue Victor Hugo
TICE Linn 2: Schëffléng – Esch – Zolwer – Déifferdeng
-
Verlängerung bis an d’ZAE „Op Herbett“ zu Schëffleng
-
Neien Trajet vun Esch-Lalleng a Rue du Moulin zu Schëffleng
TICE Linn 3: Esch – Bieles – Bascharage – Lénger – Rodange
-
Neie Verlaf zu Bascharage iwwer d’Rue de Hautcharage amplaz vun der Rue de Schuller
TICE Linn 4: Esch-Belval – Esch-Gare – Schëffleng – Keel – Diddeleng
-
Verlängerung mat neien Terminus beim Laboratoire national de santé (LNS) zu Diddeleng
-
Neien Trajet vum Quartier Biereng zu Diddeleng
-
Direkten Trajet tëschent Esch a Belval iwwer d’Rue Large
TICE Linn 5: Éilereng – Esch – Rëmeleng – Keel – Diddeleng
-
Verlängerung bis an d’ZARE zu Ehlerange
-
Verlängerung bis an d’Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng
TICE Linn 7: Esch – Lalleng – Esch-Belval – Zolwer
-
Verlängerung bis Zolwer „Scheierhaff“
-
Upassung vum Trajet am Quartier Lalleng
-
Trajet vun der Rue de Luxembourg amplaz vun der Rue Emile Mayrisch
-
Ab dem 4. Januar gëtt de CHEM vun Esch vun der RGTR Linn 641 bedéngt
TICE Linn 14: Déifferdeng – Suessem – Bascharage – Péiteng – Rodange
-
Verlängerung vum Terminus Déifferdeng-Schoul op Uewerkuer-Aquasud
TICE Linn 15: Esch – Belval – Bieles – Bascharage – Féngeg – Kënzeg
-
Neie Verlaf zu Bascharage iwwer d’Rue de Schouweiler aplaz iwwert d’Rue de Hautcharage
-
Direkte Wee zu Zolwer iwwer d’Rue de Belvaux
-
Direkte Wee zu Belval iwwer de Boulevard du Jazz
Ännerungen ab dem 5. Januar 2026
Vum 5. Januar 2026 änneren d’Linne vum Schoultransport an der Südregioun. Da gëllt: nei Nummeren, awer deen nämmlechten Trajet. Hei ginn et weider Detailer dozou.
Léiert är Noperschaft (besser) kennen
Am Kader vum Internationalen Dag vun de Senioren den 1. Oktober hunn de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, d’Police an de GERO eng Campagne an d’Liewe geruff, fir d’Relatiounen tëscht Noperen ze stäerken oder iwwerhaapt eemol ze erméiglechen. Doduerch soll besonnesch de Lien zu de Senioren an hirer Noperschaft intensivéiert ginn.
Wéi kënnt Dir matmaachen?
D’Kaart eroflueden: Benotzt d’Kaart, déi Dir hei am Artikel erofluede kënnt.
Eng Nopesch oder een Noper invitéieren: Am beschten eng Persoun, déi méi al ass wéi dir. Schreift Äre Kontakt op d’Kaart, wielt eng Propos aus oder schlot selwer eng vir. Geheit d’Kaart an d’Boîte vun där jeeweileger Persoun.
E gemittleche Moment deelen: Fannt gemeinsam dee passenden Zäitpunkt. Profitéiert vun där Geleeënheet fir iech auszetauschen, ze schwätzen an eng nei Connection ze schafen.
Är Renconter deelen!
No Ärem Rendez-vous kënnt Dir eng Foto oder kleng Noriicht mat Ärer Erfarung op info@gero.lu schécken. Déi flottste Fotoen an déi beréierensten, witzegst oder éischter ongewéinlechst Geschichten oder Kommentare ginn an där nächster Editioun vum geroAKTIV de 15. Dezember 2025 verëffentlecht.
Eng Kaart, fir méi einfach a Kontakt ze trieden.

Orange Week: Hors d’Haleine
Den Artikuss ass an der Däischtert. D’Publikum gëtt kee Mucks vu sech wärenddeems den Ofspann op der Leinwand leeft. Schliisslech erstraalt d’Bün an orangem Liicht an déi sechs Intervenanten huelen hier Plazen an. E liicht Opootme geet duerch de Sall. Gewise gouf den Hors d’Haleine vum Eric Lamhène, deen dem Emma säi Werdegang als Affer vun haislecher Gewalt a senge verschiddene Facettë vun intensiven Emotiounen, onsiichtbare Verletzungen an enger immenser Resilienz weist. Gewalt géint Fraen a Meedercher gëtt et hei zu Lëtzebuerg an och an eiser Gemeng an alle soziale Schichten. Am Kader vun der Orange Week, déi op dëse soziale Problem opmierksam mécht, huet d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) op de Cinédébat zum Film Hors d’Haleine invitéiert den 1. Dezember.
Mat der Iddi e Thriller ze dréine mat enger Fra, déi Affer vun haislecher Gewalt ass, sinn den Eric Lamhène an d’Rae Lyn Lee e Foyer fir Frae besiche gaange fir Recherche vum Milieu ze maachen. „Entgéint mengen Erwaardungen eng kal a gro Plaz virzefannen an der déi ‚schwächste Leit‘ zäitweis zesummeliewen, hu mir en Haus virfonnt, an deem Kanner zesumme spillen a ronderëm lafen. Séier konnt ech feststellen, dass mir mat richteg staarke Perséinlechkeeten ze dinn hunn, an dass si alles anescht wéi schwaach sinn“, esou den Eric Lamhène. Den Entschloss war séier gefaasst, dass se eppes doriwwer maache missten an dass hir ursprünglech Iddi adaptéiert misst ginn. De ganzen Artikel fannt dir hei.
Challenge: „Famille presque zéro déchet“
Am Kader vun der Europäescher Woch vun der Offallreduktioun (22. bis 30. November) hunn d’Gemeng Suessem an de GECT Alzette Belval, zesumme mat allen ACTE-Projetspartneren, d’Umeldunge fir déi grenziwwerschreidend Challenge „Famille presque zéro déchet“ lancéiert. D’Initiativ ëmfaasst dat ganzt Gebitt Alzette Belval. Den Challenge geet de 17. Januar 2026 un a begleet iwwer fënnef Méint verschidde Stéit op béide Säite vun der Grenz. Zil ass et, den Alldagsoffall ze reduzéieren, de Konsum nei ze denken an nohalteg Gewunnechten un déi nächst Generatioune weiderzeginn. D’Challenge riicht sech un all Stot: grouss Famillen, Koppelen, Persounen, déi eleng wunnen oder Wunngemeinschaften. Jiddereen∙t ka matmaachen, ganz nom eegene Rhythmus.
Iwwer déi ganz Dauer vum Programm hu Participant∙inne fräien Zougang zu enger Rei vun Aktivitéiten a Workshops:
- Feierlechkeeten ouni Offall;
- Kompostéieren a Gaardenaarbecht;
- Reparatur a Weiderverwendung;
- Do-It-Yourself-Atelieren;
- an nach vill aner Aktivitéiten, déi zesumme mat de Partner vum ACTE-Projet organiséiert ginn.
Dës Rendez-vousen hunn den Zweck, den Austausch ze fërderen, d’Participant∙innen ze inspiréieren an hinne konkret Hëllefsmëttel ze ginn, fir am Alldag einfach Schrëtt fir een ekologeschen Iwwergank ze maachen. All Stot kritt een offiziellen Diplom fir seng Offallreduktioun, a verschidde Präisser sollen d’Motivatioun vun de Participant∙innen undreiwen. Interesséiert? Da mellt iech hei fir den Challenge un.
Fir eis Gemeng geet et esou richteg lass mat enger Soirée, duerch déi de Jérémie Pichon féiert. Hien ass Matgrënner vun der Beweegung an Auteur vum bekannte Guide Famille „Presque” Zéro Déchet. Mat sengem bewäerten Humor erzielt hien, wéi seng Famill et fäerdeg bruecht huet, vun 390 Kilo Offall d’Joer op nëmmen 1 Kilo erofzegoen. Eng schéi Geleeënheet, fir ze entdecken, dass e méi bescheide Liewensstil och Freed a Liichtegkeet ka mat sech bréngen. Rendez-vous den 28. Januar am Artikuss. Gratis Konferenz op Umeldung – méi Detailer hei.


