Hëtztwell: Gratis Service fir déi vulnerabelst Persounen ze schützen
Well et och dëse Summer ëmmer nees zu staarken Hëtztwelle komme kann, gouf zu Lëtzebuerg e Betreiungssystem ageriicht, fir déi vulnerabelst Persounen ze ënnerstëtzen. Dëse Service gëtt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Direction de la santé an der COPAS ugebueden. E riicht sech u Persounen ab 75 Joer, déi eleng wunnen, nëmme begrenzt autonom sinn a keng Hëllef iwwer d’Fleegeversécherung kréien. D’Aschreiwung ass komplett gratis.
No der Aschreiwung mécht en Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem eng éischt Evaluatiounsvisitt. Am Fall vun enger Hëtztwarnung ginn zousätzlech Visitten organiséiert, fir no de Beneficiairen ze kucken an drop opzepassen, datt si genuch drénken an et hinne gutt geet. Persounen, déi fréier op dëse Suivi verzicht haten – zum Beispill well si reegelméisseg vun engem Familljemember besicht goufen – kënnen sech nees umellen, wann hir Situatioun sech geännert huet. Och Persounen, déi de Krittären entspriechen an nach net ageschriwwe sinn, sinn agelueden, sech unzemellen.
D’Aschreiwung geschitt beim Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwer d’Telefonsnummer 2755, vu méindes bis freides (ausser Feierdeeg) vun 8.00 bis 17.00 Auer, oder per E-Mail op canicule@croix-rouge.lu.
Méi Informatioune ginn et hei.