Mat BeSports invitéiert d’Gemeng Suessem all Bierger∙innen, egal ob Jonk oder Aal, Ufänger oder Fortgeschratt, fir Freed un der Beweegung ze fannen. Egal ob Dir Är Konditioun verbessere wëllt, eppes fir Är Gesondheet maache wëllt, eng nei Aktivitéit entdecke wëllt oder einfach a flotter Gesellschaft Sport maache wëllt. Bei BeSports fannt Dir de passende Cours. D’Coursen gi vu qualifizéierte Moniteuren an eise Gemengeninfrastrukture geleet a bidden eng grouss Auswiel u sportlechen a gesondheetsfërderenden Aktivitéiten. Dat alles zu engem bezuelbare Präis an ouni datt Dir Member vun engem Veräin musst sinn.
Vum Jogging iwwer Pilates, DanceFit, Tabata, Zumba, Krav Maga oder Aqua-Gymnastique bis bei speziell Offere fir eis Senioren. Hei ass fir all Alter, all Niveau an all Ziel eppes dobäi. Maacht mat, probéiert eppes Neies aus a gitt Deel vun enger aktiver Gemeng. Mir freeën eis, Iech bei BeSports 2026-2027 begréissen ze kënnen. D’Aschreiwunge bleiwen op, bis déi maximal Unzuel u Participanten am jeeweilege Cours erreecht ass. Dës variéiert jee no Aktivitéit. D’Cours fänken Enn September un, et gi keng Coursen an de Schoulvakanzen, a si ëmfaassen 30 Sessiounen bis Juli 2027.
D’Awunner·inne vun der Gemeng Suessem hu bei den Aschreiwunge Prioritéit, also waart net ze laang, fir iech unzemellen! An dat ass nach net alles: Am Laf vum Joer kommen nach weider nei Coursen dobäi. Kuckt reegelméisseg op eiser Internetsäit laanscht, fir näischt ze verpassen.
E grousse Merci geet un eis Moniteuren a Responsabel souwéi un all déi Persounen, déi un der Ausaarbechtung vun dëser Broschür bedeelegt waren. Hiren Engagement an hir Aarbecht droen entscheedend zum Erfolleg vun eise Coursen bäi.