Häerzlech wëllkomm op der Homepage vun der Gemeng Suessem.
De Service um Bierger war an ass eis hei an der Gemeng Suessem immens wichteg. Et ass e grousst Uleies vun eis eng modern, fortschrëttlech Gemeng ze sinn. Eng modern Homepage ass e wichtege Bestanddeel dovun.
Dës Säite sollen Iech hëllefen, Iech an eiser Gemeng einfach a schnell erëmzefannen. Dir fannt hei alles iwwert eis verschidde Gemengeservicer, eis Aktivitéiten a Projeten. Dësweidere sinn och allgemeng Informatiounen iwwert d’Gemeng an hiren historeschen Hannergrond hei ze fannen.
An der Hoffnung, datt Dir eise Site reegelméisseg besicht, wënschen mir Iech vill Freed beim kucken a liesen.