
De Service Senior +, riicht sech un d’Bierger vun der Gemeng Suessem (Bieles, Éilereng, Suessem, Zolwer), déi op mannst 65 Joer hunn, genee ewéi och un hiert familiäert, soziaalt a professionellt Ëmfeld.
Wat sinn dem Service Senior+ seng Haaptmissiounen?
- Eeler Matbierger et erméigleche bei sech doheem ze bleiwen.
- Méiglech Hëllefen a “soins à domicile”, esou wéi al aner Servicer fir eeler Leit beschtens ze koordinéieren
- Sozial Isoléierung verhënneren.
- No enger Hospitalisatioun, wärend enger Rekonvaleszenz oder enger Reeducatioun eng Kontinuitéit bei der Fleeg doheem assuréieren.
- Op d’Sécherheet vun eelere Matbierger oppassen.
- Am Respekt mam Code de Deontologie vun den Assistants sociaux schaffen.
Wéi funktionéiert de Service Senior +?
- De Service Senior + ass e Service, dee gratis vun der Gemeng Suessem ugebuede gëtt.
- Duerch vertraulech Gespréicher mat den eelere Matbierger an hirem Ëmfeld probéiert de Service Senior+ d’Leit ze beroden an z’orientéieren, fir esou déi beschtméiglech Solutioune vis-à-vis vun den existente Schwieregkeeten ze fannen.
- De Service Senior+ schafft enk mat Dokteren, Fleegedéngschter an alle Strukturen, déi sech fir d’Wuel vun eelere Matbierger asetzen, zesummen.
- Op Demande kann de Service Senior + och Visitten doheem maachen.
Kontakt
Tara Jung
Tel: 621 964 421
tara.jung@suessem.lu
Méindes – freides 08.30 – 15.30 (ausser donneschdes)