Office social
Sou wéi d’ Gesetz vum 18 Dezember 2009 d ‘Organisatioun vun der Aide sociale definéiert, assuréiert den Office Social vu Suessem, all de Persounen déi hire legale Wunnsëtz um Gemengen Territoire hunn, e Rescht op eng sozial Hëllef.
Den Office Social liwwert Rotschléi a Renseignementer an tätegt Demarchë fir den intresséierte Persounen, all sozial Mesuren a finanziell Prestatioun ze verschaffen, déi se kënnen a Usproch huele laut anere Gesetzer a Reglementer.
Aide sociale:
D’Aide sociale assuréiert de Persounen am Besoin souwéi och hire Famillen, den Zougang zu der Gidder an Zerwisser déi hirer besonnescher Situatioun ugepasst sinn. Dëst soll de Persounen hëllefen eegestänneg ze ginn oder ze bleiwen.
D ‘Hëllef ka palliativ, curativ oder präventiv sinn . Si ass axéiert op ee kuerzt, mëttelt oder laangfristegt Begleeden, dee bei Noutwennegkeet och mat enger materieller Hëllef ka vervollstännegt ginn.
D ‘Aide sociale komplettéiert oder intervenéiert eréischt wann all sozial Mesuren oder finanziell Ënnerstëtzungen déi vun anere Gesetzer oder Reglementer virgesi sinn, ausgeschöpft goufen.
D’Haaptzil vun der Sozialhëllef, ass et de Persounen déi am Besoin sinn, ee Liewen ze garantéieren, dat der Mënschen Dignitéit entsprécht.
Proposéiert Servicer:
- Polyvalent sozial Hëllef
- Lauschteren, Ënnerstëtzung a Rotschléi an de medizineschen, psychologeschen, sozialen a juristesche Beräicher
- Finanziell an/oder materiell Ënnerstëtzung
- Demande beim Fonds National de Solidarité (RMG, allocation de vie chère,…)
- Demande fir eng fräiwëllege Krankekeess (Caisse de maladie volontaire)
- Informatiounen, administrativ a sozial Ënnerstëtzung
- Demande fir eng Assistance judiciaire
- Demande fir Sozialwunnengen
- Demande fir Wunnengshëllefen
- Demande fir den Tiers payant social
- Ënnerstëtzung a Rotschléi bei Relatioun, Bezéiung, psychesch, physesch a Sucht Problemer
- Begleede vun de Persoune bis dass hir perséinlech Situatioun sech stabiliséiert
- …
Persounen déi Betraff sinn:
All Persounen déi am Grand Duché vu Lëtzebuerg wunnhaft sinn, geméiss der Legislatioun déi a Kraaft ass.
Allerdéngs, si vun der finanzieller materieller Hëllef ausgeschloss :
- Persoune mam Status vum Asylant, déi vun enger anerer Institutioun betreit ginn;
- Persounen déi eng Openthaltsgeneemegung hunn, wëll eng Drëttpersoun sech schrëftlech engagéiert huet, fir hir Besoinen op ze kommen;
- Schüler oder Studenten, déi op Lëtzebuerg studéiere kommen, oder eng professionell Weiderbildung wëlle maachen;
- De Staatsbierger aus der europäescher Unioun oder aus engem anere Staat deen der Eenegung iwwert de wirtschaftlechen europäesche Raum bei getrueden ass oder aus der Schwäizer Confederatioun oder e Familljemember, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, wärend den 3 éischte Méint vu sengem Openthalt op lëtzebuerger Territoire oder wärend der Zäit an der hien eng Aarbecht sicht, falls hien zu dësen Zwecker op Lëtzebuerg komm ass.
Dëst bezitt sech net op d’Aarbechter, d’Salariéen a Net-Salariéen, oder op Persounen, di dëse Status behalen oder op Familljemember onofhängeg vun hirer Nationalitéit;
- Persounen déi zäitlech begrenzt zu Lëtzebuerg sinn;
- Persounen déi an enger Präventivmoossnam oder inhaftéiert sinn, ausser wärend hirem penale Congé.
Kontakt :
D’Ekipp vum Office social vu Suessem besteet:
| TURCI | Gilbert | Assistant d’hygiène sociale | Nom de famille de D – L |
| MANCINELLI | Laura | Assistante sociale | Nom de famille de M – S |
| CROUGHS | Geoffrey | Assistant social / Social opportunities | Nom de famille de A – C + T – Z |
| CAMPO | Corinne | Agent ARIS / Equipe REVIS | |
| GOEREND | Nathalie | Administration – Secrétariat | |
| KIEFFER | Marie | Administration – Social opportunities | |
| PHILIPPY-THEIS | Mylène | Administration – Secrétariat | |
| THILL | Jean-Claude | Administration – Social opportunities |
Verwaltungsrot:
All Office social gëtt vun engem Verwaltungsrot geleet a besteet aus mindestens 5 Membere.
De Verwaltungsrot ass haaptsächlech chargéiert fir den annuelle Budget op ze stellen, d ‘Konten ze arrêtéieren, Demande vun de Prestatiounen oder der Zeréckerstattung ze statuéieren, an Entscheedungen ze treffen wat d’Personal vum Office social betrëfft.
De Verwaltungsrot vum Office social vu Suessem besteet aus folgende Leit :
| Numm: | Funktioun: |
| Schlesser Jean-Pierre | Président |
| Dondelinger Henri | Member |
| Herber Edmond | Member |
| Koster Ronny | Member |
| Merenz Norbert | Member |
| Pütz-Seil Monique | Member |
| Reuter-Angelsberg Dagmar | Vice-Présidente |
| Reuter-Bauler Carine | Member |
| Speck-Braun Patricia | Member |
| Goerend Nathalie | Secrétaire |
| Greven Manon | Receveur |
Office social
L-4477 Belvaux
08h00 - 12h00
13h30 - 16h00
uniquement sur rendez-vous