Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Ëmwelt an Ekologie

Klima-Agence

Gutt informéiert iwwert de Klimaschutz an d’Energiewend

Déi energeetesch Grondberodung ass neutral a gratis. Si erméiglecht déi noutwendeg Schrëtt unzegoen, fir äre Projet fir nohalteg Wunnen oder d’Mobilitéit ze verwierklechen, ären alen Heizkessel duerch eng ëmweltfrëndlech Léisung ze ersetzen oder proppere Stroum mat Hëllef vun der Sonn ze generéieren.

Et handelt sech ëm eng Partnerschaft tëschent ärer Gemeng an der Klima-Agence, ärem Partner fir Energie a Klima.

Zil vun der Berodung ass et, Iech zu folgenden Themen ze informéieren an ze sensibiliséieren:

  • Energiespueren am Alldag
  • nohalteg an energetesch Renovéierung
  • nohalteg Bauen
  • Heizléisunge fir doheem
  • erneierbar Energien
  • elektresch Mobilitéit
  • Stroum generéieren an Eegeverbrauch
  • den Energiepass
  • déi verschidde Subventiounen

Äre personaliséierten Energiecheck op Rendezvous

Eng perséinlech Energiegrondberodung gëtt Iech entweeder bei Iech doheem (just bei Renovatiounsprojeten), iwwer Telefon oder Videokonferenz ugebueden. Dës kann op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch ofgehale ginn. Déi gesamt Käschten gi vun der Klima-Agender an ärer Gemeng iwwerholl.

Huelt Iech nach haut ee Rendezvous! Hotline 8002 11 90

klima-agence.lu

Infografik Klima-Agence