De Service à l’Égalité des chances et Diversité, deen 1999 gegrënnt gouf, riicht sech un all Persoun, déi Froen zum Thema Chancëgläichheet an Diversitéit huet.

Seng Haaptmissioune sinn déi Follgend:

  • d’Promotioun vun der Chancëgläichheet
  • d’Promotioun vun der Diversitéit
  • d’Lutte géint all Zort vun Diskriminatioun

Zudeem offréiert de Service Consultatioune fir d‘Awunner an d’Gemengepersonal bezüglech der Chancëgläichheet an der Diversitéit.

Als Member vum Réseau national des délégué(e)s à l’égalité entre femmes et hommes collaboréiert de Service mat anere Gemengen, esou wéi mat aneren nationalen an internationalen Acteure fir op dës Aart a Weis existent Relatiounen ze stäerken an nei Collaboratiounen ze kreéieren a seng Missioune beschtméiglechst ze erfëllen.

De Service à l’Égalité des chances et Diversité organiséiert reegelméisseg Campagnen, Projeten, Formatiounen, Seminairen an Table-rondë fir d’Awunner vun der Gemeng Suessem an dem Rescht vum Land.

An dëser Optik gräift de Service à l’Égalité des chances et Diversité och op Methoden an Outilen zeréck, déi et erlabe geschlechteriwwergräifend an integrativ ze schaffen. D’Theeme vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit besëtzen effektiv en interdisziplinäre Charakter a fanne sech beispillsweis och a kulturellen, sozialen, administrativen an edukative Beräicher erëm, grad ewéi an den Infrastrukturen an der Fräizaitgestaltung.

Hutt Dir e perséinlecht Uleies kënnt dir gären d‘Madame Annick Spellini kontaktéieren (annick.spellini@suessem.lu oder 59 30 75 – 654).