Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Gemeng engagéiert sech

D’Gemeng Suessem hëlleft asbl

(c) Alex Reuter

Eng Rei Leit, déi am soziale Liewe vun eiser  Gemeng  engagéiert  sinn, hunn de Besoin erkannt sech fir déi humanitër  Entwécklung vun aarme Géigenden anzesetzen an dat duerch d’Ënnerstëtzung vun lnitiativen op kommunaler an nationaler Basis, mee  besonnesch och vu Projeten, déi fir verbessert a mënschewierdeg Strukturen an deenen  Deeler  vun eiser Welt stinn.

Als éischt Initiativ gouf e gemeinsame Projet mat ,,Beetebuerg hëlleft ONG” um Cap Vert ëmgesat. D’Ze­summenaarbecht mat enger ONG an engem sou genannte ,,Projekt­land” vum Kooperatiounsministère erméiglecht,déi gesammelt Gelder ëm dot Dräifacht ze erhéijen. Fir 1 € vu GSH gëtt de Ministère 2 € bäi!

Op der wéineg entwéckelter kapverdianescher Vulkaninsel Fogo mat 40.000 Awunner gi schoulesch Infrastrukture verbessert, vun dee­nen ëm déi 4.000 Schüler profitéier­en. An engem zweete Projet goung et ëm proppert Drénkwaasser fir 57 Uertschafte mat 3.736 Awunner.

D’Entwécklung vun der lnselrepublik Cap Vert ass eng permanent Erausfuerderung. Déi néng bewunnten isoléiert Vulkaninsele leiden ënnert der Dréchent, si hu wéineg Agrar­land a keng Buedemschätz a sinn doduerch gréisstendeels op den Import an op d’Emigratioun ugewisen. Ongeféier 10.000 Kapverdianer liewen an eisem Land. Well et bei hinnen un natierleche Ressourcë feelt, ass et ëmsou méi wichteg, op der Plaz déi mënschlech Res­sourcen ze valoriséieren.

D’Jugend gëllt allgemeng als d’Zukunft vun engem Land. Fir deene Jonken eng Chance ze ginn, hiert Land weiderzebréngen, musse si an éischter Linn eng zolidd schoulesch Ausbildung kréien. GSH huet dee Volet opgegraff an am Laf vun de leschte Jore mat Hëllef vun den Donen an der finanzieller Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerg­er Kooperatiounsministère eng Rei Schoulen zäitgeméiss renovéiert resp. vergréissert. Mat eiser Ënner­stëtzung gëtt eng laanger Schoulzäit erméiglecht d’Schoulsall ginn adequat ageriicht, déi hygienesch Konditioune gi verbessert, déi nei Technologien agefouert an déi ent­spriechend Formatioun vun den En­seignante garantéiert.

Fir dës Ziler ze realiséieren ass d’Associatioun “D’Gemeng Suessem hëlleft A.s.b.l.” op Done vu Veräiner a vu Privatleit aus eiser Gemeng ugewisen.

Natierlech kënne mer och op déi fest Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng zielen,déi all Joer 1 € pro Awunner bäisteiert.

Ganz rezent hu beispillhaft d’Suessemer Schoulkanner bei hir­er Chrëschtfeier de Benefice vum Summerfest un de GSH-President iwwerreecht an duerch déi 1.800 € hir Solidaritéit mat Kanner gewisen, deenen et net esou gutt geet.

All  Bierger  kann  als  Member-Donateur  säin  Deel  zu  dësen  humanitären Aktioune bäidroen, an dat mat engem Virement vun 10(oder méi) op de Konto

BCEE: LU45 0019 3255 8823 5000

Wie sech perséinlech engagéiere wëll, ka Member vun der A.s.b.I. ginn oder vläicht esouguer sech dem parteipolitesch neutrale Comité uschléissen oder och einfach onverbindlech bei eenzelen Aktioune vu GSH mathëllefen. Mellt lech perséinlech iwwert Mail oder schwätzt eis bei Geleeënheet un.

 

Le comité:
Nom: Fonction:
Kralj-Majerus Agnès Présidente
Reuter-Bauler Carine Vice-Présidente
Gierenz Steve Vice-Président
Bronzetti Denis Trésorier
Gilbertz Dany Trésorier adjoint
Goerend Nathalie Secrétaire
Haas Marc Secrétaire adjoint
Anen-Lebègue Bernadette Membre
Asselborn-Bintz Simone Membre
Faber-Huberty Chantal Membre
Kintziger-Tietto Gilda Membre
Romeo Franca Membre
Speck-Braun Patricia Membre
Zehren Albert Membre