Service des Agents municipaux – Gardes-champêtres
Am Joer 2014 huet d’Gemeng Suessem de Service vum Agent Municipal / Garde-Champêtre (AM/GCH) gegrënnt an dat fir kënne sécherzestellen, dass déi ëffentlech Uerdnung a Sécherheet esou wéi och d’Propretéit vum ëffentlechen Raum garantiert sinn.

De Service AM/GCH steet fir Froen zu all dëse Sujeten zu all Abléck zur Verfügung:
- De Parking résidentiel
- De Parking payant
- D’Police-Reglement vun der Gemeng
- D’Sécherheet an der Noperschaft vun de Schoulen
- Esou wéi fir all Fro ronderëm Offäll am ëffentlechen Raum, Vandalismus op ëffentlechen Plazen, Hënn, Surveillance vu Manifestatiounen, Gemengen- a Bëschweeër, Kontroll vun de Spillplazen a Parke vun der Gemeng