Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Soziales

BabyPLUS Suessem

BabyPLUS ass e Projet vun der Gemeng Suessem an dem Office Social vun der Gemeng Suessem zesumme mat der Initiativ Liewensufank a.s.b.l.

BabyPlus adresséiert sech un all d’Famillen an der Gemeng Suessem, déi e Kand erwaarden oder grad Eltere gi sinn. E bitt den Eltere gratis Informatioun a Berodung a proposéiert eng Begleedung vun der jonker Famill bis bei den éischte Gebuertsdag vum Puppelchen.

Dës Berodunge kënnen op Wonsch bei de jonken Elteren doheem oder am Berodungsraum zu Bieles an der Route d’Esch (um Eck mat der Rue Charly Gaul) stattfannen.

BabyPLUS proposéiert seng kompetent a sensibel Servicer natierlech an enger ganzer Rei Sproochen.

Fir méi Informatiounen ze kréien an en éischte Rendez-vous ze fixéieren, kënnt Dir eng Noriicht um BabyPLUS-Repondeur hannerloossen. Mir huelen esou séier wéi méiglech Kontakt mat Iech op.

Telefon: 59 30 75 – 888

babyplus@suessem.lu

Méi Informatiounen

BabyPLUS Flyer