Den Ëmweltservice vun der Gemeng Suessem organiséiert Aktiounen a Projeten ronderëm d’Fro: “Wéi liewen an eis Gewunnechten nohalteg ännere fir eis Natur, eis Ressourcen an eis Ëmwelt fir déi nofollgend Generatiounen ze erhalen”. De Service probéiert, zesumme mat de Bierger, op eng sozial engagéiert Manéier de Fokus op d’Entwécklung vu Gesten a Reflexer ze setzen, déi am Alldag hëllefen eis Ëmwelt ze schützen.

Niewent grousse Projeten probéiert den Ëmwelt Service dat ganzt Joer duerch d’Awunner aus der Gemeng, Kleng a Grouss ze sensibiliséieren. Esou proposéiert de Service all Joer am Summer fir d’Schüler aus dem Cycle 3.2 a 4.1. en Ëmweltdiplom mat enger Hellewull vun Aktivitéiten ronderëm an an der Natur. Des Weideren ginn all Joer Ëmweltwochen organiséiert, den Dag vum Bam am November an de Service bedeelegt sech un der Semaine de la Mobilité am September.