Den Zivilstandsservice hält d’Situatioun vun enger Persoun an der Famill an an der Gesellschaft duerch Akte fest, virun allem Gebuertsakten, Hochzäitsakten, Partenariatsdeklaratiounen, Stierfakten a stellt Kopien an Auszich vun deenen Akten un déi betraffe Leit aus. D’Konzessiounen op de Kierfechter ginn och vun dësem Service gefouert. Den Indigénat (Ufroe fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit) ass och Bestanddeel vun den Aufgabe vum État Civil.