Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Kierfechter

D’Konzessioune fir den Terrain oder eng Urn bäizesetze kënne fir eng Dauer vun 30 Joer accordéiert ginn, an dat un eng Famill déi eng Persoun begruewe muss, déi an der Gemeng gelieft huet. All Kierfecht huet och en Erënnerungsgaart, wou een Äsche verstreeë kann an eng Plaz fir biodegradabel Urne bäizesetzen. Wat de „Bëschkierfecht“ ugeet, esou ass eis Gemeng Member an interkommunale Syndikat Kordall an all Persoun, déi um Territoire vun dësem Syndikat gelieft huet, däerf esou um Bëschkierfecht „bei den Gruben“ vun der Gemeng Déifferdeng am Fond de Gras bäigesat ginn.

Leit, déi baussent dem Territoire vun der Gemeng Suessem verscheeden an déi net an der Gemeng doheem waren, kënnen awer op engem Kierfecht vun der Gemeng Suessem bäigesat ginn, ënnert der Konditioun, dass si hei eng Konzessioun haten oder e familiäre Lien mat enger Persoun hunn, déi eng gëlteg Konzessioun an der Gemeng besëtzt.

Bei Leit, déi an der Gemeng gewunnt, dës awer hu misse verloosse fir an engem Spidol oder Altersheem gefleegt ze ginn, oder déi bei engem Member vun der noer Famill ënnerkomm waren, kënnen trotzdeem op engem Kierfecht vun der Suessemer Gemeng bäigesat ginn.

D’Konzessioune fir Griewer kënne bei der Gemengeverwaltung verlängert ginn an dat am Joer nodeems se ausgelaf sinn. Des Weidere kënnen dës Konzessiounen och op aner Persounen ëmgeschriwwe ginn.

Méi Detailer fannt dir am Gemengereglement iwwert d’Kierfechter.