Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Stierffall

Am Prinzip muss e Stierffall bannent 24 Stonnen um Büro vum Etat Civil an där Gemeng gemellt ginn, wou d’Persoun verscheet ass.

Dës Deklaratioun muss vun engem noe Familljemember oder vun enger Bestattungsinstitut am Numm vun der Famill gemaach ginn, kann awer och vun all anerer Persoun virgeholl ginn.

D’Persoun, déi dës Deklaratioun mécht, muss dës Dokumenter bei sech hunn:

  • Den Doudeschäin
  • D’Familljebuch vum Verstuerwenen, oder en Acte de mariage, Acte de naissance, wann déi verstuerwe Persoun celibataire war, oder d’Identitéitspabeiere vun der verstuerwener Persoun an hirem Conjoint
  • Den Zertifikat de mise en bière

Am Fall, wou déi verstuerwe Persoun soll verbrannt ginn, muss och en Zertifikat vun engem Dokter presentéiert ginn, deen ugëtt, dass d’Persoun op eng natierlech Manéier gestuerwen ass. Des Weidere gëtt och hei den Zertifikat de mise en bière an en Zertifikat vun engem Dokter gebraucht, deen attestéiert, datt déi verstuerwe Persoun keen Herzschrittmacher hat. En plus muss de schrëftleche Wonsch vun der verstuerwener Persoun matbruecht ginn, an deem steet, datt si ageäschert wollt ginn, oder eng Demande op Anäscherung vum nächste Familljemember.

Wann d’Gemeng, wou d’Bäisetzung oder d’Begriefnis ass, eng aner ass ewéi déi an där d’Persoun gestuerwen ass, muss deen, deen den Doudesfall melle kënnt, en Doudeschäin an eng Transporterlabnes vun der Gemeng an där den Doudesfall war, matbréngen, fir d’Begriefnis kënnen z’organiséieren.

Begriefnisser musse bannent 72 Stonnen nom Doud vun enger Persoun sinn. De Gesondheetsministère kann dësen Delai awer an d’Luucht setzen.