De Service Facturatioun këmmert sech dorëms Quittungen auszestellen an erstellt och déi periodesch Facturen ewéi déi vum Waasser, der Kanalisatioun oder de Poubellen. De Service erhieft d’Grondsteier an assuréiert de Service vun der Facturatioun och d’Gestion vun de Bankdomiciliatiounen.

Missiounen:

  • Trimstestriell Quittungen, erstelle vu Gemengentaxen ewéi Waasser, Kanal an Dreckskëschten, wou 4 trimesteriell Rechnungen erstallt ginn (nodeems d’Waassercompteure 4x pro Joer vun de Servicer de Régie Accueil a Gestion des déchets et compteurs d’eau gelies ginn)
  • Opstelle vun Tëschen- an Endofrechnungen
  • Ëmschreiwe vu Gemengentaxen no der Ënnerschrëft vum Verkafsakt vun engem Haus oder Appartement
  • Reklamatiounen an Erklärungen am Zesummenhang mat de Rechnungen iwwert d’Gemengentaxen
  • Bestellung / Annulatioun / Wiessel vun den Dreckskëschten
  • Ofmelle vun den Dreckskëschten beim Plenneren
  • All Ännerung vun den Dreckskëschten (bei Schied oder dem Ännere vun der Gréisst),  all partiell Annulatioun a weider Commanden sinn direkt un de Service de Régie Gestion des déchets Tel.: 593075-420 ze riichten.
  • Facturatioun vun de Waasseruschlëss a Standroueren
  • Facturatioun vun der Grondsteier zesumme mat der Administration des Contributions Directes – Service des Évaluations Immobilières
  • Demande/Annulatioun fir SEPA-Domiciliatiounen(ausser Chèque-Service d’Accueil)
  • Demande/Annulatioun fir op d’Rechnungen op Pabeier ze verzichten (Rechnunge via Email)