Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
D’Gemeng stellt sech vir

Geschicht vun der Gemeng Suessem

Eng ganz Rei Géigestänn, déi bis ewell fonnt goufen, beweisen, dass d’Gebitt vun der haiteger Gemeng Suessem schonn zënter der Steenzäit bewunnt ass. D’Nimm vun den Uertschafte Bieles an Zolwer ginn op keltesch Urspréng zeréck an hunn zënter hier och net vill changéiert.

An der Zäit vun de Réimer sinn eng Rei Villaen um Gebitt vun der Suessemer Gemeng entstanen. Bis ewell gouf et nach keng detailléiert Ausgruewungen, mä d’Existenz vu Gebaier aus där Epoch ass bewisen. Um „Grueweleck“ zu Suessem stoung wahrscheinlech déi gréisst vun de réimesche Villaen aus der Gemeng. Hir Ëmrëss sinn 1976 mat Hëllef vu Loftbiller entdeckt ginn.

Germanesch Stämm, déi, no de Réimer, hei an der Géigend gewunnt hunn, hunn d‘Dierfer Éilereng, Ueschdref a Suessem, genee ewéi och déi ewell verschwonnen Dierfer Hagen a Wullingen bei Zolwer.

Eng réimesch Festung, eventuell och just e Wuechttuerm, hunn eng grouss Roll am Mëttelalter gespillt. Dat hëlzent Schlass vun Zolwer, wat vum Zolwerknapp op déi ganz Ëmgéigend gekuckt huet, gouf 1145 zerstéiert. Duerno gouf et mat Steng nees opgebaut a sollt d’Residenz vun den Häre vun Zolwer bleiwen, déi deemools ronn d’Hallschent vum aktuelle Kanton Esch kontrolléiert hunn.

1552 ass d’Schlass um Zolwerknapp op en Neits zerstéiert ginn, déi Kéier duerch d’Truppe vum franséische Kinnek Henri II. D’Schlasshärin, Anna von Isenburg, ass doropshin an d’Déifferdenger Schlass geplënnert an huet dat um Zolwerknapp opginn. An de Joren duerno sinn d’Iwwerreschter vum Schlass benotzt gi fir nei Haiser zu Zolwer ze bauen, esou dass haut vum Schlass näischt méi iwwereg ass, mat Ausnam vum Pëtz, deen duerch den Asaz vun den „Amis du Knapp“ konnt restauréiert ginn.

Bieles huet am Ufank zu Zolwer gehéiert. Am 13. Joerhonnert sinn déi zwou Uertschafte vunenee getrennt ginn a Bieles huet eng Zäitchen zur Herrschaft Keel gehéiert. Duerno hat d’Duerf seng eegen Hären, ier déi vu Lampech d’Soen iwwer Bieles kruten. Nodeems d’Herrschaft vu Suessem Bieles kuerz ënnert sech hat, ass d’Uertschaft nees un d’Häre vun Zolwer gefall. 1651 hunn dës Bieles un den Antoine Blanchart verkaf, deem seng Famill d’Herrschaft vu Bieles bis bei déi franséisch Revolutioun behale sollt. Bieles hat, am Contraire zu den Nopeschuertschaften, awer scho fréi de Fräiheetsbréif erhalen, wat senger Awunner eng Rei zousätzlech Rechter garantéiert huet.

Am 13. Joerhonnert hu Vassale vum Haus Zolwer e Schlass zu Suessem gebaut. No an no huet d’Herrschaft Suessem sech och entwéckelt an nom drëssegjärege Krich huet den Här vu Suessem den Uerschdrefer Bann kaf an do den Uerschterhaff baue gelooss.

Éilereng war, am feudalen Zäitalter, en Deel vum Escher Territoire an ofhängeg vun der Famill Berwart, genee ewéi och Monnerech a Lalleng.

Mat de franséischen Truppen, déi no der franséischer Revolutioun Lëtzebuerg besat haten, gouf d’Verwaltung vum „Département des fôrets“ nei gereegelt. Zolwer sollt esouguer ee Moment laang Haaptuert vum Kanton ginn. Schlussendlech hat Nidderkäerjeng dee Statut awer kritt. Zënter dëser administrativer Reorganisatioun besteet d’Gemeng Suessem awer aus den Uertschaften Zolwer, Suessem, Éilereng a Bieles.

Eréischt duerch d’Entdeckung vun der „Minette“ gouf eng richteg Evolutioun an der Gemeng lancéiert, well d’Awunner vun deene véier Dierfer am Ufank vum 19. Joerhonnert nach virum allem vun der Landwirtschaft gelieft hunn. Wéi déi ganz Regioun huet och d’Gemeng Suessem sech séier entwéckelt. Vun 1289 Awunner am Joer 1871 ass d’Gemeng op 10078 Leit am Joer 1970 gewuess, fir zënter Juli 2018 méi ewéi 17000 Awunner ze zielen.

Mam Zoumaache vun deem Deel vun der Schmelz Belval, deen um Territoire vun der Gemeng Suessem läit, Enn vum 20. Joerhonnert, an der Rekonversioun vun de Frichen, wou sech ënnert aneren d’Universitéit implantéiert huet, sinn nei Perspektive fir d’Gemeng Suessem entstanen.