Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Mobilitéit

Ruff Bus

Wat ass de Ruff Bus?

De Ruff Bus ass e modernt Passagéier Transportkonzept am ëffentlechen Transport. De Prinzip ass ganz einfach: Op Ufro kënnt de Ruff Bus Iech virun Ärer Hausdier sichen a bréngt Iech op déi vun Iech gewënschten Adress a wann Dir wëllt, duerno och nees Heem.

Wéi funktionéiert de Ruff Bus?

Rufft d‘Gratisnummer 8002 20 20 vun der flexibus-Zentral un, dat vu méindes bis samschdes vun 8 bis 20 Auer. Dës Zentral kommunizéiert mat deenen, déi uruffen a mam Ruff Bus. Hei ginn d’Streckewënsch gespäichert a direkt passend attribuéiert.

Wéi kënnt Dir de Ruff Bus benotzen?

Informéiert eis Zentral iwwert d‘Positioun an d‘Zäit vun Ärer Rees, an och iwwert d’Zäit wou dir ukomme wéilt. Mir akzeptéieren och gär speziell Wënsch, wéi reegelméisseg Trajeten. Mellt Iech op d’mannst 2 – 3 Deeg virum gewënschte Start. De Ruff Bus fiert Iech op Är Wonschadress an dat an der Gemeng Suessem an hirer direkter Ëmgéigend.

Wou fiert de Ruff Bus?

De Ruff Bus fiert iwwerall an der Gemeng Suessem an och an der direkter Ëmgéigend.

D’Ziler vum Ruff Bus sinn: D’Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer, awer och de CHEM zu Esch, CHEM zu Nidderkuer, d’Clinqiue Sainte Marie zu Esch an d’Rond-pointe Biff a Raemerich esou wéi de Belval Plaza.

Wat sinn d’Virdeeler vum Ruff Bus?

De Ruff Bus transportéiert d’Passagéier séier, confortabel, individuell, bequem, sécher a flexibel. Ouni fixe Fuerplang oder Arrêt, de Ruff Bus hëlt Iech virun ärer Dier of a bréngt Iech op déi gewënschten Destinatioun bannent der Gemeng.

Wéini fiert de Ruff Bus?

De Ruff Bus fiert vu méindes bis freides vun 07.00 bis 19.00 Auer a samschdes vun 09.00 – 19.00 Auer.

Wien ka matfueren?

De Ruff Bus ass fir jiddereen, dee sech spontan a flexibel an der Gemeng Suessem an der direkter Ëmgéigend beweege wëll. Natierlech kënne Kannerween a Rollstill matgeholl ginn.

Wéi kann een de Ruff Bus bestellen?

Rufft einfach op der Gratisnummer 8002 20 20 un. Reservéiert esou fréi wéi méiglech, awer net méi spéit wéi 45 Minutte virum gewënschte Start. Wann Dir Iech umellt, gitt Dir iwwer d’Startzäit informéiert.

Wann Dir reservéiert, deelt eis wgl. mat, ob Ären Transfert mat enger Zuchverbindung oder engem fixéierte Rendezvous zesummenhänkt. Mir berécksiichtegen dat, wann Dir Är Reservatioun maacht, sou datt Dir mat Zäiten ukommt.

Wann Dir reegelméisseg de Ruff Bus op de selwechten Deeg oder Zäite benotze wëllt, kënnt Dir eis en Ordre Permanent ginn, dee gëllt bis en annuléiert gëtt.

Wat kascht de Ruff Bus?

Dir kënnt entweeder ee Jores-Abo fir 50 € (illimitéiert Faarten) oder een 10er-Carnet fir 20 € am Biergerzenter vun der Gemeng Suessem kafen. Am Bus selwer kënnt Dir net méi bezuelen. 

 

Dokumenter