Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Gemeng engagéiert sech

CIPA Résidence op der Waassertrap

De CIPA Résidence Dickskopp huet 1983 seng Dieren opgemaach. De 16. Juli 2012 huet eng nei Ära ugefaangen, mat engem neien Numm « CIPA Résidence Op der Waassertrap » an dem Plënneren op deen neie Beval Site zu Bieles.

Et handelt sech em eng gemengen Ariichtung, deem säi Gestionnaire de Schäfferot vun der Suessemer Gemeng ass a wou déi deeglech Verwaltung duerch d’Direktioun vum CIPA geséchert gëtt.

An enger roueger a grénger Ambiance, profitéiert dëst Haus och vun engem schéin amenagéierte Park deen Iech invitéiert fir kuerz Spadséiergäng ze maachen.

Mir begréissen 120 Residenten a mir setzen e besonneschen Akzent op d’Liewensqualitéit. De Respekt fir déi perséinlech Gewunnechte vun eise Resident ass besonnesch wichteg fir eis.

Eis Missioune sinn :

  • Qualitéitsservicer unzebidden, déi d’Erwaardunge vun de Residenten a Clienten erfëllen, de juristeschen a reglementaresche Fuerderunge gerecht ginn, esou wéi den Ufuerderunge vun der Fleegeversécherung an de Beräicher : Hotellerie, Ënnerkonft, Restauratioun, Fleeg, Animatioun a Fräizäit, an anerer (Coiffer, Pedikür, …) ;
  • d’Sécherheet fir d’Leit an hir Saachen ze garantéieren ;
  • en agreabelt a séchert Liewensëmfeld unzebidden ;
  • verschidden Aktivitéiten unzebidden, déi sensibel op déi eenzel Fäegkeeten a Goûte sinn an d’Bedeelegung ze ermonteren