Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Gemeng

Uertschaften

D’Gemeng Suessem besteet aus 4 Uertschaften, déi zesummen déi flächeméisseg gréisste Gemeng aus dem Kanton Esch-Uelzecht forméieren.

Zesummen ass Gemeng Suessem 2.449 ha grouss. Dovunner gehéieren 908 ha zu Zolwer, 851 ha zu Suessem, 463 ha zu Bieles an 227 ha zu Éilereng.

Eng ronn 777 ha vun der Gemeng Suessem si bebaut, de Recht ass Natur. Wéi kaum eng aner Gemeng am Süde vu Lëtzebuerg bitt Suessem senge ronn 17000 Awunner eng Panoplie vun Noerhuelungsgebitter an deenen ee séier ass a wou ee séier de Stress vum Alldag fir e puer Stonne vergiesse kann. 203 ha Bëscher an 1276 ha Akerland maachen aus der Gemeng Suessem eng Gemeng an där een bannent Minutten vun iwwerall aus an der Natur ka sinn.

Entdeckt hei déi eenzel Dierfer an e bëssen eppes vun hirer Geschicht.