Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Uertschaften

Zolwer

Eng éischt schrëftlech Erwänung vun der Festung um Zolwerknapp datéiert op d’Joer 793. Et ass awer méi ewéi sécher, dass spéitstens zanter der Réimerzäit eng Festung, op mannst awer e Beobachtungstuerm um Sommet vum Bierg ze fanne waren. Zwee Mol ass d’Buerg vun Zolwer an hirer Geschicht zerstéiert ginn. 1145 eng éischte Kéier an 1552 nach eemol. Dono ass d’Buerg net méi opgebaut ginn an d’Awunner vun Zolwer hunn d’Steng vun der Ruin fir eegen Zwecker benotzt.

Um Ufank vun der Industrialiséierung vum Minett huet Zolwer nëmme wéineg dovunner profitéiert a säi ländleche Charakter erhale kënnen. 1922 huet d’Duerf aus grad emol 85 Haiser bestanen. Et ass eréischt nom Bau vum Tram, d’Linn Esch-Nidderkäerjeng ass iwwer Zolwer gefuer, dass d’Uertschaft ufänkt ze wuessen an an de fréien 1930er eng éischte Kéier op iwwer 1000 Awunner kënnt.

Zolwer ëm 1920

Virun allem nom zweete Weltkrich kann d’Duerf Zolwer sech richteg séier entwéckelen an esouguer wärend der Stolkris an den 1970er wiisst d’Uertschaft virun. Haut zielt d’Uertschaft ronderëm den Zolwerknapp, deen een scho vu Wäitem gesäit, eng ronn 6000 Awunner.