Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Uertschaften

Suessem

Nodeems 1976 eng réimesch Villa an der direkter Ëmgéigend vu Suessem entdeckt gouf, ass kloer, dass dës Plaz schonn zanter iwwer 2000 Joer bewunnt ass. Am 13. Joerhonnert ass mam Bau vum Suessemer Schlass, wat deemools nach den Häre vun Zolwer ënnerstanen huet, ugefaange ginn. Nom drëssegjärege Krich – et gouf zu Suessem just nach ganzer sechs Stéit – hunn d’Häre vu Suessem Uerschdref kaf an do den Uerschterhaff baue gelooss. 1753 huet d’Famill de Tornaco d’Grofschaft Suessem schlussendlech, fir de Präis vun 62000 Gulden, kaf.

D’Uertschaft Suessem huet manner vum groussen Opschwong duerch d’Industrialiséierung vum Minett profitéiert, konnt duerfir awer de charmanten Duerfcharakter erhalen. Tëschent 1871 an 1957 hat sech d’Bevëlkerungszuel vu Suessem grad emol op ronn 700 Awunner verduebelt. An de leschte Joren huet awer och Suessem, wéi de Recht vun der Gemeng, vum rapide Wuesstem vum Lëtzebuerger Land profitéiert, fir op 2700 Awunner ze wuessen.

Chorale Ste. Cecile Suessem – 1926

De Park vum Suessemer Schlass ass net just en Noerhuelungsgebitt fir d’Suessemer selwer, mee doriwwer eraus och d’Plaz wou eng sëlleche Manifestatiounen am Laf vum Joer organiséiert ginn, dorënner och de „Summerfeeling“ an de „Wanterfeeling“.