Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Gemeng engagéiert sech

C.I.G.L. Suessem

De CIGL Suessem ass den 8. Abrëll 1998 gegrënnt ginn an zënter September 1999 am Asaz fir d’Bierger aus der Suessemer Gemeng. De CIGL ass eng Association d’utilité publique, déi bis 2013 zum Reseau Objectif Plein Emploi gehéiert huet an déi vum Aarbechtsministère an der Suessemer Gemeng ënnerstëtzt gëtt.

De CIGL Suessem setzt sech op lokalem Plang fir d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner aus der Gemeng an. Seng Haaptmissioune sinn d’Schafe vun neien Aarbechtsplazen an d’Ënnerstëtze vum sozialen Zesummenhalt am Sënn vun enger lokaler an nohalteger Entwécklung. Fir all Zort vun deloyaler Konkurrenz ze vermeiden, proposéiert de CIGL nëmme Servicer, déi aus Nische kommen an deene keng aner ekonomesch Acteuren aktiv sinn.

De Verwaltungsrot vum CIGL setzt sech esou zesummen: Marco GOELHAUSEN (President), Nathalie MORGENTHALER (Vizepresidentin), Jerry KRAETZER (Sekretär), Ronny KOSTER (Trésorier) a Marcel DENUIT (Assesseur). De Verwaltungsrot besteet aktuell aus 17 Memberen, déi dës wichteg politesch a sozial Aufgab, komplett benevole erfëllen.

Déi deeglech Aktivitéite vum CIGL gi vun der “Cellule de coordination interne” geréiert. Dat sinn den Direkter, d’Responsabel vum administrative Service, de Responsabele vum techneschen Déngscht an déi 4 Equippecheffe vun de verschiddene Servicer vum CIGL.

Bei Geleeënheet vu sengem 20. Gebuertsdag sinn déi renovéiert Lokalitéite vum CIGL Suessem, déi zu Zolwer sinn, den 28. Abrëll 2018 feierlech, a mat engem Dag vun den oppenen Dieren, ageweit ginn.

Duerch seng fënnef Aktivitéiten, déi vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft unerkannt sinn a vun dësem zesumme mat der Gemeng Suessem subventionéiert ginn, kann de CIGL Suessem enge 27 bis 30 Leit iwwer zwee Joer ewech eng Aarbechtsplaz ubidden. An deem Zäitraum kënnen déi concernéiert Demandeurs d’emploi och vun zousätzlechen an individuelle Weiderbildungsmoossname profitéieren. D’Recetten, déi de CIGL duerch seng Aktivitéite generéiert, fléissen integral un d’Gemeng oder gi fir de Finanzement vun der Asbl benotzt.

Kontakt:

Tel.: 26 59 01 40 1
Email: ccl@cigl.suessem.lu