Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Klengen Atelier & Service “Aide à la personne”

De Service ‘De klengen Atelier’ bitt eng ganz Rei u Servicer am Stot un, déi sech un all d’Awunner vun der Gemeng Suessem riichten, déi 60 Joer oder méi hunn. Dës Servicer ginn zu engem sozialen Tarif, deen aktuell bei 17 € TTC pro Stonn a Mataarbechter läit, ugebueden.

‘De klengen Atelier’ funktionéiert zënter September 1999 a proposéiert kleng Reparatiounen doheem, kleng sanitär Interventiounen, Gaarden- a Saisonsaarbechten, déi net vu privaten Entreprise ugebuede ginn, fir net an eng Situatioun vun deloyaler Konkurrenz zu dësen ze kommen.

De Service ‘Aide à la personne’ ass 2015 gegrënnt ginn. Hei gëllen déi selwecht Tariffer ewéi beim Service vum ‘Klengen Atelier’. Dëse Service realiséiert an der Haaptsaach Hausaarbechten,  ewéi Botzen a Wäschen, zum Beispill vun de Riddoen. Doriwwer eraus kënnen d’Mataarbechter vum Service eeler Matbierger bei hiren Akeef a medezinesche Rendez-vousen, genee ewéi och bei Spadséiergäng, begleeden. Donieft kënne si de Clienten doheem Gesellschaft leeschten, hinnen Hëllef beim Liese bidden an aner Aktivitéite mat de Clienten ënnerhuelen.

D’Haaptmissioune vum Service ‘De klengen Atelier’ a vum Service ‘Aide à la personne’ sinn et de Beneficiairen, déi hir Aarbecht verluer hunn, zwee Joer laang e gereegelten Aarbechtsalldag an Akommes ze erméiglechen an et hinnen an engems ze erlabe vun zousätzleche Formatiounen ze profitéieren, fir se esou nees an den normalen Aarbechtsmaart ze integréieren.

Mat den Aarbechten, déi de CIGL Suessem am Kader vum ‘Klengen Atelier’ a vum Service ‘Aide à la personne’ ubitt, gëtt och probéiert eng Offer ze schafen, déi et senge Clienten erlaabt esou laang ewéi méiglech bei sech doheem ze bleiwen, andeems hinnen en häerzlechen a qualitative Service proposéiert gëtt, deen hir Liewensqualitéit, zum Wuel vun allen, nohalteg verbessere kann.