Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Ëmwelt an Ekologie

Klimapakt 2.0

D’Gemeng Suessem huet 2021 de Klimapakt 2.0 ënnerschriwwen. Et handelt sech heibäi ëm eng Konventioun tëschent der Gemeng an dem Staat. D’Gemeng engagéiert sech e Qualitéitsmanagementsystem fir hir Klima- an Energiepolitik ëmzesetzen an en Energie-comptabilitéitssystem fir hir kommunal Infrastrukturen an Anlagen anzeriichten.

Dank engem Katalog mat Moossnamen, deen als Handbuch déngt, geet d’Gemeng op eng effikass Manéier an d’Richtung vun enger nohalteger Politik a follgende 6 Beräicher:

  1. Raumplanung a Konstruktiounen
  2. Kommunal Gebaier an Anlagen
  3. Ver- an Entsuergung
  4. Mobilitéit
  5. Intern Organisatioun
  6. Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Aktuell huet d’Gemeng eng Zertifizéirung vun der Kategorie 3 (>65%).

E wichtegt Element am Prozess ass d‘Klimateam. D’Memberen ënnerstëtzen de Klimaberoder bei sengen Aufgaben, wéi z. B. bei der Opstellung vum Joresprogramm Klimapakt.

Den 9. Juni 2022 ass d’Gemeng Suessem fir hir ëmgesate Moossnamen (65 %) aus dem Katalog vum Programm aus der Kategorie 3 ausgezeechent ginn. An de Kategorien ‘Kommunikatioun a Kooperatioun’ huet d’Gemeng mat 75 % e bemierkenswäert Resultat erziilt. Am Beräich ‘Mobilitéit’ (71 %) huet d’Gemeng en ëmfangräiche Masterplang entwéckelt. Konkreet Moossnamen, wéi d’Vitess virun de Schoulen ze reduzéieren si schonn ageleet. Den aktuellen Aushängeprojet ass d’energeetesch Renovatioun vun engem 200 m2 grousse Baucontainer, deen hätt sollen ofgerappt ginn an elo mat Hëllef vun enger Holzkonstruktioun a Stréidämmung renovéiert gëtt.

 

©Klima-Agence

 

Fir méi Informatioune consultéiert den offizielle Site vum Klimapakt oder kontaktéiert eisen interne Klimaberoder: christophe.mossong@suessem.lu.