Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Service de Médiation

Hutt Dir e Problem an der Noperschaft? Kaméidi, Gestank, lästeg Parksituatiounen, ze grouss Hecken oder Beem, Bauaarbechten, Schied, Hausdéieren, Eegentumsrecht …

D’Gemeng Suessem bitt hiren Awunner·inne vun elo un ee Service de Médiation un.

D’Mediatioun:

  • ass eng fräiwëlleg Demarche;
  • mécht hiert Bescht, fir datt Noperen hir eventuell Problemer am Gudde matenee kläre kënnen;
  • hëlleft dobäi eng Léisung ze sichen, déi fir all d’Parteien akzeptabel ass;
  • ass vertraulech;
  • kann op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Portugisesch sinn.

D’Mediateuren·tricen:

  • hunn eng professionell Formatioun an der Mediatioun;
  • intervenéiere fir d’Kommunikatioun bei enger Sträitsituatioun ze verbesseren;
  • begleeden déi zwou Parteie bei hirer Reflexioun an hëllefen dobäi e gemeinsamen Accord ze fannen;
  • sinn onparteiesch;
  • hale sech un déi professionell Schweigeflicht.

Är Virdeeler:

  • Et ass e gratis Service fir d’Awunner·inne vun der Suessemer Gemeng.
  • Et ass eng alternativ Léisung zur traditioneller Demarche.
  • D’Mediatioun kann Iech hëllefen eng besser Liewensqualitéit erëmzefannen.
  • Dir hutt näischt ze verléieren, mee eventuell alles ze gewannen!

 

Wéi funktionéiert et?

De Service de Médiation betreit all Mënsch, dee sech bei hinne mëllt op eng ganz perséinlech Aart a Weis an ënnerhëlt, jee no Fall, déi néideg Demarchë fir de Konflikt ze léisen.

De Service de Médiation vun der Gemeng Suessem huet ëmmer en oppent Ouer fir Iech.

Hannerloosst eis ee Message an Är Coordonnéeën um Repondeur +352 621 673 648 oder schéckt ee Mail u mediation@suessem.lu

Eng Mediateur.trice mellt sech esou séier wéi méiglech bei Iech.

 

Fannt hei nach zousätzlech Informatiounen>>>