• Meng Famill duerchlieft momentan eng schwéier Zäit
  • Alles wiisst mir iwwert de Kapp
  • Ech weess net un wien ech mech ka wenden
  • Ech géing gären iwwert méiglech Hëllefen opgekläert ginn

Opgrond vun Ärer Situatiounen, kann Iech eise Service dëst proposéieren:

  • Eng Ecoute, Ënnerstëtzung a Berodung
  • Eng sozial Betreiung
  • D’Elteren an d’Kanner an hire Projeten an Demarchen ënnerstëtzen
  • Eng Ënnerstëtzung fir Famille sinn, déi sech iwwerlaascht fillen oder sech an enger Krisesituatioun befannen
  • E sozio-edukativen Encadrement bei de Famillen doheem, opgrond vun hiren Disponibilitéiten

De sozialen an edukative Service “RASE” (relais d’accompagnement socio-éducatif) ass e gratis a benevole Service vun der Suessemer Gemeng. All déi Professionell vum soziale Secteur, d‘Schoulpersonal, d‘Educateuren·tricen, souwéi d’Kanner selwer, déi an der Gemeng an d’Schoul ginn an/oder an der Maison Relais ageschriwwe sinn, mee och hir Famill kënne sech un eise Service wärend de Bürosstonnen (8.00 – 12.30 Auer / 13.30 – 16.00 Auer) wenden. Rendez-vousen ausserhalb vun dësem Horaire sinn op Ufro och méiglech.