De Service des Relations publiques et de la Culture këmmert sech ëm d’Organisatioun an d’Koordinatioun vun deenen ënnerschiddlechste Manifestatiounen a Fester um Terrain vun der Gemeng Suessem.

Weider Aufgabe vum Service sinn d’Promotioun vun der Gemeng Suessem duerch d’Konzeptioun, d’Redaktioun an d’Kreatioun vu verschiddenste Publikatiounen, wéi zum Beispill dem Magazine kuerz&knapp., Broschüren oder Flyeren. Doniewent këmmert de Service sech ëm den Internetsite vun der Gemeng an d’Presenz op de soziale Medien.

Och d’Programmatioun vum Kulturhaus “Artikuss” fällt ënnert den Aufgabeberäich vum Service des Relations publiques et de la Culture

Zu gudder Lescht assuréiert de Service des Relations publiques et de la Culture d’Kommunikatioun vun der Gemeng no baussen an ass den Uspriechpartner fir d’Medien.