Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Konscht, Kultur, Sport a Fräizäit

ARTIKUSS

Den ARTIKUSS mat senger gesamter moderner Technik (Toun, Luucht, Projektioun, Bühn, Tribün) eegent sech fir all Zort vun Evenement oder Spektakel.

De Sall vu ronn 780m² ass komplett ëmbaubar, sou dass Dir déi Dispositioun wiele kënnt, déi Iech zouseet. Mir proposéieren Iech folgend Konfiguratiounen:

  • Konfiguratioun Concert :
    652 Sëtzplazen, dovunner 400 Still am Parterre, 204 fest Plazen op der mobiller Bühn an 48 Plazen um Balcon.
  • Konfiguratioun Banquet :
    Am Sall kënne bis zu 432 Leit Plaz fannen, an dat op 72 Dëscher zu jeeweils 6 Persounen.
  • kleng Konfiguratioun :
    Ee Rideau an der Mëtt vum Sall bitt d’Méiglechkeet den Artikuss an zwee ze deelen. An deem Fall kann déi mobil Tribün virun d’Bühn gezu ginn.

Dëst erlaabt folgend Kapassitéiten :

  • 204 Leit (Tribün)
  • 288 Still (Parterre)
  • 32 Dëscher an 256 Still (Banquet)

Mat sengen ënnerschiddleche Konfiguratioune wäert den ARTIKUSS Äre Virstellunge sécher entspriechen an Är Erwaardungen erfëllen.