Déi deeglech Aktivitéite vum CIGL gi vun der “Cellule de coordination interne” geréiert. Dat sinn den Direkter, d’Responsabel vum administrative Service, de Responsabele vum techneschen Déngscht an déi 4 Equippecheffe vun de verschiddene Servicer vum CIGL.
Fir d’Direktioun z’ënnerstëtzen an en uerdentleche Fonctionnement vum CIGL Suessem ze garantéieren, ass 2017 eng administrativ Assistentin fest agestallt ginn. Fir den deeglechen Accueil vun de Clienten ass eng Persoun, déi iwwert eng mesure de réinsertion au travail vun der ADEM agestallt konnt ginn, responsabel.

De Verwaltungsrot vum CIGL setzt sech aktuell esou zesummen:
Marco Goelhausen (President)
Nathalie Morgenthaler (Vizepresidentin)
Jerry Kraetzer (Sekretär)
Marcel Denuit (Assesseur)
Ronny Koster (Tresorier)
Patrizia Arendt
Aly Biver
Pascal Brossard
Yannick Civera
Yves Dahm
Serge Faber
John Kass
Albert Menghi
Nobert Munkler
Nico Oehmen
Charles Paulus
Patricia Speck-Braun