Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Gebuerten

Eng Gebuert deklaréieren

All Gebuert muss bei engem Beamte vum Etat Civil vun der Gemeng an där d’Kand gebuer gouf gemellt ginn. Dat muss bannent 10 Deeg no der Gebuert vum Kand geschéien, woubäi den Dag vun der Gebuert selwer net zielt.

E neigebuerent Kand muss vu sengem Papp oder senger Mamm ugemellt ginn.

Kënnen d’Elteren dat net maachen, kann e Kand vum Dokter, der Hiewan oder all anerer Persoun, déi bei der Gebuert gehollef huet, ugemellt ginn.

Bestueten Eltere musse bei der Deklaratioun den Avis vum Dokter, d’Familljebuch oder en Acte de Marriage esou wéi d’Ausweisdokumenter vu Papp a Mamm dobäi hunn.

Net bestueten Eltere mussen den Avis vum Dokter an d’Ausweispabeiere vun der Mamm an där Persoun, déi d’Kand umellt dobäi hunn.

Wann ee vun den Elterendeeler déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet oder am Grand-Duché op d’Welt komm ass, muss eng gemeinsam, a vu béiden Elterendeeler ënnerschriwwen, Deklaratioun iwwert den Numm vum Kand ofgi ginn.

Denkt och drun dem Populatiounsbüro vun der Gemeng an där dir wunnt eng Kopie vum Gebuertsschäin ofzeginn.