Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Hochzäiten

D’Koppel déi bestuet wëll ginn, egal ob Mann a Fra oder gläichgeschlechtlech, muss um État Civil laanschtkomme fir den Hochzäitsdossier an Ëmfang ze huelen.

Den Datum an d’Auerzäit vun der Zeremonie ginn zesumme mat engem·enger Offizéier·in vum État Civil a sengem·senger Delegué·e fixéiert, soubal den Dossier mat allen néidegen Dokumenter säitens der Koppel komplett ass.

Fir d’Hochzäiten an d’Partenariater, ka sech d’Koppel fir eng vun de Platzen, déi am Artikel 2 vum Reglement, a wann d’Disponibilitéiten et zouloossen, virgesi sinn.

D’Disponibilitéit vun de Loyalitéiten ass zesumme mam zoustännege Gemengeservice ze kucken, deen och fir d’Reservatioun vun ëffentleche Säll an Infrastrukturen an der Gemeng responsabel ass.

No der Zeremonie gëtt d’Gemeng bei enger Unzuel vu maximal 30 Leit e Patt.

Iwwert där Limitt vun 30 Leit ginn d’Gedrénks an d’Fraise fir de Service facturéiert.

Hochzäitsfeier

D’Ëffnungszäiten, ausser op Feierdeeg, fir d’Duerchféierung vun Hochzäiten oder Partnerschafte gëtt op follgend Deeg festgeluecht:

  • fir d’Gemengenhaus,

an der Woch, freides nomëttes.

  • fir d’Kultur- a Geschichtshaus A Gadder,

samschdes, no der Decisioun vum Schäff·innerot am September fir d’Joer drop, moies oder nomëttes.