20/08/2026
Installatioun vu Bremsschwellen zu Zolwer
Mir informéieren iech, datt d’Gemeng geschwë mat den Aarbechte fir d’Installatioun vu Bremsschwellen („coussins ralentisseurs“) an der Rue de Belvaux zu Zolwer, virun der Schoul 2000, ufänkt.
Dës provisoresch Moossnam soll d’Sécherheet virun der Schoul verbesseren, bis en definitive Projet fir d’Berouegung vum Verkéier ëmgesat gëtt.
Fir weider Informatioune kënnt dir iech gären un de Service technique ënnert der Telefonsnummer 59 30 75 – 477 oder per E-Mail un secretariat.technique@suessem.lu wenden.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli


