Personal fir de Pedibus gesicht
Am Kader vum Projet Pedibus gi Kanner bei verschidden extra dofir virgesi Busarrêten (dës si mat der Signalisatioun PEDISBUS gekennzeechent) ofgeholl an zu Fouss op sécherem Wee bei d’Schoul bruecht.
D’Gemeng Suessem sicht Interesséierter, déi d’Ekipp vum Pedibus-Reseau verstäerke wëllen. Eis Pedibus-Linne fonctionéiere bei der Schoul Suessem a beim Kannercampus Belval.
Accompagnateur·ricen musse Lëtzebuergesch schwätze kënnen. All Faart, déi als Begleetpersounduerchgefouert gëtt, gëtt mat 19,44 € (Indice 992,24) pro Trajet remuneréiert fir 8 Stonnen d’Woch CDI. Interesséierter kënnen hir Demande u service.scolaire@suessem.lu schécken. Fir weider Froe kann de Service via Telefon kontaktéiert ginn: 59 30 75 – 502
Demandë mussen iwwert dëse Formulaire eragereecht ginn: Formulaire Pedibus 2026
Formulairë fir d’Kanner anzeschreiwen:
Pedibus Sanem
Pedibus Kannercampus Belval