De Sport & Fun Chalet Belval mécht seng Dieren op
Bis den 11. September (16.07–04.08 / 05.08–24.08 / 25.08–11.09.) begréisst de Sport & Fun Chalet Belval iech am Park um Belval fir e Summer am Zeeche vu Sport, Spill a Gesellegkeet. Profitéiert gratis vun enger grousser Auswiel u Sport- a Spillmaterial: Fussball, Basketball, Volleyball, Badminton, Petanque, Mölkky, Kubb, Frisbee, Gesellschaftsspiller a villes méi. De Chalet ass all Dag vun 9.30 bis 18.00 Auer op, mat enger Ekipp sur place, déi iech d’Material zur Verfügung stellt an iech déi néideg Explikatioune gëtt.
Egal ob mat der Famill, ënner Frënn oder einfach ënnerwee am Park a Loscht, eppes Neies ze testen – kommt iech beweegen, Spaass hunn an d’Infrastrukture vum Park um Belval an enger gemittlecher Atmosphär entdecken.
D’Ausléine vum Material ass komplett gratis. Mir freeën eis op iech.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri





