Engagement fir d’LGBTIQ+ Communautéit
De Pride Month geet vum 1. bis 30. Juni, an an deem Kader wëllt d’Gemeng Suessem un hiert Engagement fir Gläichheet, Respekt an Diversitéit erënneren. An deem Sënn gouf rezent eng weider Bänk an de Reeboufaarwen ugestrach, direkt nieft der Gemeng zu Bieles, als siichtbaart Zeeche vun Ënnerstëtzung an Toleranz géintiwwer der LGBTIQ+ Communautéit. Och wann et vläicht „just“ eng Bänk ass, wëlle mir domat weisen, dass jiddereen∙t d’Recht huet, esou ze sinn, ewéi een ass – a Fräiheet a virun allem a Sécherheet.
Zënter e puer Joer verfollegt d’Gemeng Suessem aktiv en inklusiven an engagéierten Usaz. Andeems mir eis 2021 als LGBTIQ+ Freedom Zone deklaréiert hunn, leene mir all Form vun Diskriminatioun opgrond vun der sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit oder dem Geschlechtsausdrock of. Dës Positioun gëtt vu konkrete Moossnamen ënnerstëtzt, déi d’Zil hunn, d’Bewosstsinn ze erhéijen, Informatiounen ze vermëttelen an eng méi gerecht a respektvoll Gesellschaft ze fërderen.
Den 29. Juni 2024 gouf d‘Matgesfeld zu Bieles als Safe Space fir jiddereen∙t ausgeruff. An zënter e puer Joer sinn zwee Foussgängeriwwergäng an der Rue Jean Anen an de Faarwe vum Reebou agefierft.
Wisou mer de Pride Month brauchen? Well et nach ëmmer net evident ass, dass jiddereen∙t esou ka sinn (a liewen), wéi ee wëll. Obwuel et um Pabeier esou ass, huet am Alldag net jiddereen∙t déi nämmlecht Rechter oder Unerkennung. An eiser Gemeng wëlle mer dozou bäidroen, dass sech dat ännert. Mir wëlle Visibilitéit an Dialog schafen, oppen a solidaresch mat deenen ze sinn, déi eis Ënnerstëtzung brauchen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli

