Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
15/04/2026

„Elements of AI Luxembourg“ – kënschtlech Intelligenz verstoen

D’Lëtzebuerger Regierung lancéiert „Elements of AI Luxembourg“, een nationale Programm, fir d’Allgemengheet iwwert d’Auswierkunge vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) op eisen Alldag an eis Beruffer ze informéieren. Dëse Projet ass Deel vun der nationaler KI-Strategie a gëtt vum Departement fir Medien, Connectivitéit a Digitalpolitik (SMC) an Zesummenaarbecht mam Digital Learning Hub koordinéiert (DLH). De Programm gëtt och vum IFEN, den Ausbildungsinstitut fir d’Léierpersonal a vum INAP ënnerstëtzt.
 
De Programm ass gratis a jiddereen∙t kann ouni gréisser Virkenntnesser deelhuelen. All Persoun, déi déi kënschtlech Intelligenz besser ze verstoen a léiere wëll, wéi se eis Gesellschaft transforméiert, ass wëllkomm. De Programm leeft vum 2. Mäerz bis den 22. Mee 2026. Ënner dem Slogan „Catch the TrAIn“ invitéiert d’Kommunikatiounscampagne jiddereen∙t dozou, um Projet deelzehuelen.
 
De Programm besteet aus dräi komplementare Komponenten:
 
– Basis-Training (op Englesch, zertifizéiert), eng Aféierung a sechs Kapitelen an d’Grondlage vun der kënschtlecher Intelligenz.
– Online-Coaching-Sessiounen (op Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch), interaktiv Sessioune fir d’Wëssen ze verdéiwen, Froen ze stellen a mat Expert∙innen ze diskutéieren.
– Talk Time, Mini-Konferenzen um Belval, déi sech op konkret Beispiller vun AI-Uwendungen a verschiddene professionelle Beräicher konzentréieren.
 
All praktesch Informatiounen an de Link fir sech unzemelle sinn op der Websäit vum Digital Learning Hub verfügbar. D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt all Awunner∙innen, dës Geleeënheet ze notzen, fir d’Welt vun der kënschtlecher Intelligenz ze entdecken, ee wichtege Beräich fir d’Fäegkeeten an d’Aarbechtsplaze vun der Zukunft.
 
 

Zréck