État Civil
D’Büroe vum Service sinn exceptionell zou de 27. Februar 2026 an den 2. Mäerz 2026. Bei engem Stierffall, kënnt dir iech un de Populatiounsbüro Guichet 4 adresséieren. Kontakt: etat.civil@suessem.lu oder population@suessen.lu
Den Zivilstandsservice hält d’Situatioun vun enger Persoun an der Famill an an der Gesellschaft duerch Akte fest, virun allem Gebuertsakten, Hochzäitsakten, Partenariatsdeklaratiounen, Stierfakten a stellt Kopien an Auszich vun deenen Akten un déi betraffe Leit aus. D’Konzessiounen op de Kierfechter ginn och vun dësem Service gefouert. Den Indigénat (Ufroe fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit) ass och Bestanddeel vun den Aufgabe vum État Civil.
Fir onnéideg Deplacementer a Waardeschlaangen ze evitéieren, ass et ugeroden, am Virfeld e Rendez-vous am Büro vum Zivilstandsservice unzefroen iwwer d’Telefonsnummer 593075-504.
Kierfechter
Stierffall
Abiergerung
Hochzäiten
Gebuerten
Partenariat