Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: sarah

Bourse fir Student∙innen a Frankräich

Les Amitiés françaises de la Commune de Sanem (AFCS) goufen 1965 gegrënnt a setze sech fir déi frëndschaftlech Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, deemools virun allem nom Zweete Weltkrich tëscht den Awunner∙innen vun der Gemeng Suessem an eiser Partnergemeng Chauffailles.
 
Nodeems déi däitsch Arméi den 10. Mee 1940 a Lëtzebuerg agefall ass, sinn d’Awunner∙innen vu Bieles a Richtung Frankräich geflücht. Si goufe mat oppenen Äerm zu Chauffailles begréisst a kruten een Daach iwwert dem Kapp offréiert.
 
Si ënnerstëtzen d’Studentinnen aus eiser Gemeng, déi a Frankräich studéieren. D’Bourse kann iwwert dëse Formulaire ugefrot ginn: Bourse
 
Méi zu les Amitiés françaises de la Commune de Sanem gëtt et hei: AFCS
 

Foto: Robert Ferres
 
 

Botzaktioun Baachen: 47 m3 gesammelten Offall

Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne vum Ëmweltministère, zesumme mat de Flosspartnerschafte vun der Uelzecht an der Kor goufe vum 23. Februar bis 9. Mäerz 2026 d’Ufere vun dësen zwee Flëss souwéi hir Nieweflëss gebotzt. Insgesamt waren 13 Gemenge mat dobäi, dorënner och d’Gemeng Suessem.

De Bilan vum Offall aus de Baache kann a puer Zuelen zesummegefaasst ginn:

– Gesammelten Offall: 47 m3
– Plastiksfläschen: 2.500
– Glasfläschen: 1.200
– Metallbechsen: 1.900
Total: 5.600

Den opgeraaften Offall (47 m3) beleeft sech op 6.000 Kilogramm. Zesummefaassend heescht dat, dass op 78 Kilomeeter all 14 Meter entweder eng Fläsch oder eng Béchs fonnt ginn ass. Haaptsächlech si vill Plastik (inklusiv Lingetten), Kleeder, Schong, Textilien, Metall, Schrott, Holz, Miwweldeeler, Spillsaachen an Akafskierf (gefëllt mat Offall).

Méi Informatioune ginn et hei.

Vereinfacht äre Solar-Projet

De Principe vum Prefinanzement erlaabt et iech, är Solar-Installatioun ouni äre komplette Budget integral ze investéieren. Eng Partie vun der ëffentlecher Subventioun gëtt direkt vun der Facture ofgezunn, sou datt d’Zomm, déi zumSchluss vun den Aarbechten nach beglach muss ginn, manner wäert sinn.
 
Déi handwierklech Aarbecht gëtt duerch de Ministère de l’Économie rembourséiert. Dëse Mechanismus entlaascht souwuel déi initial Käschte wéi och d’Formalitéiten, well d’Installateurfirma sech ëm all administrativ Demande fir d’Finanzéierungshëllef këmmeren.
 
Fir wien ass dëst geduecht?
 
Dës Ënnerstëtzung ass fir Proprietären, déi op hirem Wunnhaus eng Photovoltaik installéiere wëllen. Dëst gëllt fir Installatioune mat oder ouni Heemspäicher, mat Ausnam vu renge Batteriespäicheren.
 
Just agreéiert Firmen aus dem offizielle Register vun de Prefinanzement-Installateure kënnen dëse Service ubidden. Beim Kontrakt ënnerschreift dir ee Mandat, sou datt den Handwierker de Prefinanzement an ärem Numm maache kann. Méi Infoe ginn et um Site vu Klima-Agence.
 
Formulaire fir de Subside Klimaschutz 2030.
 
 

Aarbechten an der Rue du Chemin de Fer zu Bieles

An der Rue du Chemin de Fer zu Bieles gi Beem ëmgehaen.
 
Start vun den Aarbechten: Mëttwoch, den 18. Februar 2026 um 08.30 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- 4 Stonnen

 
D’Rue du Chemin de Fer zu Bieles gëtt am Beräich vum Chantier a Richtung Bieles Zentrum fir de Verkéier gespaart. Eng Deviatioun geet iwwert d’Rue Jean Anen. D’Fuerbunn a Richtung Uewerkuer bleift wärend den Aarbechten op.
 
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
 
 

Ëmweltsensibilisatioun an der Schoul Roude Wee

Zesumme mat hiren Enseignanten, de Responsabele vum Service Écologique an der energieagence gouf den Engagement vu Schüler·innen aus de Klasse vum Cycle 4 vun der Schoul Roude Wee de 9. Februar 2026 geéiert. Si kruten am Kader vum Projet „Nachhaltigkeit macht Schule“ Diplomer iwwerreecht, well si d’Ziler vun der Ëmweltsensibiliséierung erfollegräich ëmgesat hunn.
 
Duerch Experimenter, Excursiounen, Quizzen a Rollespiller hunn d’Kanner verstanen, wat et heescht, ëmweltbewosst ze sinn. Si kruten Denkustéiss, fir hir eegent Handelen ze iwwerdenken a sinn opgekläert ginn, wéi si dat Wëssen, wat si sech ugëeegent hunn, a Realitéit ëmsetze kënnen. Insgesamt hu si 6 Modullen opgeschafft:
 
– Nohaltegkeetssensibiliséierung/Zäregaseffekt
– Energiequellen
– Richteg hëtzen/lëften
– Stroum spueren
– Ressource Waasser
– Pabeier
 
No der Theorie hu si dat Geléiert an der Praxis missten ëmsetzen: D’Schüler·innen hu selwer konnten testen, wéi si mat Miessapparater wéi Thermometer oder CO2-Apparater ëmginn a kruten déi jeeweileg Gadgete mat, fir an hire Klassesäll ze benotzen.
 
D’Initiativ ass een essenzielle Pilier am Klimaschutz op Gemengenniveau a gëtt bei der Bewäertung vum Klimapakt berécksiichtegt.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri
 
 










 
 

Rechnungen op MyGuichet

Zënter dem 6.Februar hunn d’Awunner∙innen aus der Gemeng Suessem d’Méiglechkeet, hir Gemengerechnungen direkt an hirem perséinleche MyGuichet-Espace ze kréien.
 
Fonctionnement
– Schnell Aktivéierung: Et geet duer, déi entspriechend Optioun an ärem MyGuichet ze aktivéieren an är Zoustëmmung ze ginn.
– Automatescht digitaalt Verschécken: Nom Validéiere ginn all zukünfteg Rechnungen am MyGuichet ofgeluecht, mat engem Dossier, deen iwwer fënnef Joer consultéieren ass.
– Zréck wiesselen ass ëmmer méiglech: Wa gewënscht, kann dës Astellung nees réckgängeg gemaach an d‘Rechnunge via Post verschéckt ginn.
 
Wat nach wichteg ass
– D’Matricule verbënnt de MyGuichet-Kont mam Dossier an der Gemeng; si muss also korrekt ausgefëllt ginn, fir de Service kënnen ze notzen.
– Dës Konfiguratioun gëllt fir all Gemengerechnungen vun der betraffener Persoun.
 
Detailer ginn et hei.
 
 

Eng Suessemer Delegatioun zu Nanzeg

Den Dënschdeg, 27. Januar 2026, war eng Delegatioun vun der Gemeng Suessem op Nanzeg ënnerwee, fir eng inspiréierend Entdeckungsrees ronderëm Kultur, Innovatioun an nohalteg Zesummenaarbecht tëscht de Stied ze maachen. D’Visitt huet um Site vum L’Octroi ugefaangen – engem fréiere Schluechthaus, dat haut als moderne Pol ganz am Zeeche vu Kreativitéit an Austausch steet. Ënner der Leedung vun der Directrice Angélique Gauvain krut d’Delegatioun en Abléck an d’Geschicht an d’Neigestaltung vum Site. Haut schaffen hei Kënschtler∙innen, Entrepreneuren a Veräiner Hand an Hand, fir nei Iddien an e kulturellt Liewen an d’Stad eranzebréngen.
 
Vun do aus goung et weider an den L’Autre Canal, en alternative Concertssall fir aktuell Musek zu Nanzeg, deen direkt nieft dem L’Octroi läit. Dës Plaz ass e wichtege kulturelle Melting Pot an der Regioun a weist, wéi Kultur, Kreatioun a Stadentwécklung erfollegräich zesummewierke kënnen. D’Ekipp vum Haus huet d’Gebailechkeeten, d’Proufraim an d’Programmatioun virgestallt.
Nom Mëttegiessen huet d’Delegatioun La Grande Épicerie Générale besicht, wou si vum Steven Royer, Koordinator vum Projet, empfaang gouf. Dëse kooperativen a partizipative Supermarché gëtt vu Bierger·inne selwer bedriwwen a setzt op nohalteg, regional a verantwortlech Consomatioun.
 
Dës Visitt, tëscht kultureller Inspiratioun a prakteschen Iddien aus dem Alldag, huet bei de Suessemer Vertrieder vill Denkustéiss hannerlooss a wäert sécher an de weidere Reflexioune fir zukünfteg Gemengeprojeten eng Roll spillen.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit
 
 













 
 

Nächst Editioun vun der Trophée d’Alzette Belval

GECT Alzette Belval engagéiert sich och 2026 fir déi grenziwwerschreidend Communautéit um Niveau den Associatiounen a relancéiert an deem Sënn d’Trophée d’Alzette Belval. Déi éischt Editioun gouf iwwert de Summer 2025 organiséiert an deen éischte Projet gouf erausgesicht. Dir hutt eng Iddi a wëllt matmaachen? Dann hu mer gutt Noriichten, well vum 2. Februar 2026 ass den Appel à candidatures nees op.
 
Zil ass et, Projeten ze ënnerstëtzen, déi a Kollaboratioun vu franséischen a lëtzebuergeschen Associatiounen um Terrain Alzette Belval ëmgesat ginn. Insgesamt ginn dräi Projeten erausgepickt, déi jeeweils eng Dotatioun vun 1.000 Euro kréien, dat fir d’Zesummenaarbechten, den Austausch an d’Kreativitéit iwwert d’Grenzen eraus ze stäerken. D’Associatioune kënnen hir Kandidatur tëscht dem 2. Februar an 31. Mäerz 2026 stellen, d’Laureat·inne ginn am Summer publizéiert.
 
D’Gemeng Suessem rifft all aktiv Acteur·innen aus dem Associatiounsberäich häerzlech dozou op, sech un dësem Appel à projets ze bedeelegen an hir innovativ Iddien anzereechen, fir d’Verbindungen tëscht eise Gemengen a Regiounen ze stäerken. D’Participatiounsbedéngungen a wéi dir iech aschreiwe kënnt, fannt dir hei: Règlement et modalités de candidature
 
 

Liichtmëssdag

E Méindeg, den 2. Februar ass Liichtmëssdag zu Lëtzebuerg. An deem Kader gi vill Kanner mat hire Lampionen duerch eis Gemeng. Mir bieden d’Automobilist∙innen, wa si ënnerwee sinn, besonnesch opzepassen a sech un d’Vitesslimitatiounen ze halen. Den Eltere rode mir, d’Kanner hell a faarweg an hinnen, wa méiglech, eng Sécherheetswest unzedoen.
 
Méi Informatioune fannt dir um Site vun der Police Lëtzebuerg.
 
 
 
 
 

Roude Wee – Presentatioun vum neie Schoul- a Sportkomplex

De Freideg, 16. Januar 2026, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem d’Press op eng offiziell Presentatioun vum geplangte Bauprojet vum neie Schoul- a Sportskomplex um Chemin Rouge zu Bieles invitéiert. Bei dëser Geleeënheet waren och d’Architekten, déi fir de Projet zoustänneg sinn, d’Vertrieder·inne vun de Gemengeservicer an de Gemengerot selwer dobäi.

De geplangte Campus stellt e weidere wichtege Schrëtt am Masterplan Bildung 2035, esou wéi an der Entwécklung vum Quartier duer a reagéiert op de wuessende Besoin un edukativen a sportlechen Infrastrukturen. Wärend déi aktuell Schoul ronn 340 Schüler·innen zielt, wäert déi nei Ariichtung Plaz fir zousätzlech ongeféier 260 Kanner bidden, verdeelt op zéng modern, flexibel an hell Klassesäll. Den neie Komplex wäert och eng Sportshal, eng Schwämm fir de Schoulgebrauch an ee Sportsterrain am Fräien ëmfaassen, fir en optimale Kader fir Léieren a kierperlech Aktivitéiten ze schafen.





Copyright: STDM architectes urbanistes

Besonnesche Wäert gouf op eng harmonesch Integratioun an de bestoende Quartier geluecht. Déi meescht vun de Gebaier wäerte just zwee Stäck hunn, fir sech natierlech an d’Ëmgéigend anzepassen. Zousätzlech gëtt d’nohalteg Mobilitéit grouss geschriwwen : d’Zon an a ronderëm deen neie Campus soll haaptsächlech fir Foussgänger·innen a Vëlosfuerer gestalt ginn, an de motoriséierten Trafick gëtt duerch en „Shared Space“-Konzept staark reduzéiert.

Den Ufank vun de Bauaarbechten ass fir d’Joer 2027 virgesinn, an d’Fäerdegstellung gëtt tëscht 2029 an 2030 erwaart.










Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri

De Stammdësch

De leschte Stammdësch war vum Dënschdeg, 25. November bis e Samschdeg, 29. November 2025 am Café Theaterstiffchen beim Mimmchen. Déi ausgewielten Autor∙innen waren d’Aude-Laurence Biver, de Paul Mathieu an de Fábio Godinho.
 
Autor∙inne loosse sech a verschidde Gemengen néier fir d’Awunner∙innen bei engem gemittleche Stammdësch ze treffen. Bei engem Gedrénks an an engem méi labberen Echange deelt all Mënsch seng Erfarungen: Erënnerungen aus der Kandheet, Geschichten aus dem Beruffsliewen, Momenter aus dem Alldag oder kleng Anekdoten. Aus dëse Gespréicher schreiwen d’Autor∙innen kuerz dramatesch Texter, déi d’Essenz vun dëser Plaz an de Leit, déi do liewen, afänken. Dës Texter ginn duerno un eng∙ee Regisseur∙in weiderginn, fir eng Versioun mat Liesung fir Schauspiller∙inne virzebereeden. D’Presentatioun fënnt genau do statt, wou alles ugefaangen huet.
 
Le Gueuloir, e Kollektiv vu franséisch-lëtzebuergesch-belschen Autor∙innen, realiséiert dës Residenzen a lokale Caféen – liewege Raim, wou Geschichte sech bal vum Selwen erzielen an den Theater erëm dohinner zeréckfënnt, wou en hierkomm ass: bei d’Leit selwer.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri
 
 










 
 

Neijoerschpatt fir d’Gemengepersonal

Fir d’Joer 2026 am Zeeche vun Zesummenhalt a Wuelbefannen op der Aarbecht unzefänken, gouf e klengen Neijoerschpatt fir d’Personal vun der Gemeng organiséiert. An deem Kader hat de Schäff·innerot d’Personal an den Artikuss op Zolwer invitéiert.
 
De Schäff·innerot hat vun dëser Geleeënheet profitéiert, fir jidderengem fir den Asaz am Laf vum vergaangene Joer Merci ze soen an sech géigesäiteg vill Erfolleg fir dat neit Joer ze wënschen.
 
Ee gudde Moment, fir den Zesummenhalt an Teamgeescht ze stäerken an d’Joer 2026 an enger waarmer a positiver Ambiance unzefänken.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri
 
 






 
 

Asammlung vun de Chrëschtbeemercher

Am Januar steet déi traditionell Asammlung vun de Chrëschtbeemercher an de véier Uertschafte vun der Gemeng Suessem un.
 
Suessem: e Mëttwoch, de 7. Januar
Bieles: en Donneschdeg, den 8. Januar
Éilereng/Belval: e Freideg, den 9. Januar
Zolwer: e Méindeg, den 12. Januar

 
Leet äre Beemchen ouni Dekoratioun den Owend virdrun op den Trottoir. Nëmmen déi ouni Deko gi matgeholl.
 
 

Nächst Phas vu Chantier bei Schoul Bieles-Post

Wéinst dem Progrès vum Reamenagement op engem Deel vun der Rue de la Poste an der Rue de l’Usine zu Bieles am Kader vun der Ariichtung vun enger Tempo-30-Zone virun der Schoul Bieles-Post, geet de Chantier an déi nächst Phas.
 
Suite vun den Aarbechten: e Méindeg, den 12. Januar 2026 ab 09.00 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- Abrëll 2026

 
Tëscht der Rue des Alliés an der Maison sociale (Nr. 14, Rue de la Poste) gëtt eng Fuerspuer gespaart an dësen Tronçon als Sens-unique gereegelt. De Busarrêt Postschoul a Richtung Déifferdeng gëtt ausschliisslech vun der RGTR-Linn 642 souwéi dem Schoultransport ugefuer; ee provisoreschen Arrêt fir déi aner RGTR- an TICE-Linnen ass an der Rue du Stade virgesinn.
 
Den Accès zu de Commercen, Kierfechter a Parkplaze bleift garantéiert.
 
Bei Froe ka sech un de Service technique ënnert der Telefonsnummer 593075 – 477 oder via Mail u secretariat.technique@suessem.lu gewent ginn.
 
 

 
 

Entretiensaarbechten an der Rue de l’Usine

Vun e Méindeg, den 22. Dezember 2025 u mécht AirLiquide Entretiensaarbechten an eiser Gemeng. D’Aarbechte ginn an der Rue de l’Usine zu Bieles duerchgefouert. Well d’Leitung um Poste vun AirLiquide eidel gemaach gëtt, kann et zu engem Päife kommen, well dës Leitungen ënner Drock stinn. Obwuel d’Aarbechte just op dës Strooss begrenzt ginn, kann de Kaméidi am ganzen Duerf ze héiere sinn.
 
 

Ëmweltkalenner 2026

All Joer entwéckelt d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat talentéierten Illustrator·inne vu Lëtzebuerg en eenzegaartege Kalenner, dee Kreativitéit a Sensibiliséierung fir d’Ëmwelt matenee verbënnt. Fir 2026 dauche mir an en neit, essentiellt Thema an: d’Waasser – eis wäertvollst Ressource. Ënnert dem Titel H₂O Yeah setzt dës Editioun Waasser an all senge Facetten an de Virdergrond.
 
All Mount fokusséiert sech op een aneren Aspekt vun dësem Thema: de Schutz vum Drénkwaasser, d’Biodiversitéit, eng nohalteg Gestioun vum Reewaasser, manner Waasser verschwenden oder och de Schutz vun de Flëss an dem Grondwaasser. D‘Illustrator·inne hunn dës Themen an inspiréierend visuell Wierker verwandelt, déi jiddereen∙t dozou alueden, iwwer d’Wichtegkeet vum Waasser an eisem Alldag nozedenken – an doriwwer, wéi mir et kënne schützen, Drëps fir Drëps.

  • Cover Art Work : Jeff Poitiers
  • Januar: Lisa Junius
  • Februar: Gilles Kutten
  • Mäerz: Daphne Fu
  • Abrëll: Jiyun Jeong
  • Mee: Loïc Lusnia
  • Juni: Patrick Hallé
  • Juli: Sarah Mafféïs
  • August: Lisa Goebel
  • September: Lucile Matter
  • Oktober: Charl Vinz
  • November: Dirk Kesseler
  • Dezember: Mik Muhlen

Hei geet et bei de Kalenner fir dat neit Joer: Ëmweltkalenner 2026
 







 
 

Klappjuegd den 2. Januar

E Samschdeg den 3. Januar 2026 ass eng Klappjuegd um Lous 591 (Bieles – Déifferdeng – Gaalgebierg) vun 10.00 bis 14.00 Auer.

Mir bieden iech, wärend deem Zäitraum net an de Bësch spadséieren ze goen. Op de genannte Plaze sinn entspriechend Schëlder opgestallt ginn, déi op d’Klappjuegd hiweisen.

Wann ee mam Auto ënnerwee ass, soll een an deene Géigenden, wou Juegten annoncéiert goufen, d’Vitess upassen an de Bord vun der Strooss am Bléck behalen, besonnesch do, wou entspriechend Panneauen op Wëldwiessel hiweisen. Kënnt et zu engem Zesummestouss mat engem Déier, soll een et net selwer upaken oder réckelen, mee direkt d’Police ruffen.

D’Klappjuegte ginn nach bis den 31. Januar 2026.

Weider Detailer ginn et um Site vum Geoportail.

Aschreiwung fir Éischt-Hëllef-Cours

Dir wëllt an der Lag si medezinesch Noutfäll richteg z’erkennen, liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen an Noutfallpatient·inne richteg ze tässelen? De Service Sociétés organiséiert nees fir d’Rentrée 2025 een Éischt-Hëllef-Cours, dës Kéier op Englesch. D’Formatioun gëtt am Festsall vun der Gemeng ofgehalen. Dir kënnt iech gratis fir d’Formatioun, déi op 4 Samschdeger vun 8.00 bis 12.00 Auer opgedeelt ass, umellen. Opgepasst: Et muss een un deene 4 Deeg deelhuelen, fir d’Formatioun erfollegräich ofzeschléissen.

• 28. Februar
• 7. Mäerz
• 14. Mäerz
• 21. Mäerz

D’Umeldung geet iwwert den Internetsite vum CGDIS: Gratis Aschreiwung

Inhalter vum Cours:

• Éischt Mesuren op Accidenter
• D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
• Verbrennungen
• Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
• Basic Life Support mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
• Reanimatioun vu Kanner
• Engem accidentéierte Motard patientegerecht den Helm ausdoen

Changement beim Schoultransport

Vum 5. Januar 2026 änneren d’Linne vum Schoultransport an der Südregioun. Da gëllt: nei Nummeren, awer deen nämmlechten Trajet.

Follgend Schoule si vun der Ännerung betraff:

Esch-Uelzecht & Belval

  • Lycée de Garçons
  • Lycée Hubert Clement
  • Lycée Guillaume Kroll
  • Lycée technique Lallange
  • École privée Marie-Consolatrice
  • Lycée Bel-Val

Bascharage: Lycée technique pour professions de santé

Péiteng/Lamadelaine: Lycée Mathias Adam

Déifferdeng: École internationale EIDE, Lycée Mathias Adam – Annexe Jenker

Diddeleng: Lycée Nic Biever, Lycée Nic Biever – Annexe Alliance

Hei den Iwwerbléck zu de Linnen:

  • Linn 600 -> Linn J01 (Bascharage, Suessem, Éilereng, Esch-Gare)
  • Linn 601 -> Linn J17 (Péiteng, Lénger, Bascharage, Suessem, Éilereng, Esch)
  • Linn 610 -> Linn J02 (Déifferdeng via Zolwer, Esch)
  • Linn 611 -> Linn J16 (Déifferdeng via Bieles, Esch)
  • Linn 612 -> Linn J03 (Déifferdeng, Bieles, Esch)
  • Linn 613 -> Linn Q01 (Déifferdeng, Bieles, L.G.K)
  • Linn 620 -> Linn T01 (Esch, L.T.M.A)
  • Linn 621 -> Linn T02 (Esch-Gare, L.T.M.A)
  • Linn 624 -> Linn T03 (Esch-Uelzecht, Déifferdeng, LMA)
  • Linn 630 -> Linn Q02 (Nidderkuer, Déifferdeng, Zolwer, L.G.K)
  • Linn 640 -> Linn J04 (Péiteng, Déifferdeng, Bieles, Esch-Uelzecht)
  • Linn 643 -> Linn J05 (Féngeg, Esch-Uelzecht)

Detailer zu de Linnen ginn et hei.

Changement bei TICE an RGTR

Am Kader vun der kontinuéierlecher Verbesserung vum RGTR-Busnetz ginn ab e Sonndeg, de 14. Dezember 2025, Upassunge bei den Horairen an den Trajete vu ronn 70 Linnen ëmgesat. Fir eis Gemeng betreffen déi wichtegst Ännerungen d’Linnen RGTR 643 a 650 souwéi d’Linnen TICE 1, 2, 3, 5, 7, 14 an 15 vum 4. Januar un.

Neie Reseausplang

Ännerungen ab dem 14. Dezember 2025

RGTR Linn 643: (fréier TICE Linn 17: Esch – Éilereng – Monnerech– Péiteng/Steebrécken)

  • Nei Nummeréierung vun der fréierer Linn 17

  • Neien Terminus zu Steebrécken, Rue d’Europe

RGTR Linn 650: Bieles – Belval – Rëmeleng – Beetebuerg

  • Neien Trajet iwwer Rëmeleng op der N33

RGTR Linn 651 (transfrontalier)

  • Nei Offer mat engem Bus all 15 Minutten

  • Trajet: Volmerange-les-Mines – Oberkorn iwwer Diddeleng, Käl, Déifferdeng, Esch-Uelzecht

Citybus TICE (Linnen 8, 9, 10 a 12)

Dës Linnen ginn ab dem 14. Dezember 2025 vun de Gemengen iwwerholl, ouni Ännerung vun den Trajete oder den Horairen.

Méi Detailer zu den Ännerunge vum RGTR fannt dir hei.

Ännerungen ab dem 4. Januar 2026

TICE Linn 1: Esch – Bieles – Déifferdeng – Péiteng – Lamadelaine – Rodange

  • Verlängerung vun der Linn bis Rodange-Schwämm

  • Neien Trajet zu Esch iwwer d’Rue Sidney Thomas an d’Rue Victor Hugo

TICE Linn 2: Schëffléng – Esch – Zolwer – Déifferdeng

  • Verlängerung bis an d’ZAE „Op Herbett“ zu Schëffleng

  • Neien Trajet vun Esch-Lalleng a Rue du Moulin zu Schëffleng

TICE Linn 3: Esch – Bieles – Bascharage – Lénger – Rodange

  • Neie Verlaf zu Bascharage iwwer d’Rue de Hautcharage amplaz vun der Rue de Schuller

TICE Linn 4: Esch-Belval – Esch-Gare – Schëffleng – Keel – Diddeleng

  • Verlängerung mat neien Terminus beim Laboratoire national de santé (LNS) zu Diddeleng

  • Neien Trajet vum Quartier Biereng zu Diddeleng

  • Direkten Trajet tëschent Esch a Belval iwwer d’Rue Large

TICE Linn 5: Éilereng – Esch – Rëmeleng – Keel – Diddeleng

  • Verlängerung bis an d’ZARE zu Ehlerange

  • Verlängerung bis an d’Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng

TICE Linn 7: Esch – Lalleng – Esch-Belval – Zolwer

  • Verlängerung bis Zolwer „Scheierhaff“

  • Upassung vum Trajet am Quartier Lalleng

  • Trajet vun der Rue de Luxembourg amplaz vun der Rue Emile Mayrisch

  • Ab dem 4. Januar gëtt de CHEM vun Esch vun der RGTR Linn 641 bedéngt

TICE Linn 14: Déifferdeng – Suessem – Bascharage – Péiteng – Rodange

  • Verlängerung vum Terminus Déifferdeng-Schoul op Uewerkuer-Aquasud

TICE Linn 15: Esch – Belval – Bieles – Bascharage – Féngeg – Kënzeg

  • Neie Verlaf zu Bascharage iwwer d’Rue de Schouweiler aplaz iwwert d’Rue de Hautcharage

  • Direkte Wee zu Zolwer iwwer d’Rue de Belvaux

  • Direkte Wee zu Belval iwwer de Boulevard du Jazz

Méi Detailer hei.

Ännerungen ab dem 5. Januar 2026

Vum 5. Januar 2026 änneren d’Linne vum Schoultransport an der Südregioun. Da gëllt: nei Nummeren, awer deen nämmlechten Trajet. Hei ginn et weider Detailer dozou.

Léiert är Noperschaft (besser) kennen

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Senioren den 1. Oktober hunn de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, d’Police an de GERO eng Campagne an d’Liewe geruff, fir d’Relatiounen tëscht Noperen ze stäerken oder iwwerhaapt eemol ze erméiglechen. Doduerch soll besonnesch de Lien zu de Senioren an hirer Noperschaft intensivéiert ginn.
 
Wéi kënnt Dir matmaachen?
 
D’Kaart eroflueden: Benotzt d’Kaart, déi Dir hei am Artikel erofluede kënnt.
 
Eng Nopesch oder een Noper invitéieren: Am beschten eng Persoun, déi méi al ass wéi dir. Schreift Äre Kontakt op d’Kaart, wielt eng Propos aus oder schlot selwer eng vir. Geheit d’Kaart an d’Boîte vun där jeeweileger Persoun.
 
E gemittleche Moment deelen: Fannt gemeinsam dee passenden Zäitpunkt. Profitéiert vun där Geleeënheet fir iech auszetauschen, ze schwätzen an eng nei Connection ze schafen.
 
Är Renconter deelen!
 
No Ärem Rendez-vous kënnt Dir eng Foto oder kleng Noriicht mat Ärer Erfarung op info@gero.lu schécken. Déi flottste Fotoen an déi beréierensten, witzegst oder éischter ongewéinlechst Geschichten oder Kommentare ginn an där nächster Editioun vum geroAKTIV de 15. Dezember 2025 verëffentlecht.
 
Eng Kaart, fir méi einfach a Kontakt ze trieden.
 
 

 
 

Orange Week: Hors d’Haleine

Den Artikuss ass an der Däischtert. D’Publikum gëtt kee Mucks vu sech wärenddeems den Ofspann op der Leinwand leeft. Schliisslech erstraalt d’Bün an orangem Liicht an déi sechs Intervenanten huelen hier Plazen an. E liicht Opootme geet duerch de Sall. Gewise gouf den Hors d’Haleine vum Eric Lamhène, deen dem Emma säi Werdegang als Affer vun haislecher Gewalt a senge verschiddene Facettë vun intensiven Emotiounen, onsiichtbare Verletzungen an enger immenser Resilienz weist. Gewalt géint Fraen a Meedercher gëtt et hei zu Lëtzebuerg an och an eiser Gemeng an alle soziale Schichten. Am Kader vun der Orange Week, déi op dëse soziale Problem opmierksam mécht, huet d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) op de Cinédébat zum Film Hors d’Haleine invitéiert den 1. Dezember.
 
Mat der Iddi e Thriller ze dréine mat enger Fra, déi Affer vun haislecher Gewalt ass, sinn den Eric Lamhène an d’Rae Lyn Lee e Foyer fir Frae besiche gaange fir Recherche vum Milieu ze maachen. „Entgéint mengen Erwaardungen eng kal a gro Plaz virzefannen an der déi ‚schwächste Leit‘ zäitweis zesummeliewen, hu mir en Haus virfonnt, an deem Kanner zesumme spillen a ronderëm lafen. Séier konnt ech feststellen, dass mir mat richteg staarke Perséinlechkeeten ze dinn hunn, an dass si alles anescht wéi schwaach sinn“, esou den Eric Lamhène. Den Entschloss war séier gefaasst, dass se eppes doriwwer maache missten an dass hir ursprünglech Iddi adaptéiert misst ginn. De ganzen Artikel fannt dir hei.
 
 

Challenge: „Famille presque zéro déchet“

Am Kader vun der Europäescher Woch vun der Offallreduktioun (22. bis 30. November) hunn d’Gemeng Suessem an de GECT Alzette Belval, zesumme mat allen ACTE-Projetspartneren, d’Umeldunge fir déi grenziwwerschreidend Challenge „Famille presque zéro déchet“ lancéiert. D’Initiativ ëmfaasst dat ganzt Gebitt Alzette Belval. Den Challenge geet de 17. Januar 2026 un a begleet iwwer fënnef Méint verschidde Stéit op béide Säite vun der Grenz. Zil ass et, den Alldagsoffall ze reduzéieren, de Konsum nei ze denken an nohalteg Gewunnechten un déi nächst Generatioune weiderzeginn. D’Challenge riicht sech un all Stot: grouss Famillen, Koppelen, Persounen, déi eleng wunnen oder Wunngemeinschaften. Jiddereen∙t ka matmaachen, ganz nom eegene Rhythmus.
 
Iwwer déi ganz Dauer vum Programm hu Participant∙inne fräien Zougang zu enger Rei vun Aktivitéiten a Workshops:

  • Feierlechkeeten ouni Offall;
  • Kompostéieren a Gaardenaarbecht;
  • Reparatur a Weiderverwendung;
  • Do-It-Yourself-Atelieren;
  • an nach vill aner Aktivitéiten, déi zesumme mat de Partner vum ACTE-Projet organiséiert ginn.

Dës Rendez-vousen hunn den Zweck, den Austausch ze fërderen, d’Participant∙innen ze inspiréieren an hinne konkret Hëllefsmëttel ze ginn, fir am Alldag einfach Schrëtt fir een ekologeschen Iwwergank ze maachen. All Stot kritt een offiziellen Diplom fir seng Offallreduktioun, a verschidde Präisser sollen d’Motivatioun vun de Participant∙innen undreiwen. Interesséiert? Da mellt iech hei fir den Challenge un.
 
Fir eis Gemeng geet et esou richteg lass mat enger Soirée, duerch déi de Jérémie Pichon féiert. Hien ass Matgrënner vun der Beweegung an Auteur vum bekannte Guide Famille „Presque” Zéro Déchet. Mat sengem bewäerten Humor erzielt hien, wéi seng Famill et fäerdeg bruecht huet, vun 390 Kilo Offall d’Joer op nëmmen 1 Kilo erofzegoen. Eng schéi Geleeënheet, fir ze entdecken, dass e méi bescheide Liewensstil och Freed a Liichtegkeet ka mat sech bréngen. Rendez-vous den 28. Januar am Artikuss. Gratis Konferenz op Umeldung – méi Detailer hei.
 
 



 
 

De Stammdësch zu Bieles

Autor∙inne loosse sech a verschidde Gemengen néier fir d’Awunner∙innen bei engem gemittleche Stammdësch ze treffen. Bei engem Gedrénks an an engem méi labberen Echange deelt all Mënsch seng Erfarungen: Erënnerungen aus der Kandheet, Geschichten aus dem Beruffsliewen, Momenter aus dem Alldag oder kleng Anekdoten. Aus dëse Gespréicher schreiwen d’Autor∙innen kuerz dramatesch Texter, déi d’Essenz vun dëser Plaz an de Leit, déi do liewen, afänken. Dës Texter ginn duerno un eng∙ee Regisseur∙in weiderginn, fir eng Versioun mat Liesung fir Schauspiller∙inne virzebereeden. D’Presentatioun fënnt genau do statt, wou alles ugefaangen huet.
 
Le Gueuloir, e Kollektiv vu franséisch-lëtzebuergesch-belschen Autor∙innen, realiséiert dës Residenzen a lokale Caféen – liewege Raim, wou Geschichte sech bal vum Selwen erzielen an den Theater erëm dohinner zeréckfënnt, wou en hierkomm ass: bei d’Leit selwer.
 
Den nächste Stammdësch fënnt en Dënschdeg, 25. November um 10.00 Auer bis e Freideg, 28. November statt. De Samschdeg, 29. November, gëtt et eng kleng Reprise vu ronn enger Stonn ab 11.00 Auer. Rendez-vous am Café Theaterstiffchen beim Mimmchen statt. Adress: 15, Rue Dicks Lentz, L-4436 Bieles
 
Déi ausgewielten Autor∙innen :
 
Paul Mathieu
Fábio Godinho
Aude-Laurence Biver
 
 

Bréiffrëndschaft & Wanteratelieren

Mir wëllen d’Generatiounen zu Suessem méi no zesummebréngen. Dofir organiséiert de Service Senior+ vun der Gemeng Suessem zesumme mat der Maison Relais vum Kannercampus Belval am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen mam Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil nei Aktivitéiten.
 
Wanter-Atelieren (20.11.25–19.12.25)
 
Erlieft zesumme mat de Kanner flott Momenter. All d’Aktivitéite ginn duerch d’Personal vun der Maison Relais begleet. D’Plaze si limitéiert – Dir kënnt Iech fir een oder och méi Atelieren aschreiwen:

  • Donneschdeg 20.11.2025 vun 15.00–16.30 Auer | musikaleschen Nomëtten
  • Mëttwoch 26.11.2025 vun 15.00–16.30 Auer | Chrëscht-Deko bastelen
  • Donneschdeg 11.12.2025 vun 15.00–16.30 Auer | Beweegung fir jiddereen
  • Freideg 19.12.2025 vun 15.00–17.00 Auer | Weihnachtsgebäck baken

Eng Navette bréngt Iech um 14.40 Auer vun der Gemeng op de Kannercampus an erëm zeréck.
 
Bréiffrëndschaft
 
Dir hutt Freed un der klassescher Bréifform a wëllt engem Kand als Bréiffrënd·in zur Säit stoen? Déi Kleng schreiwen aus der Maison Relais eraus a ginn dobäi vum Personal ënnerstëtzt.
 
Deelt Är Erfarungen a Geschichten a gitt de Kanner Wäerter a Fäegkeete mat op hire Liewenswee – an och Dir kritt vill Wäermt a Freed zeréck.
 
Umeldung beim Service Senior+ vun der Gemeng Suessem via Telefon um 59 30 75 – 631 / 731  or per E-Mail op senior.plus@suessem.lu.
 
 

Aarbechten an der Rue d’Esch zu Suessem

An der Rue d’Esch zu Suessem gëtt den definitive Stroossebelag op der Héicht vum Zeebrasträifen nieft dem Haus Nummer 68 geluecht.
 
Dauer vun den Aarbechten: e Freiden, de 7. November 2025 tëscht +/- 07.00 an 18.00 Auer
 
D’Rue Esch gëtt fir de gesamte Verkéier gespaart. Eng Deviatioun ass op der Plaz gezeechent.
 
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.
 
 

5. Gebuertsdag vum LEQGF zu Bieles

E Samschdeg, 27. September 2025 hat d’Gemeng Suessem d’Éier, bei der 5-Joer-Feier vum Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes (LEQGF) an A Gadder zu Bieles mat dobäi ze sinn. Dës Feier huet politesch Vertrieder·innen, Membere vun aneren Associatiounen an natierlech dem LEQGF souwéi engagéiert Bierger·innen zesummebruecht, fir en aussergewéinleche Parcours vu Fuerschung, Dialog an Opklärungsaarbecht ze feieren. Ënnert den Invitéë waren ënnert anerem d’Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung a Diversitéit an d’Tilly Metz, EU-Deputéiert (déi gréng), gezielt. Hir Presenz ënnersträicht déi politesch, wëssenschaftlech a gesellschaftlech Bedeitung vum LEQGF. Doriwwer eraus war d’Gemeng Suessem houfreg, datt och Rosa Lëtzebuerg mat Vertrieder·innen dobäi war, mam Tom Hecker (President) an dem Andy Maar (Member vum Verwaltungsrot). Rosa Lëtzebuerg spillt zënter ville Joren eng zentral Roll an der LGBTIQ+-Communautéit zu Lëtzebuerg.
 
D’Zeremonie huet déi wichtegst Etappen aus de fënnef éischte Joren an Erënnerung geruff: vun der éischter Rentrée am September 2021, iwwer wëssenschaftlech Konferenzen zu queer an trans Studies, bis bei Formatiounen an Opklärungsaarbechten. Den LEQGF huet sech als eng credibel Stëmm an der Fuerschung zu Geschlechteridentitéiten, Feminismus a sexueller Diversitéit etabléiert an als wichtege Partner fir eng gläichberechtegt Politik bewisen. D’Schäffin fir Gläichstellung a Diversitéit, Nathalie Morgenthaler, huet d’Initiativ begréisst, de Luxembourg LGBTIQ+ Panel ze schafen, a gläichzäiteg d’Wichtegkeet vun der Fuerschungsaarbecht vum LEQGF iwwer d’LGBTIQ+-Communautéit zu Lëtzebuerg ënnerstrach. Doduerch gëtt et méiglech, déi Erausfuerderungen ze verstoen, mat deene queer Persoune sech am Alldag konfrontéiert gesinn. Mir als Gemeng Suessem si frou, datt den LEQGF säi Sëtz an eiser Gemeng etabléiert huet – e kloert Zeeche fir eisen Engagement fir Gläichstellung a Diversitéit an eng Beräicherung vum kulturellen an intellektuelle Liewe bei eis.
 
Mir wënschen dem LEQGF, a virun allem de Grënnerinne Sandy Artuso, Enrica Pianaro a Josée Thill nach vill Joer Erfolleg, Entdeckungen a Fortschrëtter an hirer Missioun: eis Gesellschaft méi gerecht, inklusiv an opgekläert ze maachen.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli
 
 

















 
 

Offiziell Aweiung Kanner-Geschierkëscht

A Presenz vum Minister fir Bildung, Kanner a Jugend Claude Meisch, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes, de Responsabele vun der UP_FOUNDATION, alle Partner∙inne vum Pilotprojet an dem Schäff∙innen- a Gemengerot vun der Gemeng Suessem gouf D’Kanner-Geschierkëscht den 22. September 2025 offiziell presentéiert. Rendez-vous war am Matsgesfeld, wou d’Kanner aus eiser Gemeng déi lescht Méint fläisseg un der Cabane geschafft, gebuert a gehummert hunn.

No enger Visitt vum Matgesfeld an Erklärunge vun der Buergermeeschtesch Simone-Asselborn Bintz hunn de Ben Piret an d’Sue Schmit vun der UP_FOUNDATION en Abléck ginn, wat d’Iddi vum Projet ass a wat de Plang fir déi nächst Méint ass.

Wat ass D’Kanner-Geschierkëscht a Kollaboratioun mat der UP_FOUNDATION?

De Projet riicht sech u Schoulkanner tëscht 7 a 14 Joer an erméiglecht hinnen, am ëffentleche Raum ze plangen, ze bauen a praktesch Strukture selwer ze entwéckelen. Duerch dëse kreative Bauprozess entwéckele si wichteg Fäegkeete wéi fein- a grobmotoresch Kompetenzen, Kreativitéit, Selbststännegkeet an e Bewosstsi fir nohaltegt Handelen.

D’Kanner-Geschierkëscht besteet aus zwou Haaptachsen:

1. De Chantier: eng interaktiv Plaz, wou Kanner zesumme mat Fachleit aus dem Handwierk léieren, wéi een eppes mat den Hänn erschaaft;

2. De mobillen Atelier (ab 2027): déi mobil Fortsetzung vum Projet, déi duerch d’Land reest a Follgendes ubitt:

• Een Netz aus Partner·innen, dat d’Kanner begleet fir handwierklech Beruffer ze erfuerschen;
• Eng mobil Toolbox mat Material, Equipement a Sécherheetsgeschier;
• Ee pädagogesche Kader, deen Opklärung, Plangen a praktesch Ëmsetzung verbënnt.

Méi Fotoe ginn et hei.

Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri










Ännerung bei Kleedersammlung

D’Kleedersammlung vu Kolping an eiser Gemeng, déi fir e Samschdeg, den 20. September 2025 geplangt war, gëtt op e Méindeg, den 22. September geréckelt. D’Kleeder ginn an den Uertschafte Suessem an Éilereng agesammelt an och nëmme vun deene Stéit, déi eng dofir virgesinn Tut geschéckt kruten.
 
Merci fir äert Versteesdemech.
 
 

Gewënner∙inne vu „Pimp my Bushaischen“

De Concours „Pimp my Bushaischen“ huet och dëst Joer nees gewisen, wéi een Impakt Fantasie a Kreativitéit kënnen hunn. D’Iddi ass einfach: de Bushaisercher an der Gemeng en neit Liewen ze ginn – verschéinert duerch artistesch Projeten, déi vu Schoulen, Veräiner, Familljen a Bierger∙inne realiséiert ginn.
 
Säi Start hat d’Aktioun 2016 am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch, wat direkt ee grousse Succès war. Och haut nach begeeschtert a mobiliséiert de Concours, well en net nëmmen dozou bäidréit, de Busarrête méi Liewen anzehauchen, mee och d’Bewosstsi fir nohalteg Mobilitéit ze stäerken. D’Thema vun dësem Joer war „Mobility for Everyone“ – e staarke Message, dee sech an all de proposéierte Projeten erëmfonnt huet. D’Participant∙inne hunn immens vill Zäit, Energie a Passioun an hir Kreatiounen investéiert. All Arrêt erzielt eng Geschicht, vermëttelt ee Message a weist de kollektiven Engagement. Dës Bedeelegung mécht de Concours esou wäertvoll.
 
Den Donneschdeg, 18. September 2025, goufen am Festsall vun der Gemeng zu Bieles d’Gewënner∙inne bekannt ginn:
 
1. Präis(500€) : SEA Roudewee – Arrêt Schoul Roudewee (Bieles)
2. Präis (250€) : SEA Helgebaach – Place Tornaco
3. Präis (250€) : EDS Lëtzebuerg – Metzerlach
4. Präis (250€) : GS Grupp Gr.-D. Jean Bieles-Zolwer – Place de l’Indépendance
5. Präis (250€) : Deborah Coljon – Zolwer, Schoul 2000 – Rue de Belvaux
6. Präis (250€) : Famill Delgado Morais – Mairie
 
E grousse Bravo un all déi engagéiert Mënschen, déi dëse Projet zu eppes Besonneschem maachen.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli. All d’Fotoen hei.
 
 






 
 

Changement bei Ëffnungszäite vun der Gemeng

D’Ëffnungszäite vum Gemengenhaus zu Bieles ännere vum 1. September 2025 u fir de Public.
 
Nei Ëffnungszäite fir d’Gemengenhaus:

  • Méindes: 08.00 – 11.30 an 13.30 – 16.30 Auer
  • Dënschdes: 07.15 – 11.30 an 13.30 – 16.30 Auer
  • Mëttwochs: 08.00 – 11.30 an 13.30 – 18.00 Auer
  • Donneschdes: 08.00 – 11.30 an 13.30 – 16.30 Auer
  • Freides: 08.00 – 11.30 an 13.30 – 16.30 Auer

Dir braucht eng Informatioun aus engem Gemengeservice? Fannt hei en Iwwerbléck vun de meeschtkontaktéierte Servicer:

  • Administratioun: 59 30 75 – 1
  • Bautebüro: 59 30 75 – 669
  • Facturatioun: 59 30 75 – 623
  • SEA (Maison relais): 59 30 75 – 2000
  • Service Hygiène (Poubelle/Encombrants): 59 30 75 – 420
  • Office social: 59 30 75 – 899
  • Sekretariat Service Technique: 59 30 75 – 477

 
 

Avis au public: Société Capner

D’Gemeng Suessem mécht drop opmierksam, dass d’Firma Capner aktuell vun Haus zu Haus geet an eventuell Telefonsuriff mécht, fir Energieberodung a Photovoltaik-Anlagen unzebidden. D’Gemeng Suessem distanzéiert sech vun dëser Virgoensweis a stellt kloer, dass si dës Firma net beoptraagt huet, um Terrain vun der Gemeng ze agéieren.
 
Wa vun ärer Säit Interessi besteet, denkt drun, verschidden Offeren ze vergläichen. Loosst iech op kee Fall ënnert Drock setzen, eng Offer unzehuelen.
 
Fir Froen zu dëser Thematik kënnt dir iech un eise Partner, Klima-Agence, wenden. Detailer fir eng gratis Berodung ginn et hei.
 
 

Personal fir de Pedibus gesicht

Am Kader vum Projet Pedibus gi Kanner bei verschidden extra dofir virgesi Busarrêten (dës si mat der Signalisatioun PEDISBUS gekennzeechent) ofgeholl an zu Fouss op sécherem Wee bei d’Schoul bruecht.
 
D’Gemeng Suessem sicht Interesséierter, déi d’Ekipp vum Pedibus-Reseau verstäerke wëllen. Eis Pedibus-Linne fonctionéiere bei der Schoul Suessem a beim Kannercampus Belval an hale sech un d’Auerzäite vun de Schoulstonnen, heescht jeeweils viru respektiv nom Cours.

Pedibus Sanem

 

 
 

Pedibus Kannercampus Belval

 

 
 
Accompagnateur·ricen musse Lëtzebuergesch schwätze kënnen. All Faart, déi als Begleetpersounduerchgefouert gëtt, gëtt mat 18,97 € (Indice 968,04) remuneréiert. Interesséierter kënnen hir Demande u service.scolaire@suessem.lu schécken. Fir weider Froe kann de Service via Telefon kontaktéiert ginn: 59 30 75 – 502
 
Demandë mussen iwwert dëse Formulaire eragereecht ginn: PDF Pedibus 2025
 
Formulairë fir d’Kanner anzeschreiwen:
Pedibus Sanem
Pedibus Kannercampus Belval
 
 

kierfchen.lu: Uebst aus eise Bongerten besser notzen

Am Kader vum Projet Natura 2000 verbënnt vum Natur- a Geopark Mëllerdall ass d’Internetsäit kierfchen.lu entstanen. Dobäi handelt et sech ëm eng Plattform, déi d’Zil huet, d’Uebst aus eise Bongerte besser ze notzen. Lokaalt Uebst soll op deem Wee nees méi wäertgeschätzt ginn.
 
D‘Kärstéck vun der Internetsäit ass eng interaktiv Kaart. Do kënnen z. B. Bewirtschafter∙innen vun engem Bongert Annoncë schalten a sou gesinn d’Leit, wou si Uebst plécke respektiv sammele kënne goen. Op deem Wee kënne Proprietär∙innen awer och beim Plécke gehollef kréien oder si kënne selwer eng Pléckaktioun an d’Liewe ruffen. Iwwert de Site kann och no Maschinne fir d’Recolte oder d’Veraarbechtung gesicht respektiv verlount ginn.
All User bestëmmt dobäi selwer, wéi vill Informatioune public gemaach ginn. Ee präzise Standuert vum Bongert ass net obligatoresch. Et geet duer, dass eng éischt Kontaktopnahm an d’Weeër geleet ka ginn, fir d’Detailer méi spéit ze klären.
 
D’Aschreiwung op kierfchen.lu ass komplett gratis.
 
 

Aarbechte virun der Schoul Bieles-Post

D’Aarbechte fir de Reamenagement vun engem Deel vun der Rue de la Poste an der Rue de l’Usine zu Bieles am Kader vun enger Zon 30 virun der Grondschoul Bieles-Post fänken un.

  • Start vun den Aarbechten: e Méindeg, 25. August 2025 um 07.30 Auer
  • Dauer vun den Aarbechten : +/- 14 Méint

D’Verkéierssituatioun gëtt Schrëtt fir Schrëtt dem Chantier ugepasst. Déi éischt Phas vun den Aarbechte fänkt op der Säit vun der Grondschoul un. Tëscht der Rue de l’Usine an der Rue de France gëtt eng Spuer gespaart. De Busarrêt „Postschoul“ (Richtung Déifferdeng) entfält. Fir déi ze ersetze gëtt ee provisoreschen Arrêt an der Rue du Stade ageriicht.
 
Den Accès zu de Commercen, dem Kierfecht an de Parkinge bleift garantéiert.
 
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.
 
 

 
 

Ofschloss vun der IRIS-Formatioun zu Bieles

Den 18. Juni war den Ofschloss vun der IRIS-Formatioun zu Bieles – e wichtege Moment, deen eist gemeinsaamt Engagement géint d’Eleng-Sinn an déi sozial Isolatioun ënnersträicht. Fir déi zweet Kéier gouf d’Formatioun bei eis, dës Kéier op der Gemeng zu Bieles ofgehalen, wat duerch déi wäertvoll Zesummenaarbecht tëscht dem Roude Kräiz an dem Service Senior+ vun der Gemeng Suessem méiglech war.
 
Zënter hirer Grënnung am Joer 2012 bereet d’IRIS-Formatioun Fräiwëlleger drop vir, Mënschen, déi an Isolatioun liewen – egal ob doheem oder an enger Institutioun – e Gefill vu Wäertschätzung ze vermëttelen. Dës Visitte sinn einfach a mënschlech – een Austausch bei Kaffi a Kuch, e Spadséiergang an der Noperschaft, eng Partie Kaarte spillen – sou kleng Gesten hëllefen, déi wichteg sozial Relatiounen am Alldag nees opzebauen.
 
E grousse Merci un all d’Fräiwëlleger, déi un dëser Sessioun deelgeholl hunn. Hiert Engagement ass de Pilier dësem wichtege Projet. Duerch si kënnen nei Relatiounen, Vertrauen an ee Gefill vun „ech sinn Deel vun der Gesellschaft“ entstoen. Fir méi iwwer de Service ze gewuer ginn, klickt hei.
 
 

Plan canicule – Adaptatioun vun Ëffnungszäiten

Wéinst de Wiederkonditioune ginn d’Ëffnungszäite vun den administrative Servicer vun der Gemeng Suessem ugepasst.

  • En Dënschdeg, den 12. August 2025 vu 7.15 Auer bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung
  • E Mëttwoch, den 13. August 2025 vun 8.30 bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung
  • En Donneschdeg, de 14. August 2025 vun 8.30 bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung

Dovunner ass och de Service Technique betraff. Dëse gëtt déi dräi Deeg bis 14.00 Auer assuréiert. D’Permanence vum État Civil bleift och assuréiert iwwert d’Telefonsnummer 621 277 227.
 
Dës Ännerunge gëllen nëmme fir den 12., 13. a 14. August 2025. Nom 14. August fonctionéieren d’Servicer nees no de gewinnten Auerzäiten (de 15. August ass ee Feierdag).
 
De Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale huet am Fall vun enger Canicule Recommandatiounen eraus ginn. Informatioune ginn et hei. Fir d’Senior∙inne ginn et och entspriechend Recommandatiounen, dës ginn et hei fir nozeliesen.
 
 

Neie Standuert fir de Wochemuart

D’Gemeng Suessem informéiert hir Awunner∙innen a Commerçanten, datt de Wochenmuart wéinst engem Chantier, deen de 25. August 2025 ufänkt, net méi um Parking vis-à-vis vun der Schoul Belvaux-Poste stattfënnt. Ab e Mëttwoch, dem 20. August 2025 gëtt de Muart provisoresch op d’Place de l‘Indépendance zu Zolwer verluecht.
 
Praktesch Informatiounen:

  • Neie Standuert: Place de l’Indépendance zu Zolwer
  • Horaire: all Mëttwoch vu 7.00 bis 13.30 Auer

Appel à candidatures – Commerçante gesicht
 
Am Kader vun der Relance vum Wochemuart mécht d’Gemeng Suessem en Opruff un interesséiert Commerçanten, fir d’Offer um Muart ze vergréisseren an eng méi grouss Diversitéit u Liewensmëttelproduiten unzebidden. Interesséiert Persoune kënne sech beim Service Relations publiques et Culture melle mat enger kuerzer Beschreiwung vum Konzept, den technesche Besoine sur Place (z. B. Stroum, wéi vill Plaz gebraucht gëtt, …) an enger Kopie vun der Autorisatioun de commerce. D’Kandidature muss bis spéitstens de 14. September 2025 agereecht ginn.
 
Kontakt iwwer Mail service.rpc@suessem.lu oder Telefon  (+352) 59 30 75 – 503.
 
 

Chantier um Boulevard des Lumières zu Bieles

Wéinst der Preparatioun vun engem Chantier op der Héicht vun den Nummere 5 bis 7 um Boulevard des Lumières zu Bieles, gëtt eng Fuerspuer punktuell zougemaach.

 

  • Start vun den Aarbechten: Mëttwoch, de 16 Juli 2025 um 9.00 Auer
  • Dauer vun den Aarbechten: 2 Joer

 

Den Tronçon tëscht der Rue Jules Ferry an der Rue Gustave Eiffel gëtt am Sens-unique gereegelt. Eng Signalisatioun gëtt op der Plaz opgestallt.

Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.

Éierung fir aussergewéinlech Leeschtungen

Den Donneschdeg, den 3. Juli 2025 huet eng offiziell Receptioun am Festsall vun der Gemeng Suessem stattfonnt, fir eng aussergewéinlech sportlech Leeschtung ze feieren: d’Verdeedegung vum nationale Championstitel duerch d’Härenekipp A vum Sporting Club Bieles.
 
Organiséiert vum Schäff∙innerot, huet dës Receptioun d’Spiller, d’Comitésmembere wéi och kommunal Vertrieder∙inne fir e gudde Moment zesummebruecht. Fir dëse schéine Succès ze markéieren, gouf och e klenge Catering ugebueden. D’Gemeng Suessem gratuléiert dem Sporting Club Bieles häerzlech zu der Verdeedegung vum nationalen Titel a seet der Ekipp Merci.
 
 




 
 

Vandalismus vu Panneau zu Zolwer

Am Kader vum Pride Month an der Luxembourg Pride Week huet d’Gemeng Suessem dëst Joer Dekoratioune mat Referenz op d’LGBTIQ+ Freedom Zone an de véier Uertschaften installéiert. Dës Schëlder sollen net nëmme fir visuell Präsenz an eisem ëffentleche Raum suergen, mee och fir en däitleche Message stoen: D’Gemeng Suessem engagéiert sech fir eng oppen, tolerant an inklusiv Gesellschaft, wou jiddereen·t – onofhängeg vu sexueller Orientéierung oder Geschlechtsidentitéit – seng Plaz huet.
 
Mat Bedaueren hu mir misse feststellen, datt d’Dekoratioun an der Rue de la Croix zu Zolwer iwwert de Weekend vum 27. Juni 2025 Zil vu Vandalismus ginn ass. Dëst Verhalen ass net acceptabel a gëtt vun der Gemeng op dat Schäerfst verurteelt. D’Gemeng huet eng Plainte deposéiert.
 
Mir wëllen nach eng Kéier ënnersträichen: Diskriminéierung huet an eiser Gemeng keng Plaz. D’Gemeng Suessem steet fest hannert hirer LGBTIQ+-Communautéit an trëtt kloer géint all Form vu mënscheveruechtendem Verhalen.
 
 

Pilotprojet fir Kanner am Matgesfeld

D’Gemeng Suessem ass houfreg, de Pilotprojet D’Kanner-Geschierkëscht vun der UP_FOUNDATION am Bildungs- an Ëmweltzenter Matgesfeld offiziell ze presentéieren – eng innovativ Initiativ, déi praktesch Erfarung iwwert d’Bildung, nohaltegt Denken a Beruffsorientéierung matenee verbënnt.
 
Dëse Projet riicht sech u Schoulkanner tëscht 7 a 14 Joer an erméiglecht hinnen, am ëffentleche Raum ze plangen, ze bauen a praktesch Strukture selwer ze entwéckelen. Duerch dëse kreative Bauprozess entwéckele si wichteg Fäegkeete wéi fein- a grobmotoresch Kompetenzen, Kreativitéit, Selbststännegkeet an e Bewosstsi fir nohaltegt Handelen.

Eng edukativ Approche op zwou Sailen

 
D’Kanner-Geschierkëscht besteet aus zwou Haaptachsen:

  1. De Chantier: eng interaktiv Plaz, wou Kanner zesumme mat Fachleit aus dem Handwierk léieren, wéi een eppes mat den Hänn erschaaft;
  2. De mobillen Atelier (ab 2027): déi mobil Fortsetzung vum Projet, déi duerch d’Land reest a Follgendes ubitt:
  • Een Netz aus Partner·innen, dat d’Kanner begleet fir handwierklech Beruffer ze erfuerschen;
  • Eng mobil Toolbox mat Material, Equipement a Sécherheetsgeschier;
  • Ee pädagogesche Kader, deen Opklärung, Plangen a praktesch Ëmsetzung verbënnt.

D’Matgesfeld als Plaz fir Innovatioun

De Pilotprojet am Matgesfeld ass déi éischt Etapp vun dëser Initiativ. Zesumme mat Handwierker·inne bauen d’Kanner eng nohalteg Bud, déi spéider och gebraucht soll ginn fir zum Beispill Atelieren ze organiséieren.

Eng nohalteg Zukunft fir dës Häip

No 2026 kritt d’Cabane eng permanent pädagogesch Roll um Matgesfeld. Si wäert als Léierplaz fir Aktivitéite ronderëm d’Handwierk, natierlech Ressourcen an erneierbar Energien déngen – a gläichzäiteg den Engagement vun der Gemeng am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung weider stäerken.

Op dem Wee zu engem mobillen Atelier ab 2027

Unhand vun der gesammelter Erfahrung wäert ab 2027 ee mobillen Atelier entwéckelt ginn. Entstanen an der Gemeng Suessem, erméiglecht dëse Projet d’Weiderféierung vun der Initiativ an d’Verbreedung vum hei entwéckelte Savoir-faire. D’Gemeng Suessem bleift domat d’Wéi an d’Referenz vun dëser innovativer Bildungsinitiativ ronderëm Handwierk an Nohaltegkeet

a setzt sech domat fir eng ëmweltfrëndlech, inklusiv a praxisorientéiert Bildung an – fir déi jonk Generatioun vu muer. Eng Initiativ vun der UP Foundation, ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an enge sëllege lokale Partner·innen.
 
Méi Informatiounen an ee Video mat weideren Erklärunge ginn et hei. Mir waren dobäi wéi eng Klass aus enger vun eise Schoule Mëtt Juni un der Cabane geschafft huet:
 
 










 
 



 
 

Visibilitéit am ëffentleche Raum

De Juni steet ganz am Zeeche vum Pride Month, deen och an der Gemeng Suessem visibel gemaach gëtt. An Zesummenaarbecht mam Service Écologique a Service Technique – Département Environnement, huet de Service à l’Égalité des chances et Diversité déi lescht Wochen eng Iddi ausgeschafft. An deem Kader stinn op ausgewielte Plazen zënter Juni LGBTIQ+-Panneauen, dorënner an der Rue de l’Usine zu Bieles, beim Terrain zu Éilereng, an der Rue de la Croix zu Zolwer an op der Kräizung Rue de Niederkorn mat der Rue du Château zu Suessem. D’Panneauen hänke bis den 13. Juli 2025 inclus, fir den Ofschloss vun der Pride Week zu Lëtzebuerg.
 
D’Gemeng Suessem ass zënter dem 18. Juni 2021 eng LGBTIQ+ Freedom Zone. Méi dozou kënnt dir hei liesen: Freedom Zone
 
 


 
 

Sportscoursen an der Summervakanz

D’Sportskommissioun organiséiert wärend der Summervakanz 2025 divers Sportscoursen. All Cours ass op verschidden Datumer an Auerzäiten, Interesséierter sollen also am Virfeld kucken, wéini wéi ee Cours wou ugebuede gëtt. Eng Umeldung am Virfeld ass net néideg. Bei generelle Froe kënnen déi jeeweileg Monitricë kontaktéiert ginn.

Zumba Gold

Ëmmer dënschdes vun 19.00 bis 20.00 Auer mam Nadine Fischbach (GSM: 621 278 163) am Kulturschapp zu Éilereng.

  • 24. Juni
  • 1.Juli
  • 15. Juli
  • 22. Juli
  • 29. Juli
  • 5. August
  • 12. August
  • 19. August
  • 26. August
  • 9. September

Pilates (avancé)

Ëmmer dënschdes vu 16.30 bis 17.30 Auer mam Karin Proth (GSM: 661 231 267) am Haff vum Kulturschapp zu ÉilerengWichteg: All Participant·in muss eng Sportmatt matbréngen. Falls et reent, gëtt de Cours bannen ofgehalen.

  • 1. Juli
  • 8. Juli
  • 15. Juli
  • 22. Juli
  • 29. Juli
  • 5. August

Nordic-Walking-Stretching

Ëmmer dënschdes vun 19.00 bis 20.30 Auer mam Corinne Tredemy (GSM: 621 361 405) mat Treffpunkt um Parking KUSS um Scheierhaff fir weider op de Gaalgebierg.

  • 15. Juli
  • 22. Juli
  • 29. Juli
  • 5. August
  • 12. August

Fit 4 Fun

Ëmmer donneschdes vun 9.15 bis 10.15 Auer mam Nelly Tessaro (GSM: 621 710 769) am Haff vum Kulturschapp zu Éilereng. Falls et reent, gëtt de Cours bannen ofgehalen.

  • 7. August
  • 14. August
  • 21. August
  • 28. August

Gym 50+ Stullgymnastik

Ëmmer mëttwochs vu 15.00 bis 16.00 Auer mam Nelly Tessaro (GSM: 621 710 769) an der Maison Beck zu Zolwer. Falls et reent, gëtt de Cours bannen ofgehalen.

  • 6. August
  • 13. August
  • 20. August
  • 27. August

Dinner in the Dark fir den Diversity Day

Am Kader vum Diversity Day 2025 huet d’Chancëgläichheetskommissioun een aussergewéinlecht Event organiséiert: en Dinner in the Dark den 3. Juni am Boulodrome zu Bieles. Et war net déi éischte Kéier, well scho virun dräi Joer huet dat speziellt Iesserliefnis stattfonnt an deemools wéi haut mat vollem Succès: D’Evenement war komplett ausgebucht, mat ronn 30 ugemellte Persounen.
 
De Menü gouf zesumme mam Kach vun der Eis Brasserie ausgeschafft a vu fënnef Membere vun der zoustänneger Chancëgläichheetskommissioun zerwéiert. D’Gäscht hunn am Viraus nëmmen uginn, ob si Allergien oder Intoleranzen hunn oder eng vegetaresch Optioun wéilten – iwwert de reelle Menü gouf am Virfeld näischt verroden. Dëst huet fir vill Iwwerraschung a spannend Diskussiounen um Dësch gesuergt, well am Däischteren d’Sënner ganz anescht gefuerdert ginn. Nieft Tartare de Boeuf, Oignons frits oder Purée de pomme de terre an Effiloché de porc cuit basse température gouf et fir d’Vegetarier∙innen eng Crème de légumes et légumes confits, ee Crémeux de patate douce an eng Polenta poêlée mat enger Déclinaison de légumes en différentes textures. Fir den Dessert stounge Pavlova aux fruits rouges an Île flottante déstructurée mat Siphon à la vanille um Menü.
 
Duerch den Owend hunn de Patrick Hurst a Joaquim Sampaio Alves gefouert, ënnerstëtzt vun der Presidentin vun der Kommissioun, Sandrine Reuter. Och d’Ressortschäffin Nathalie Morgenthaler war präsent. D’Reaktioune vun de Participant∙innen ware positiv: Vill hu betount, wéi interessant et war, Iessen eemol op eng ganz aner Manéier ze erliewen – ouni d’Aen, mee mat vill méi Opmierksamkeet fir Goût, Textur a Gespréicher mat den anere Leit.
 
 



 
 

Testfaart mat der autonomer Navett

E Méindeg, den 2. Juni 2025 war de Schäff∙innerot mat der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz, der Schäffin Nathalie Morgenthaler an de Schäffe Steve Gierenz a Mike Lorang bei enger Testfaart vun der autonomer Navett vun den CFL mat dobäi. D’Gefier befënnt sech aktuell op der leschter Ligne droit vun den Tester, heescht et ginn lescht Testfaarte gemaach, fir alldeeglech Situatiounen am Stroosseverkéier ze simuléieren. Déi verschidden Trajete ginn ofgefuer, fir wann d’Testfaart bis ofgeschloss ass, ob all méiglech Situatioun reagéieren ze kënnen, zum Beispill wa Beem, Poubellen oder Autoen am Wee stinn.
 
Bei all Trajet ass ëmmer, wéi vun der lëtzebuerger Gesetzgebung virgesinn, ee Chauffer mat dobäi. Dësen iwwerwaacht de System a kann jee ne Besoin ageräifen. Nieft dësem kënne nach weider 8 Persounen am Gefier Plaz huelen. Et ass och eng Plaz fir eng Persoun am Rollstull virgesinn. D’Navett ass mat enger entspriechender Ramp equipéiert, déi vum Chauffer manipuléiert gëtt.
 
Am manuelle Modus gëtt d’Navett mat engem sougenannte Joystick, also kengem gängege Steierrad, gefuer. Am Normalbetrib fiert d’CFL-Navett vun der Terrass vun den Héichiewe fort bis bei de Kannercampus. Op Plazen ouni Foussgänger a Stroosseverkéier kann d’Navett maximal 25 km/h fueren, op verschiddenen Passagen fiert d’Navette méi lues (zum Beispill lanscht den Belval Plaza).
 
Aktuell befënnt sech de Projet an der leschter Phas, viraussiichtlech soll dës bis de Summer ofgeschloss sinn.
Hei ginn et weider Detailer: Autonom Navett vun den CFL
 
 

 
 

Projet erareeche bei „Pimp my Bushaischen“

D‘Gemeng Suessem organiséiert op en Neits de Concours Pimp my Bushaischen, eng Aktioun, déi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2016 lancéiert gouf. Wéi den Numm et scho seet, ass et drëms gaangen, de Bushaisercher e besonneschen Touch ze ginn. An dofir brauche mir iech an är Kreativitéit. D’Haisercher sollen nämlech vu Leit aus der Gemeng nei gestalt ginn. D’Material kritt dir vum eisem Service Technique gestallt.

Dir kënnt iech online umellen oder d’Dokument fir d’Umeldung hei eroflueden: Fiche d’inscription 2025. De Formulaire kann dann un de Service Technique geschéckt ginn. Dat geet iwwer follgend E-Mail: secretariat.technique@suessem.lu

D’Projete kënne bis den 10. September 2025 agereecht ginn. D’Gewënner·inne gi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2025 ausgezeechent. Déi betraffe Leit kréien am Virfeld eng Invitatioun.

D’Thema vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2025 ass „Mobility for Everyone“. An de Konschtwierker soll also beschtefalls dëse Sujet erëmerkenne sinn. Kuckt iech hei d’Fotoe vum leschte Joer un:









Fairtrade Breakfast

Als Fairtrade-Gemeng engagéiere mir eis, eisen Awunner∙innen de fairen Handel méi no ze bréngen an ze weisen, wat dat bedeit, wann een op Produiten aus fairem Handel zeréckgräift. Dës Sensibiliséierung geschitt ënnert anerem duerch Eventer, wéi de Fairtrade Breakfast den 23. Mee 2025 virun der Gemeng zu Bieles. D’Zil ass et, de Public iwwert Fairtrade opzeklären an ze weisen, dass et Alternativen zu enger ganzer Partie Produite ginn.
 
Fairtrade heescht och, dass d’Baueren, déi d’Rohstoffer ugebaut hunn, ënnert mënschewierdegen Aarbechtskonditioune schaffen, e faire Mindestpräis kréien an an eng Sozialprimm fir Gemeinschaftsprojeten investéieren. Nieft Kaffi, Téi, Banannen a Croissante goufen et och vegan Kuche mat Fairtrade Ingredienten.
 
Op dësem Freideg war och d’Vertriederinne vum Gemengerot an eng Partie Leit vum Gemengepersonal bis laanscht komm. Mir soe jidderengem Merci, dee bis laanscht komm ass.
 
 



 
 

Stéierung un der Fernheizungsliwwerung

Et kann zu Stéierungen an der Fernheizungslieferrung kommen de Méinden, de 26. Mee, an den Dënschden, de 27. Mee 2025, tëscht 7:30 a 15:00 Auer. Betraff si just d’Bewunner∙innen, déi un de SUDCAL-Reseau ugebonne sinn, haaptsächlech am Quartier Belval.
 
D’Ekipp vu SUDCAL setzt alles drun, fir d’Dauer an den Impakt vun den Ënnerbriechungen esou kleng wéi méiglech ze halen. Fir all weider Froen oder Informatiounen, kënnt Dir SUDCAL kontaktéieren um +352 27 845 447 oder per E-Mail op service.sudcal@aio.lu.
 
 

E Moment vun Erënnerung a Respekt

Den 19. Mee 2025 huet d’Gemeng Suessem nees un der järlecher Gedenkfeier zesumme mat der Amicale des anciens prisonniers an de Famillje vun de Verschwonnene vum Lager Natzweiler-Struthof deelgeholl.
 
Um 11.00 Auer gouf ee Blummekranz am Kierfecht zu Déifferdeng néiergeluecht – a Gedenken un d’Affer vum Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof, dat 1941 als eenzegt Lager vun dësem Typ um haitege franséischen Territoire am Elsass vum Nazi-Regime opgeriicht gouf. Tëscht de ville verschleefte Persounen aus ganz Europa goufen och siwe lëtzebuergesch Resistenzler den 19. Mee 1944 op der Sandsteeschéier vum Lager op brutal Aart a Weis higeriicht.

  • François Goldschmit (Déifferdeng)
  • Marcel Jung (Déifferdeng)
  • Ernot Lorang (Bieles)
  • Edouard Morbé (Rëmeleng)
  • Georges Tholl (Esch-Uelzecht)
  • Albert Ungeheuer (Déifferdeng)
  • Charles Wiesen (Rëmeleng)

Andeems mir hinne gedenken, erweise mir hirem Courage, hirer Mënschlechkeet an hirem Affer eisen déifste Respekt. Dëse feierleche Moment huet och un d’Wichtegkeet erënnert, d’Wëssen an d’Bedeitung vun der Resistenz un déi jonk Generatioune weiderzeginn – eng Missioun, déi eis Gemeng mat Iwwerzeegung virundreift. D’Erënnerung däerf net nëmmen op ee Gedenkdag limitéiert bleiwen. Si lieft an den Erzielungen, déi mir weiderginn, an de Wäerter, déi mir verdeedegen – an an deene klenge Geste vun Zesummenhalt an eiser Solidaritéit.