Fir d’Maud Allar vu Suessem hätt d’Joer wuel net besser kënne ufänken. Déi 16-järeg Schwëmmerin huet beim Euro Meet an der Coque vum 26. bis 28. Januar 2024 en neien nationale Rekord opgestallt – 33,75 Sekonne bei iwwer 50 Meter Brasse. Seng beschten Zäit louch do viru bei 33,81. D’Nowuesstalent konnt soumat direkt a senger éischter Course vum Weekend iwwerzeegen.
D’Maud ka sech op eng erfollegräich Zukunft astellen: Nieft sengem Rekord am 50 Meter Brasse hält hatt zwee weider Rekorder am 100 Meter.
Am Interview mam Quotidien huet d’Maud veroden, dass hatt sech op en Neits fir d’Junior-Europameeschterschaften a Litauen qualifizéiere wëll. Dës ginn Ufank Juli lass. D’Gemeng Suessem dréckt d’Daumen a gratuléiert dir, Maud, fir dat supert Resultat beim Euro Meet.
Foto Copyright: Luis Mangorrinha Editpress / lequotidien.lu
Posts By: sarah
Neie Rekord um Euro Meet
German Design Awards 2024
Bei den German Design Awards de 26. Januar 2024 ass eise Pavillon, deen un déi historesch Source Bel-Val erënnere soll, ausgezeechent ginn. D’Bauwierk am Park um Belval huet an der Kategorie „Conceptual Architecture“ e Präis ofgeraumt. D’Jury begrënnt hir Decisioun domat, dass „duerch de kreesronnen Design an d’Verwendung vun Holz als Plattform souwéi d’Verkleedung vun der Fassad wierkt de Pavillon frëndlech, modern an alueden“. Weider heescht et, dass de Pavillon net just viru Sonn schützt, mee dass bei Reen d’Waasser opgefaangen an op deem Wee Ressourcë geschützt ginn.
D’Auszeechnunge vum German Design Council éieren déi beschte Realisatioune vun Hiersteller·innen a Gestalte·innen an de Beräicher Architektur, Interieur- a Produktdesigns a Kommunikatiounskonzepter. Innovativ Designs sti säit 2011 am Mëttelpunkt vun der Präisverdeelung.


