Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet
Ënnert der Leedung vum Tara Jung, eiser Responsabeler vum Service Senior+, huet d’Gemeng Suessem fir eng zweete Kéier eng Éischt-Hëllef-Formatioun an der mentaler Gesondheet fir hir Mataarbechter·innen organiséiert. An de Sessiounen am Laf vum Mäerz ass et drëm gaange fir d’Verständnis vu mentale Pathologien ze verbesseren. Jiddereen·t krut Informatiounen an Hëllefsstellunge mat op de Wee, fir psychesch Krankheete besser ze verstoen, se ze erkennen a Betraffenen eng Éischt Hëllef unzebidden.
Méi Informatioune ginn et op follgender Säit: Detailer iwwert Éischt-Hëllef-Coursen an der mentaler Gesondheet
Falls dir een·t kennt oder selwer Hëllef braucht, kënnt dir iech un SOS Détresse wenden, si bidden iech ënnert der Nummer 45 45 45 eng anonym a vertraulech Hëllef. Dir kënnt och de Site 454545.lu consultéieren a si do kontaktéieren. Zousätzlech Infoe ginn et och op llhm.lu.
D’Gemeng organiséiert déi nämmlecht Formatioun fir hir Awunner·innen. D’Plaze fir d’Sessiounen am Fréijoer si schonn all besat, et kann een·t sech awer nach fir d’Hierschtsessioun bis den 20. September fir 50€ umellen.
D’Formatioun gëtt op Lëtzebuergesch A Gadder (10, Rue de France, L-4446 Bieles) vun 18.30 bis 21.30 Auer ofgehalen:
- den 30. September 2024
- de 7. Oktober 2024
- de 14. Oktober 2024
- den 21. Oktober 2024
Dir kënnt iech iwwer service.secd@suessem.lu aschreiwen a vergiesst net unzeginn, ob dir d’Buch, dat fir d’Formatioun gebraucht gëtt, op Franséisch oder Däitsch wëllt hunn.