Autonom Navett um Belval
Et ass sou wäit: No den néidegen Tester kënnt déi éischt autonom Navett bei eis an d’Gemeng. Vum 7. Mee 2024 u fiert eng Navett vun den CFL an dem Hiersteller Ohmio um Belval. Déi éischt Testfaarte ginn nach ouni Passagéier·inne gemaach.
Déi éischt Navette kruten d’CFL am Mäerz 2023 a koumen um CFL-Terminal um Multimodal-Site zu Beetebuerg-Diddeleng a bei IEE zu Biissen an den Asaz. An den nächste Woche wäert de Shuttle dann um Belval e ganzen Testprogramm duerchlafen, wou d’Verhale vum Gefier an ënnerschiddleche Verkéierssituatiounen analyséiert gëtt.
D’Navette sinn esou equipéiert, dass si ëmmer en 360-Grad-Iwwerbléck hunn an domat genee gesinn, wat ronderëm si ass.
Hei kënnt dir iech e Video vum Gefier ukucken: autonom Navett