D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem freet sech, datt mir däi Virwëlz fir den Nuetsrallye 2026 erwächt hunn. Op dëser Säit fënns du e puer nëtzlech Informatiounen zum Oflaf fir dech, deng Ekipp an däi Veräin.
Theema dëst Joer: Mëttelalter
– Ob Team Adel, Klerus oder Bauer, et erwaarde mëttelalterlech Spiller an Challengen op dech an deng Ekipp. Et kënnt bei dëser Editioun drop u sech gutt anzedeelen an déi richteg Entscheedungen ze treffen
Wat? Wou? Wéini?
– Den Nuetsrallye ass samschdes, de 17. Oktober 2026
– Umeldeschluss ass den 11. Oktober 2026
– Depart ass um 18.30 Auer Auer. Check-in ass ab 18.00 Auer op der Plaz. Rendez-vous an Depart ass dëst Joer an der Sportshal vum Kannercampus Belval op 1, Passage Pablo Picasso, L-4457 Belvaux
– De Rallye dauert ongeféier 5 Stonnen
– Iwwert dem Wee gi flott Spiller organiséiert. Um Enn gëtt et eng grouss Final mat alle Participanten
– Fir e klenge Präis kritt dir op der Plaz eppes z’iessen an ze drénken
– Äre Bidon kennt dir de ganzen Owend nees opfëllen; wie kee Krunnewaasser wëll, kritt natierlech och eppes aneres
Konditiounen?
– All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
– De Mindestalter ass 12 Joer.
– All Ekipp muss mindestens ee Responsabelen hunn dee méi wéi 18 Joer huet
– Exklusiv fir Gruppe mat Jonke bis 30 Joer!
– D’Participatioun kascht 5 € pro Persoun
– No Ärer Umeldung kritt dir eng Confirmatioun vun eis geschéckt mat allen Donnéeë fir d’Participatioun ze bezuelen
– Nom Paiement ass är Umeldung fix
Wat soll där onbedéngt matbréngen?
– Fest Schung
– Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn (Opgepasst, et geet duerch de Bësch!)
– Täscheluuchten (d’Luucht vum Handy geet net duer)
– Handy
– Powerbank fir den Handy
– Warnwesten
– Block
– Bicker
– Bidon fir mat Waasser ze fëllen
Falls du Loscht hues, bei eisem Nuetsrallye matzemaachen, da mell dech an deng Ekipp esou schnell wéi méiglech un, well d’Plaze sinn op 12 Ekippe begrenzt. All weider Detailer kriss du dann dono vun eis per Mail.
Du hues Froen? Da schreif der Jugendkommissioun op jugend@suessem.lu.
Note: Är perséinlech Donnéeën ginn just fir dësen Event benotzt an vertraulech behandelt. Nom Event ginn alleguerten är Donnéeën erëm gelëscht.Sollt ee Member wëlle seng Rechter ausübe wéi beim Reglement (UE) 2016/679 virgesinn, sou kann heen dëst iwwer d’E-Mail dpo@suessem.lu oder iwwer Courrier op d’Gemeng.