Signalez-le
Démarches et Annuaire
Résultats de recherche pour : {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulaires
Documents

Signalez-le

  • Taille max. des fichiers : 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.

Nuetsrallye 2023

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem freet sech, datt mir däi Virwëlz fir den Nuetsrallye 2023 erwächt hunn. Op dëser Säit fënns du e puer nëtzlech Informatiounen zum Oflaf fir dech, deng Ekipp an däi Veräin.

Dëst Joer nei: Den Nuetsrallye fënnt a Cluedo-Form statt. Niewent de vereenzelte Spiller kënnt Dir extra Punkte sammelen andeems Dir e Mordfall léist. 

Wat? Wou? Wéini?
– De Nuetsrallye ass den 30. September 2023
Umeldeschluss ass de 15. September 2023
– Depart ass tëschent 17.30 an 17.45 Auer. Check-in ass ab 17.00 Auer op der Plaz. Rendez-vous an Depart ass dëst Joer an de Gäert Matgesfeld zu Bieles (Parking an Adress: Cimetière de Belvaux). Fir déi Leit déi mam Bus komme sollten, bei der Schoul zu Bieles (Arrêt Belvaux, Postschoul) halen d’Tice-Linen 3 a 15.

– De Rallye dauert ongeféier 4 Stonnen
– Iwwert dem Wee gi flott Spiller gemaach an de Recht gitt der owes gewuer
– Fir e klenge Präis kritt dir op der Plaz eppes z’iessen an ze drénken
– Äre Bidon kennt dir de ganzen Owend nees opfëllen; wie kee Krunnewaasser wëll, kritt natierlech och eppes aneres

Konditiounen?
– All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
– De Mindestalter ass 12 Joer. Fir déi Leit ënner 18 Joer brauche mär eng Autorisatioun vun den Elteren
– All Ekipp muss mindestens ee Responsabelen hunn dee méi wéi 18 Joer huet

–  Dëst Joer nei: Exklusiv fir Gruppe mat Jonken ënner 26 Joer! D’Hallschent vun de Participanten muss ënner 26 Joer al sinn
–  Dëst Joer nei: D’Gruppen aus der Gemeng Suessem gi prioritär behandelt

– D’Participatioun kascht 5 € pro Persoun
– No Ärer Umeldung kritt dir eng Confirmatioun vun eis geschéckt mat allen Donnéeë fir d’Participatioun ze bezuelen
– Nom Paiement ass är Umeldung fix

Wat soll där onbedéngt matbréngen?
– Fest Schung
– Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn (Opgepasst, et geet duerch de Bësch!)
Täscheluuten (d’Luucht vum Handy geet net duer)
– Handy
– Powerbank fir den Handy
– Warnwesten
– Block
– Bicker
– Bidon fir mat Waasser ze fëllen
– E bësse Cash

Falls du  Loscht hues, bei eisem Nuetsrallye matzemaachen, da mell dech an deng Ekipp esou schnell wéi méiglech un, well d’Plaze sinn op 12 Ekippe begrenzt. All weider Detailer kriss du dann dono vun eis per Mail.

Note: Är perséinlech Donnéeën ginn just fir dësen Event benotzt an vertraulech behandelt. Nom Event ginn alleguerten är Donnéeën erëm gelëscht.Sollt ee Member wëlle seng Rechter ausübe wéi beim Reglement (UE) 2016/679 virgesinn, sou kann heen dëst iwwer d’E-Mail dpo@suessem.lu oder iwwer Courrier op d’Gemeng.