Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: david

Jean-Pierre Schlesser neie Member vum Gemengerot

Um Mëttwochmëtteg, 08. September 2021, ass de Jean-Pierre Schlesser (LSAP) als neie Member vum Gemengerot vereedegt ginn.

De 57-järege pensionéierten Employé privé vun Zolwer trëtt d’Successioun vum Nadine Tornambé-Duchamp un, déi hire Posten no 11 Joer am Déngscht vun de Suessemer Bierger ofleet.

Fir de Jean-Pierre Schlesser ass et no 2011-2017 dat zweet Mandat am Suessemer Gemengerot.

Aarbechten um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng

De Méindeg, 30. August 2021 start e gréissere Chantier um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng.
Fir eng Dauer vu méi wéi dräi Joer
ass d’Strooss hannert der Gare Käerjeng-Suessem gespaart. Den Accès op d’Gare bleift weiderhi garantéiert.
Eng Deviatioun mat roude Luuchte geet duerch d’Rue de la Continentale an d’Industriezone Robert Steichen.

Accessibel bleift de Boulevard J-F Kennedy just fir Bewunner, Liwweranten an d’Rettungsdéngschter. Am Kader vun dësen Aarbechte kréien och d’TICE-Linnen 3, 13, 14 a 15 en neien Horaire.

Chantier an der Bieleser Strooss zu Zolwer

D’Gemeng Suessem deelt mat, datt d’Firma Bonaria et Frères Aarbechten un de CREOS-Leitungen an der Bieleser Strooss zu Zolwer virgesäit.

Ufank vun der éischter Phas: freides, de 16. Juli 2021
Dauer vun den Aarbechten: bis freides, den 30. Juli 2021

Ufank vun der zweeter Phas: freides, den 30. August 2021
Dauer vun den Aarbechten: bis dënschdes, de 14. September 2021

Tëschent der Kräizung vun der Déifferdenger Strooss an der Bieleser Strooss bis bei d’Schoul 2000 gëtt eng Einban ageriicht. Eng Deviatioun iwwert d’Dickskopp ass gezeechent.

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert wgl. eise Service Technique um 59 30 75 – 477 oder per Email op secretariat.technique@suessem.lu.

Appel à témoignages : Etude sur les ressortissants de pays tiers à Sanem

Vous êtes un ressortissant de pays tiers installé sur la zone de Sanem, Belvaux, Soleuvre et Ehlerange, racontez-nous votre parcours !

En lien avec la Commune de Sanem, nous souhaitons donner la parole aux ressortissants de pays tiers (à statut légal), à intégrer leurs besoins, leurs aspirations voire leurs requêtes afin d’émettre des pistes d’action pour enrichir un vivre-ensemble et une participation locale.

Ainsi, nous serions très intéressés à vous rencontrer dans un local de la commune de Sanem ou en visio (Skype, Zoom) pour échanger avec vous sur votre parcours résidentiel, votre ressenti sur les dispositifs mis en place et l’accès aux informations, ainsi que sur vos relations familiales, amicales et professionnelles au Luxembourg.

 

Nos disponibilités pour le mois de mai sont les suivantes :

– Les 06 et 07 de 14h à 18h ;
– Les 10 et 11 de 10h30 à 18h ;
– Les 17,18, 20 et 21 de 10h30 à 18h ;
– Les 27 et 28 de 10h30 à 18h ;

Dans le cas où ces dates et horaires ne conviendraient pas et si vous souhaitez davantage d’informations, n’hésitez pas à nous contacter et nous ferons en sorte d’être disponible et à votre écoute !

Adresse mail de contact : cridacker@ecotransfaire.eu et tamaraldossantos@ecotransfaire.eu

 

Nous pouvons faire cet entretien en français, en anglais, en portugais ou en espagnol.

Nous veillerons à respecter les gestes barrières et le port du masque, tout au long de notre rencontre.

Par avance, nous vous remercions pour le temps que vous nous consacrerez pour répondre à nos questions et faire avancer cette étude.

Cet appel à témoignages s’effectue dans le cadre du Fond « Asile, Migration et Intégration » (AMIF) du Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région, dans lequel EcoTransFaire mène un projet de recherche sur l’« Identification et intégration des ressortissants de pays tiers à la vie du pays pour une meilleure résilience et participation » en lien avec la Commune de Sanem.

 

Aarbechten an der Déifferdengerstrooss zu Zolwer

D’Gemeng Suessem deelt mat, dass d’Firma Costantini Aarbechten an der Déifferdengerstrooss wéi och der  Scheierhaffstrooss zu Zolwer virgesäit.

A fënnef Phase gëtt hei d’Ofwaasserkanalisatiounsnetz erneiert an et ass eng Dauer vun 380 Schaffdeeg virgesinn. De Verkéier gëtt dem Verlaf vun den Aarbechten ugepasst.

Phas 1 – ab dem 22. Februar 2021

An enger éischter Phas, déi ronn sechs Wochen dauert, gëtt tëschent der Déifferdengerstrooss an der N32 (Deelstéck fir a Richtung Z.I. Gadderscheier) eng Einban ageriicht. Vum Scheierhaff erof gëtt eng Deviatioun duerch d’rue Emile Mayrisch ageriicht. Den Accès vum Scheierhaff a Richtung Gadderscheier a weider op d’Collectrice bleift bestoen.

Am Kader vun dësen Aarbechte gëtt och d’TICE-Linn 15 duerch d’rue Emile Mayrisch ëmgeleet. Doduerch entfalen d’Arrête Kuss, Cité Scheierhaff an Emile Mayrisch. Ersatzarrêten ginn tëschent de Nummeren 8 an 10 an der Scheierhaffstrooss an op 51 an der Déifferdengerstrooss ageriicht.

 

Phas 1

Komplette Chantier

 

 

Mam Ruff Bus an den Impfzenter

Wosst Dir schonns, datt de Ruff Bus wärend der kompletter Impfcampagne och den neien Impfzenter Belval ufiert?

Niewent de siwe bis ewell bekannten Destinatiounen an der Gemeng an Ëmgéigend, kënnt Dir elo also och Ären Trajet an den Impfzenter um Belval buchen.

Rufft einfach op der Gratisnummer 8002 20 20 un.

Reservéiert esou fréi wéi méiglech, awer net méi spéit wéi 45 Minutte virum gewënschte Start.

All d’Informatiounen iwwert de Ruff Bus fannt Dir hei: Ruff-Bus-Informatiounen

 

Adress:

Centre de Vaccination Belval

Maison des matériaux / Bâtiment Nord

30, avenue des Hauts-Fourneaux

L-4365 Esch-sur-Alzette

 

Glasdreckskëscht antauschen

Vum 04. Januar 2021 un, kënnt Dir Är al Glasdreckskëschten (40l) eemoleg a gratis géint eng nei brong Poubelle antauschen.

Dës nei Kiwwelen op Rieder faasse bis zu 120l an erliichteren net nëmmen Äert Liewen, mee och dat vun den Aarbechter, déi se eidel maachen.

Fir Commercen a Residencë ginn et och Poubelle mat engem Volume vun 240l.

 

 

Schoulbuet 2020/2021

Fannt hei all d’Informatiounen zum Schouljoer 2020/2021 op ee Bléck:

Schoulbuet 2020/2021

Luxembourg Pride Week 2020: Visibilitéit fir d‘LGBTIQ+ Communautéiten an der Gemeng Suessem

Wärend der Luxembourg Pride Week 2020 erstraalt d’Gemeng Suessem vum 4. bis den 12. Juli an de Reeboufaarwen an der Nuecht, an am Dag sinn d’Pride-Fändele gehisst. Heimat wëlle mir den LGBTIQ+ Communautéiten eis Ënnerstëtzung ausdrécken. LGBTIQ+ steet fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans*, intersexuell, queer an all weider sexuell Orientatioun.

D’ILGA-Europe, d‘International Lesbian and Gay Association, huet Lëtzebuerg an hirem Rainbow Europe-Klassement 2020 op Plaz 3 vun 49 europäesche Länner agestuuft. Trotz der gudder Positioun bleiwen awer nach Baustellen, un deene geschafft muss ginn. Eng vun den Associatioune bei eis am Land, déi sech fir d’LGBTIQ+ Communautéiten asetzt, ass d’Asbl Rosa Lëtzebuerg.

Rosa Lëtzebuerg organiséiert dëst Joer hir traditionell Luxembourg Pride Week ënnert engem neie Format. Wat virun 21 Joer mat engem Dag an engem Informatiounsstand op der Place d’Armes an der Stad ugefaangen huet, ass haut e Festival vun enger Woch mat engem Ofschlossmarsch duerch d’Uelzechtstrooss zu Esch. Duerch d’Covid-19-Pandemie, fënnt d’Luxembourg Pride Week déi éischte Kéier online, ënnert dem Motto Du bass net alleng, statt.

D’LGBTIQ+ Communautéit ass immens vulnerabel. Et gi Jonker, déi doheem net akzeptéiert ginn. Si fanne sech net méi erëm, well se am Confinement och nach doheem isoléiert ginn. An dëser Situatioun kënne si net einfach an e Jugendgrupp goen, a sinn doduerch eleng an op sech gestalt.“, erkläert de Laurent Boquet, Member vum Conseil d’Administration vu Rosa Lëtzebuerg an Organisateur vun der Luxembourg Pride Week.

 

En Thema, wat quasi onsichtbar ass, sinn eeler homosexuell Persounen, déi keng Famill, keng Kanner a kee Partner hunn. Da kommen och nach all déi Leit, déi aus hirer Heemecht fortlafe wëllen, well se do gefoltert, verfollegt an ëmbruecht gi wéinst hirer sexueller Orientatioun oder geschlechtlecher Identitéit. Och si hunn eng zousätzlech Barrière duerch de Covid-19 kritt a fille sech eleng a konnten net fortlafen. Zudeem gëtt et och nach d’Situatioun vun den DPIen a BPIen (Demandeurs a Bénificiaires de Protection internationale), déi iwwert déi Zäit mat anere Leit zesummeliewe missten, déi eng ganz aner Mentalitéit hu wéi mir hei zu Lëtzebuerg. An der Struktur hu si sech erëm misse verstoppen, wéi se dat schonn an hirer Heemecht hu misse maachen. Dat heescht, et ginn nach vill Baustellen, wou ee feststelle kann, dass déi Leit einfach eleng sinn.“, esou de Laurent Boquet. Et geet also net nëmmen drëm d’Einsamkeet unzeschwätzen, mee och déi Leit visibel ze maachen, déi an eiser Gesellschaft oft onsichtbar sinn.

D’Ophänke vun engem Pride-Fändel an d’Beliichte vum Gemengegebai ass just e klenge Schratt, deen dozou bäidroe soll, dass d‘LGBTIQ+ Communautéite sech net méi ze verstoppe brauchen an als selbstverständlech ugesi solle ginn. D’Associatioun wënscht sech fir déi kommend Joeren, dass d’Visibilitéit an d’Akzeptanz weider wuesse wäerten. D’Gemeng Suessem schléisst sech gären dem Haaptmessage vu Rosa Lëtzebuerg un, un all déi, déi seng eleng fillen: „Dir sidd net eleng. Mir sinn do.

 

D’Programmatioun vun der Luxembourg Pride Week kënnt dir hei fannen: http://gaymat.lu/Lu/pride-week-2020/

 


 

Service à l’Égalité des chances et Diversité :

Annick Spellini
Tél : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu