Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
08/07/2020

Luxembourg Pride Week 2020: Visibilitéit fir d‘LGBTIQ+ Communautéiten an der Gemeng Suessem

Wärend der Luxembourg Pride Week 2020 erstraalt d’Gemeng Suessem vum 4. bis den 12. Juli an de Reeboufaarwen an der Nuecht, an am Dag sinn d’Pride-Fändele gehisst. Heimat wëlle mir den LGBTIQ+ Communautéiten eis Ënnerstëtzung ausdrécken. LGBTIQ+ steet fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans*, intersexuell, queer an all weider sexuell Orientatioun.

D’ILGA-Europe, d‘International Lesbian and Gay Association, huet Lëtzebuerg an hirem Rainbow Europe-Klassement 2020 op Plaz 3 vun 49 europäesche Länner agestuuft. Trotz der gudder Positioun bleiwen awer nach Baustellen, un deene geschafft muss ginn. Eng vun den Associatioune bei eis am Land, déi sech fir d’LGBTIQ+ Communautéiten asetzt, ass d’Asbl Rosa Lëtzebuerg.

Rosa Lëtzebuerg organiséiert dëst Joer hir traditionell Luxembourg Pride Week ënnert engem neie Format. Wat virun 21 Joer mat engem Dag an engem Informatiounsstand op der Place d’Armes an der Stad ugefaangen huet, ass haut e Festival vun enger Woch mat engem Ofschlossmarsch duerch d’Uelzechtstrooss zu Esch. Duerch d’Covid-19-Pandemie, fënnt d’Luxembourg Pride Week déi éischte Kéier online, ënnert dem Motto Du bass net alleng, statt.

D’LGBTIQ+ Communautéit ass immens vulnerabel. Et gi Jonker, déi doheem net akzeptéiert ginn. Si fanne sech net méi erëm, well se am Confinement och nach doheem isoléiert ginn. An dëser Situatioun kënne si net einfach an e Jugendgrupp goen, a sinn doduerch eleng an op sech gestalt.“, erkläert de Laurent Boquet, Member vum Conseil d’Administration vu Rosa Lëtzebuerg an Organisateur vun der Luxembourg Pride Week.

 

En Thema, wat quasi onsichtbar ass, sinn eeler homosexuell Persounen, déi keng Famill, keng Kanner a kee Partner hunn. Da kommen och nach all déi Leit, déi aus hirer Heemecht fortlafe wëllen, well se do gefoltert, verfollegt an ëmbruecht gi wéinst hirer sexueller Orientatioun oder geschlechtlecher Identitéit. Och si hunn eng zousätzlech Barrière duerch de Covid-19 kritt a fille sech eleng a konnten net fortlafen. Zudeem gëtt et och nach d’Situatioun vun den DPIen a BPIen (Demandeurs a Bénificiaires de Protection internationale), déi iwwert déi Zäit mat anere Leit zesummeliewe missten, déi eng ganz aner Mentalitéit hu wéi mir hei zu Lëtzebuerg. An der Struktur hu si sech erëm misse verstoppen, wéi se dat schonn an hirer Heemecht hu misse maachen. Dat heescht, et ginn nach vill Baustellen, wou ee feststelle kann, dass déi Leit einfach eleng sinn.“, esou de Laurent Boquet. Et geet also net nëmmen drëm d’Einsamkeet unzeschwätzen, mee och déi Leit visibel ze maachen, déi an eiser Gesellschaft oft onsichtbar sinn.

D’Ophänke vun engem Pride-Fändel an d’Beliichte vum Gemengegebai ass just e klenge Schratt, deen dozou bäidroe soll, dass d‘LGBTIQ+ Communautéite sech net méi ze verstoppe brauchen an als selbstverständlech ugesi solle ginn. D’Associatioun wënscht sech fir déi kommend Joeren, dass d’Visibilitéit an d’Akzeptanz weider wuesse wäerten. D’Gemeng Suessem schléisst sech gären dem Haaptmessage vu Rosa Lëtzebuerg un, un all déi, déi seng eleng fillen: „Dir sidd net eleng. Mir sinn do.

 

D’Programmatioun vun der Luxembourg Pride Week kënnt dir hei fannen: http://gaymat.lu/Lu/pride-week-2020/

 


 

Service à l’Égalité des chances et Diversité :

Annick Spellini
Tél : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu

Zréck