Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
23/03/2022

D’Bielesser Post plënnert op de Belval

Méindes, de 25. Abrëll 2022, plënnert de Post-Büro vu Bieles an den Akafszenter Belval Plaza. Do gëtt dësen en Deel vum neien “Espace POST”, dee sämtlech Produkter a Servicer vu POST Luxembourg ubitt. Op dës Manéier ginn d’Post- an d’Finanz-Servicer, déi bis elo zu Bieles ugebuede goufen, duerch d’Offere vu POST Telecom completéiert. Doniewent sinn d’Ëffnungszäite méi laang an och méi flexibel.

De Post-Büro zu Bieles mécht seng Diere freides, den 22. Abrëll 2022, definitiv zou.

Fir den Awunner·innen awer weider an der Géigend eng Méiglechkeet fir Post-Operatiounen unzebidden, mécht POST Luxembourg deemnächst ee “Point Post” zu Bieles op, méi präzis an der “Librairie de l’école” op Nummer 2, rue de l’Usine.

Wousst Dir schonn…

…datt Dir all Är Operatioune vun Ärem Compte Courant POST (Geld ophiewen, Versementen, Iwwerweisungen) a sämtlechen Agencë vun der Banque Raiffeisen maache kënnt.

… datt Äre Bréifdréier, op einfach Ufro an ouni zousätzlech Käschten, Iech follgend Servicer ubitt:

  • Boergeld vun Ärem Compte Courant POST opzehiewen an Iech dës Sue perséinlech (och a Form vu Rulloen) z’iwwerbréngen,
  • Äre Courrier am Fall vun enger Absence oder Plënner zeréckzehalen oder ëmzeleeden
  • Sech ëm d’Stempelen an d’Verschécke vun Äre Sendungen ze këmmeren, Iech Timberen, passend Verpackungen oder och nach “FollowMe”-Etiketten heemzebréngen.

Ouverture méindes, de 25. Abrëll 2022

Espace POST Belval Plaza
7, Avenue du Rock’N’Roll
L-4361 Esch/Uelzecht

Ëffnungszäiten :
Méindes-freides 09.00 – 19.00 Auer
Samschdes 09.00 – 18.00 Auer

 

Zréck