Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
13/11/2019

Benevolat am Foyer Dickskopp

“Joffer, kënns de haut spillen?”

D’Nadia Flamini brauch nëmme laanscht de Foyer Dickskopp ze spadséieren, scho kommen d’Kanner aus der Struktur fir Demandeurs de Protection Internationale bei si gelaf. Deen häerzlechen Empfang kënnt net vun ongeféier.

Si ass ee vun de Benevollen, déi bei d’Refugiéeën op Zolwer kommen a flott Aktivitéite fir déi Kleng tëscht 4 an 12 Joer organiséieren. Nach haut schwätzen d’Däbbesse vum Intefëschen op der Terrass virun e puer Méint.
 

„Si setze sech dohinner a kënne sech stonnelaang mat eppes beschäftegen. Et ass eng eenzeg Freed ze gesinn, wéi si sech entwéckelen“, sou déi engagéiert Fra, déi zanter engem Joer dobäi ass an duerch en Depliant vun der Gemeng drop opmierksam gouf. Genee wéi d‘Christiane Kler, déi nom Doud vun hirem Mann op eemol vill Zäit hat.

„An hire Kulturen hëllefen d’Kanner zwar doheem a maache Saachen, mee et gëtt sech net esou mat hinne beschäftegt, wéi mir dat bei eis gewinnt sinn. D‘Aktivitéite sinn dofir immens wichteg“, sou déi fréier Enseignante, déi duerch hir Enkelen Übung dran huet.
 

Et gëtt gebastelt, gespillt an och einfach matenee geschwat. Dënschdes an donneschdes waarden d’Kanner heiansdo schonn iwwert eng Stonn virum Rendezvous virun der Dier vum Aktivitéitssall, well si et net erwaarde kënnen. D’Carmen Leardini fënnt, dass een e Schrack op d’Leit duer maache muss.

„Ech hat nach ni virdrun esou eppes gemaach an hu selwer keng Kanner. Ech sinn einfach an d’kaalt Waasser gesprongen an hunn nëmme positiv Erfarunge gemaach“, sou d’Pensionärin, déi sech direkt nach emol fir ee Joer engagéiert huet.
 

An et ginn nach weider Fräiwëlleger gebraucht, déi am Foyer Dickskopp eng Hand mat upaken. Dozou gehéiert zum Beispill och d’Hausaufgabenhëllef fir de Fondamental. D’Ludmila Silverio vun der Croix-Rouge, déi sech ëm de Benevolat an der Struktur vum Office Luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration këmmert, präziséiert, dass och Leit gesicht ginn, déi den Erwuessenen individuell Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen an am Franséische kënne ginn, souwéi Informatikscoursen.

Am Beschten ass et, Kontakt opzehuele fir ze kucken, wéi ee sech am Déngscht vun der Saach kann abréngen. An der Rue Dickskopp ass Integratioun keen eidelt Verspriechen.
 

Tel.: 2755 – 5397
E-Mail: ludmila.silverio@croix-rouge.lu
 
Hei fannt dir de Questionnaire fir auszefëllen an zeréck ze schécken, wann Dir Iech umelle wëllt
 
 

Zréck