Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Wichteg Zuelen

  • Ufank vum Projet:
    29 July
  • Enn vum Projet:
    12 September
  • Käschten:
    76 000 €
  • Responsabel:
    Administration communale de Sanem, Sudgaz

Pilotsite Solarstrooss “Wattway”

D’Energiewend ass am Gaang an d’Eegeversuergung gëtt eng ëmmer méi wichteg Komponent an der Energielandschaft. Hei ass de Wattway eng vun de Léisunge fir lokal Energie ze produzéieren. Dës Strooss vun der Zukunft, déi ëmweltgerecht an intelligent ass, kann eng vun de Solutioune si lokal Energieautonomie z’erreechen.

Mat de Pilotsiten, déi et haut scho gëtt kënnen:

  • Opluetstatioune fir elektresch Autoe versuergt ginn
  • Stroum an d’Netz agespeist ginn
  • Unzeigetafelen alimentéiert ginn
  • Gebaier mat Stroum versuergt ginn
  • ëffentlech Beliichtung bedriwwe ginn, wann déi gesammelt Energie stockéiert gëtt

an dat alles ouni d’Landschaft ze stéieren, well sech de Wattway an dës integréiere léisst.

Am Fall vum Pilotsite an der Gemeng Suessem ass de Wattway um Parking hannert der Gemeng installéiert an mam Stroum, deen hei produzéiert gëtt kënnen d’Servere vun der Gemeng bedriwwe ginn.

Wichteg Daten iwwert de « Wattway »

Schlësseldate vun engem Module :

Gréisst vum Module (m): 1,398 * 0,69

Fläch vun engem Module  (m2): 0,96

Puissance vun engem Module (Wc): 115

Schlëssledate vum Projet Wattway zu Suessem:

Unzuel vu Modullen: 30

Installéiert Puissance (Watt): 3450

Stonne mat Maximalleeschtung (h/an): 920

Joresproduktioun (kWh): 3105

CO2- Aspuerungen: (t): 1,9 t/an

Zréck