Dës Manifestatioun fënnt ënnert dem Regimm CovidCheck statt. 1.500 Visiteuren dierfe maximal op de Site vum Suessemer Schlass.
De Summerfeeling ass zeréck am Park vum Suessemer Schlass an dëst samschdes, den 3. a sonndes, de 04. Juli 2021! Mat héichwäertegen Exposanten a fräiem Entrée.
Niewent engem Muart mat iwwer 50 Exposante suergt e Grupp Artiste fir Animatioun.
Genéisst och e gudde Maufel an eisem Food Village mat sechs ganz ënnerschiddleche Food Trucks, enger Cocktailbar an engem DJ.
Ëffnungszäiten: samschdes, den 3. Juli vun 11.00 bis 19.00 Auer & sonndes, de 4. Juli vun 10.00 bis 18.00 Auer.
CovidCheck Manifestatioun
Mam Vëlo op de Summerfeeling
Mam Bus op de Summerfeeling
Mat der Linn 13 vum TICE sidd dir vun Éilereng a manner wéi 10 Minutte beim Schlass. Och vun Esch, Käerjeng, Péiteng, Lamadelaine a Rodange kommt Dir mat der Linn 13 direkt bei d'Schlass.
Mat der Linn 3 vum TICE kommt Dir vun Esch iwwer Bieles an Zolwer bei d'Schlass. Ma och vu Käerjeng, Péiteng, Lamadelaine a Rodange gëtt dësen Arrêt ugefuer.